From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Coupe de Luxembourg am Foussball ass d'national Coupekompetitioun vun den éischte Seniorsekippen zu Lëtzebuerg. Den Tournoi gëtt vun der FLF organiséiert an zanter 1921/1922 gespillt. Keng national Coupe an och kee Championnat gouf et an den Okkupatiounsjoren 1941-44.
D'Coupe de Luxembourg ass e Wanderpokal; de Coupegewënner kritt, nieft Titel a Goldmedailen, och d'Trophée selwer mat an däerf se bis 6 Woche virun der nächster Coupefinall halen. Den zweete Finalist muss sech mat Sëlwer zefridde ginn.
D'Déifferdenger Red Boys huet d'Coupe de Luxembourg am dackste gewonnen. De fréieren[1] Traditiounsveräin aus dem Minett war 24-mol an der Finall an huet de Pokal 15 Kéieren däerfe matheemhuelen.
Analog zu der Coupe bei de Männer gouf an der Saison 2001/2002 eng Coupe de Luxembourg fir Dammenekippen agefouert.
D'Coupe de Luxembourg gëtt als Knockout-Tournoi gespillt. All Tur spillen d'Ekippen nëmmen ee Match deen dann och gläichzäiteg eng "kleng Finall" ass bei där nëmmen de Gewënner eng Ronn viru komme kann. Konnt no 90 Minutte keng Ekipp sech duerchsetzen, gëtt eng Verlängerung vun 2x15 Minutte gespillt. Steet et duerno ëmmer nach gläich, ginn Eelefmeter geschoss. Déi repektiv Matcher gi vun der FLF geloust. Gespillt gëtt um Terrain vun der Ekipp déi als éischte gezu ginn ass. Spillt e Veräin aus der Nationaldivisioun géint e Club aus enger anerer Divisioun, huet d'Ekipp aus der Divisioun drënner automatesch Heemvirdeel (gëllt bis zu der 1/8 Finall). D'Finall gëtt op neutralem Terrain gespillt.
All Ekipp aus dem lëtzebuergeschem Championnat däerf, wa se sech virdru bei der Federatioun ugemellt huet, matmaachen. Well awer d'Ënnerscheeder am Spill tëscht ieweschten an ënneschten Divisiounen net ëmmer kleng sinn, spillen net all d'Veräiner aus allen Divisioune vun Ufank un mat. Déi éischt zwéin Tier ginn just vun Ekippen aus der zweeter an drëtter Divisioun gespillt soudatt um Enn vun der zweeter Ronn nëmme méi 16 Veräiner aus den zwou ënneschten Divisioune mat dobäi sinn. An der drëtter Ronn kommen d'Clibb aus der Éischter Divisioun zum Zuch, de véierten Tour spillen d'Ekippen aus der Éierepromotioun mat. D'Veräiner aus der Nationaldivisioun kommen eréischt an der fënnefter Ronn mat an d'Spill, ginn awer sou gesat, datt se sech deen Tour net begéinen. Vun der 1/16 Finall un ass den Tournoi op an all d'Ekippe kommen an dat selwecht Dëppen.
Veräin | Coupegewënner | Finalist | Gewonnen an de Joren |
---|---|---|---|
Racing FC Union Lëtzebuerg | 22 | 25 | 2018, 2022 |
dovun als Racing Club Lëtzebuerg | 1 | 0 | 1922 |
dovun als Aris Bouneweg | 1 | 5 | 1967 |
dovun als Union Lëtzebuerg | 10 | 10 | 1947, 1959, 1963, 1964, 1969, 1970, 1986, 1989, 1991, 1996 |
dovun als Spora Lëtzebuerg | 8 | 8 | 1928, 1932, 1940, 1950, 1957, 1965, 1966, 1980 |
dovun als US Hollerech | 0 | 1 | |
FC Déifferdeng 03 | 18 | 10 | 2010, 2011, 2014, 2015 |
dovun als Red Boys Déifferdeng | 15 | 9 | 1925, 1926, 1927, 1929, 1930, 1931, 1934, 1936, 1952, 1953, 1958, 1972, 1979, 1982, 1985 |
dovun als AS Déifferdeng | 0 | 1 | |
Jeunesse Esch | 13 | 11 | 1935, 1937, 1946, 1954, 1973, 1974, 1976, 1981, 1988, 1997, 1999, 2000, 2013 |
F91 Diddeleng | 14 | 13 | 2004, 2006, 2007, 2009, 2012, 2016, 2017 |
dovun als US Diddeleng | 1 | 1 | 1939 |
dovun als Stade Diddeleng | 4 | 7 | 1938, 1948, 1949, 1956 |
dovun als Alliance Diddeleng | 2 | 1 | 1961, 1962 |
Avenir Beggen | 7 | 4 | 1983, 1984, 1987, 1992, 1993, 1994, 2002 |
Progrès Nidderkuer | 4 | 3 | 1933, 1945, 1977, 1978 |
CS Gréiwemaacher | 4 | 4 | 1995, 1998, 2003, 2008 |
Fola Esch | 3 | 1 | 1923, 1924, 1955 |
US Rëmeleng | 2 | 1 | 1968, 1975 |
Etzella Ettelbréck | 1 | 2 | 2001 |
CS Péiteng | 1 | 1 | 2005 |
FC Schifflange 95 als The National Schëffleng | 1 | 1 | 1960 |
Jeunesse Uewerkäerjeng | 1 | 0 | 1971 |
SC Téiteng | 1 | 0 | 1951 |
Swift Hesper | 1 | 0 | 1990 |
FC Monnerech | 0 | 2 | |
FC CeBra 01 | 0 | 1 | |
UN Käerjéng 97 | 0 | 1 | |
FC Wolz 71 | 0 | 1 | |
Olympique Äischen | 0 | 1 | |
Racing Rodange | 0 | 1 | |
Red Star Märel-Belair | 0 | 1 |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.