Tallinn

Haaptstad vun Estland From Wikipedia, the free encyclopedia

Tallinn

Tallinn ass d'Haaptstad an dee gréisste Séihafe vun Estland. Si läit um Finnesche Golf (engem Deel vum Baltesche Mier), eng 80 km südlech vun Helsinki.

Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Land, Buergermeeschter ...
Tallinn
Land Estland
Buergermeeschter Jüri Ratas
Awunner 457.572
  1. Januar 2024
Fläch 159,37 km²
Héicht 28 m
Koordinaten 59°26'14"N, 24°44'42"O
Telefonszon 64
Postcode 10111
Websäit https://www.tallinn.ee/
Zoumaachen

Kuckeswäertes

  • d'Nikolaikierch (estn.Niguliste kirik)
  • d'Helleg-Geescht-Kierch mat hire Konschtschätz aus dem spéide Mëttelalter vum Bernt Notke an dem Hermen Rode
  • d'Olaikierch
  • d'Stadhaus
  • d'Parlamentsgebai
  • d'Gilde-Haus (estn. Toompea), awer virun allem
  • déi orthodox Alexander-Newski-Kathedral. (Si gouf tëscht 1894 a 1900 gebaut an der Zäit, wou Estland nach e Deel vum russeschen Zareräich war an zitt haut nach ëmmer vill Visiteuren un.)

An der Stad selwer

D'Stad Tallinn huet de Charakter vun enger mëttelalterlecher Alstad behal. Ronderëm d'Stad sti Festungsmauere mat vill gutt erhalenen Tierm.

D'Stad Tallinn huet streng Bestëmmungen, wat d'Ëmwelt an d'Evakuatioun vun den Offäll ugeet an ass als déi propperst Stad vun Europa bekannt.

Ronderëm d'Stad

  • Um Stadrand läit d'Schlass Katharinental (estn. Kadriorg)
  • Am Perita-Staddeel, nordëstlech vum Stadkäer, läit de Jachthafen, dee vun engem Nolenbësch begrenzt gëtt. D'Plage donieft profitéiert am Summer vun engem staarken Zoulaf.
  • Eng Ofwiesslung ass de Besuch vun der Insel Naissaar an der Tallinner Bucht no beim Festland.
  • Ee Fernseetuerem (estn. Teletorn) mat senger Aussiicht-Plattform fir Visiteuren erlaabt eng schéin Vue op d'Stad, a bei guddem Wieder en Ausbléck bis op d'finnesch Küst.

Ënner UNESCO Protektioun

D'Alstad vu Tallinn steet zanter 1997 op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen

Thumb
Den Tallinner Hafen

Dichteg Tallinner

  • Neeme Järvi, Dirigent

Um Spaweck

Commons: Tallinn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.