Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf den 7. Mäerz 2014 verdeelt.
D'Zeremonie vum 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 7. Mäerz 2014 am GoodBye Monopol 2, dem fréiere Lager vum Buttek Monopol op der Escher Strooss an der Stad Lëtzebuerg, organiséiert. De Gabriel Boisanté huet se viru 700 Gäscht animéiert.[1] De Grupp De Läb hat deen Owend en Optrëtt.[2]
15 Kuerzfilmer, 24 Koproduktiounen, 3 Laangfilmer, 10 Documentairen, 4 Animatiounsfilmer hunn ëm d'Präisser konkurréiert. Amplaz vun enger Jury hunn 2014 eng éischt Kéier déi 430 Membere vun der Filmakademie déi an hiren Ae bescht Filmer ausgewielt.[3]
Et war déi éischt Kéier, datt net méi all Persoun, déi fir d'Kategorië "Bescht kënschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" eligibel war a fir déi eng Kandidatur agereecht gouf, och automatesch nominéiert gouf. D'Organisateuren hunn eng Preselektioun getraff, an et goufe maximal 30 Persounen an all Kategorie nominéiert.[3] Eréischt mat der 9. Editioun (2021) gouf d'Zuel un Nominéierungen an all Kategorie op fënnef begrenzt. Dowéinst sinn 2014 nach ganzer 24 Produktiounen als bescht Fiktiouns-Koproduktioun nominéiert.
De Film Doudege Wénkel vum Christophe Wagner gouf an der Kategorie "Beschte Spillfilm" geéiert. De Film krut och de Präis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun, deen un de Schauspiller Jules Werner gaangen ass, a fir déi bescht technesch Kontributioun, deen un de Kameramann Jako Raybaut gaangen ass.
2014 goufen et och zwou Kategorie fir Animatiounsfilmer: eng fir Kuerfilmer an eng fir Spillfilmer. An där éischter gouf Mr Hublot geéiert, de scho virdru vill Präisser, dorënner den Oscar gewonnen hat.[4]
De "Prix du jeune espoir", deen et schonn 2009 net méi gouf, éier en 2012 zeréckkoum, gouf nees ofgeschaaft.
De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[5]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.