Remove ads
lëtzebuergeschen Ekonomist From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernest Mühlen, gebuer den 8. Juni 1926 zu Ettelbréck, a gestuerwen den 19. Mäerz 2014[1],[2] am Ausland, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.
Ernest Mühlen | |
---|---|
Gebuer |
8. Juni 1926 Ettelbréck |
Gestuerwen | 19. Mäerz 2014 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Faculté de droit et des sciences économiques |
Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Journalist |
Partei | CSV |
Member vun | Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal |
No der Primärschoul an dem Lycée zu Dikrech huet den Ernest Mühlen zu Antwerpen op der staatlecher Handelshéichschoul (Licence en sciences commerciales et financières) an duerno zu Paräis op der Faculté de Droit (Docteur en sciences économiques) studéiert.
Vun 1952 bis 1973 war den Ernest Mühlen Haaptadministrateur bei der Montanunioun an uschléissend bei der Europäescher Kommissioun.
Vun 1973 u war hie fräie Finanzjournalist.
1973 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Vun 1979 bis 1982 war hien als Member vun der CSV Staatssekretär fir Finanzen an der Regierung Werner-Thorn. 1982 gouf hien, no enger Regierungëmbildung, Landwirtschaftsminister (bis 1984).
Vun 1984-1989 war hie Member vum Europaparlament (Europäesch Volkspartei). Vun 1989-1991 war hien Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber. Laang Jore war hien och Member vum Verwaltungsrot vum Verlagshaus Saint-Paul Luxembourg.
Vun 1991 bis 1996 huet hie Lëtzebuerg am Verwaltungsrot vun der Osteuropabank (BERD) zu London vertrueden.
Den Ernest Mühlen war Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal. Hie war och e Mataarbechter an den éischte Jore vun dëser Wikipedia.
Hie war bestuet an hat zwee Kanner.
Commons: Ernest Mühlen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.