Remove ads
US-amerikanesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lauren Bacall, gebuer als Betty Joan Perske de 16. September 1924 zu New York City, an och do gestuerwen den 12. August 2014, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Lauren Bacall | |
---|---|
Gebuertsnumm | Betty Joan Perske |
Gebuer |
16. September 1924 Bronx |
Gestuerwen |
12. August 2014 Manhattan |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | American Academy of Dramatic Arts |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schrëftsteller, Mannequin, Pressespriecher, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller, Sänger |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Humphrey Bogart, Jason Robards |
Kanner | Sam Robards |
Direkt grouss eraus am Kino koum d'Lauren Bacall mat der Haaptroll an hirem éischte Film vum Howard Hawks To Have and Have Not am Joer 1944. Den Hawks huet hir eng zweet grouss Roll am Film The Big Sleep (1946) ginn. Enner der Regie vum John Huston huet si am Joer 1948 a Key Largo hiren drëtte Film mam Schauspiller Humphrey Bogart gedréint.
Weider wichteg Filmer an hirer Karriär waren How to Marry a Millionaire (1953) vum Jean Negulesco mam Betty Grable a Marilyn Monroe, dann 1956 de Melodrame Written on the Wind vum Douglas Sirk mam Rock Hudson a Robert Stack, de Western The Shootist (1976) vum Don Siegel mam John Wayne an James Stewart an dann nach 2003 deen an enger minimalistescher Theaterdekoratioun gedréinte Film Dogville, vum Lars von Trier mam Nicole Kidman an Harriet Andersson.
Vun 1945 bis zu deem sengem Doud de 14. Januar 1957 war si mam Schauspiller Humphrey Bogart bestuet. Duerno vun 1969 bis zu hirer Scheedung am September 1969 war si mam Schauspiller Jason Robards bestuet.
Commons: Lauren Bacall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.