Remove ads
Land vu Groussbritannien From Wikipedia, the free encyclopedia
Schottland (Englesch / Scots: Scotland, Schottesch-Gälesch: Alba) ass eent vun de véier Länner vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland. Schottland zitt sech iwwer de ganzen nërdlechen Drëttel vun der Insel Groussbritannien a grenzt am Süden un England.
Scotland (Englesch / Scots) Alba (Schottesch-Gällesch) | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch (de facto), Schottesch-Gälesch, Scots | ||||
Haaptstad: | Edinburgh | ||||
Staatsform: | Deel vu Groussbritannien | ||||
• Kinnek: | Charles III. | ||||
• Éischte Minister: | Humza Yousaf | ||||
Fläch: | 78 772[1] km² | ||||
Bevëlkerung: | 5 062 011[2] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 64,3/km² | ||||
Wärung: | Pond Sterling (£, GBP) | ||||
Zäitzon: | UTC +0 | ||||
Internet TLD: | .uk | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+44 | ||||
Schottland gëtt an dräi geographesch Regiounen agedeelt. Et sinn dat vun Norden no Süden: d'Highlands, de Central Belt an d'Southern Uplands.
De Central Belt an d'Southern Uplands ginn dacks ënner dem Begrëff Lowlands zesummegegraff. Lowlands ass keng strikt topographesch Kategorie, mä éischter en historesch-kulturellen Terme mat deem gemenkerhand alles gemengt gëtt wat net zu den Highlands gehéiert. Déi südlech geleeën, méi liicht zougänglech Lowlands hu vis-à-vis vum traditionelle gäleschen Héichland méi en englesche Cachet. Dat erkläert och munnech kulturell Ënnerscheeder tëscht den zwou schottesche Regiounen.[3]
Mat sengen 1.344 Meter ass de Ben Nevis bei Fort William net nëmmen den héchste Bierg vu Schottland, mä och vun de britteschen Inselen iwwerhaapt. Hie gehéiert zu de sougenannte Munrobierger.
Zu Schottland gehéieren och ronn 800 Inselen (130 dovu si bewunnt). Déi gréisst Inselgruppe sinn d'bannenzeg an d'bausseg Hebriden nordwestlech vun der schottescher Küst an d'Orkneyinselen am Norden. Nordëstlech vun Orkney an nëmmen 280 km vun de Faröer ewech, leien d'Shetlandinseln, den nërdlechsten Deel vum Vereenegte Kinnekräich.
D'Schotte stamen, ethnesch gesinn, vun den Angelsachsen, Kelten a Skandinavier of. Déi meescht schwätzen Englesch oder Lowland. Eng Minoritéit, haaptsächlech op de westlechen Inselen zu Irland zou, schwätzt nach schottesch Gälesch. Virun der Vereenegung mat England am Joer 1707 gouf Lowland Scots um Gericht an am schottesche Parlament geschwat.
Gutt zwee Drëttel vun de Schotte wunnen am Central Belt, d'Géigend tëscht de Groussstied Edinburgh a Glasgow.
Vgl. John Knox!
A Schottland gëllt d'brittescht Pond. D'Bank of Scotland, d'Royal Bank of Scotland, béid zu Edinburgh, an d'Clydesdale Bank zu Glasgow, ginn eege schottesch Schäiner eraus. Et gëtt Schwieregkeeten, fir déi 1-Pond-Schäiner an England lass ze ginn, well et do keng 1-Pond-Schäiner gëtt.
Commons: Schottland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.