From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa (en.: Alliance of Liberals and Democrats for Europe Party; fr.: Alliance des libéraux et des démocrates pour l'Europe; de.: Allianz der Liberalen und Demokraten für Europa; kuerz ALDE) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si setzt sech aus iwwer 50 europäesche liberale Parteien zesummen, dorënner der lëtzebuergescher DP, de brittesche Liberal Democrats an der däitscher FDP.
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa | |
---|---|
Ofkierzung | ALDE |
President |
Timmy Dooley İlhan Küçük |
Gegrënnt | 26. Mäerz 1976 |
Parteizentral |
Rue Montoyer 31 1000 Bréissel Belsch |
Ideologien |
Liberalismus Konservative Liberalismus Soziale Liberalismus |
Politesch Positioun | Liberal |
Faarwen | Blo a Gold |
Europaparlament |
52/720 Sëtz |
Websäit | www.aldeparty.eu |
Si gouf de 26. Mäerz 1976 zu Stuttgart als Federatioun vu Liberalen an Demokratesche Parteien an Europa gegrënnt. 2004 gouf se dunn ënner dem Numm Europäesch Liberal, Demokratesch a Reformpartei och als Europapartei gegrënnt. Zënter dem 10. November 2012 huet si hiren aktuellen Numm.
Am Europaparlament ass d'ALDE-Partei zënter 2019 en Deel vun der Fraktioun Erneier Europa (Renew Europe), déi si zesumme mat der Europäescher Demokratescher Partei an aneren nationale Parteie bilt. 2019 hat déi Fraktioun hat am Juli 108 Deputéiert (14,38 %) am Europaparlament.[1] Nom Brexit, wéi déi brittesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verluer hunn, waren et der 101.
Commons: Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.