belsche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Leonard Clemence "Leo" Tindemans, gebuer e 16. Abrëll 1922 zu Zwijndrecht an der Provënz Antwerpen a gestuerwen de 26. Dezember 2014 zu Edegem, Provënz Antwerpen[1], war e belsche Politiker (CD&V, virdru CVP).
Leo Tindemans | |
---|---|
Gebuer |
16. Abrëll 1922 Zwijndrecht |
Gestuerwen |
26. Dezember 2014 Edegem |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun |
Kathoulesch Universitéit vu Léiwen, Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Journalist |
Hie war vum 25. Abrëll 1974 bis den 20. Oktober 1978 Premierminster vun zwou Regierungen. Virdru war hie vun 1965 bis 1973 Buergermeeschter vun Edegem, an tëscht 1968 an 1974 an diverse Regierungen noenee Minister fir Communautaire Affairen, fir Landwirtschaft a Mëttelstand, Vize-Premier a Minster fir Budget.
An den 1980er Jore war hien, an de Regierunge Martens V bis VIII, Ausseminster.
Hie gouf 1976 den éischte President vun der nei gegrënnter Europäescher Vollekspartei a krut dat Joer de Karlspräis. Vun 1979 bis 1981 a vun 1989 bis 1999 war hie Member vum Europäesche Parlament.
Commons: Leo Tindemans – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.