Remove ads
lëtzebuergesche Foussballclub From Wikipedia, the free encyclopedia
Den FC Wolz 71 (offiziell F.C. Wiltz 71) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Wolz. De Veräin ass 1971 aus der Fusioun vun de Clibb aus der Wëlzer Gemeng, der Union Sportive Niederwiltz vun Nidderwolz an dem Gold a Ro'd Wiltz vu Wolz selwer entstanen. 1976 huet sech dunn nach de Foussballclub vu Wegdichen, d'Arminia Weidingen dem Fusiounsveräin ugeschloss.
Wolz 71 | ||||
Offiziellen Numm: | Football Club Wiltz 71 | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Rout-Wäiss | |||
Grënnung: | 1971 | |||
Stadion: | Poetz, Wegdichen | |||
Plazen: | 2 000 | |||
President: | Michael Schenk De Romain Schneider ass Éierepresident. | |||
Trainer: | Dan Huet (säit 2016/17) | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 11. Plaz | |||
|
D'éischt Ekipp vu Wolz ass 1972/73 an d'éischt Divisioun, 1978/79 dunn an d'Éierepromotioun gestigen. 1981/82, nëmmen eng zéng Joer no der Fusioun, hunn déi Wëlzer hir éischt Saison Nationaldivisioun gespillt. Zanterhier ass de Club zwar véiermol aus der ieweschter Divisioun erausgerutscht (1985, 1987, 1992, 2001), huet sech awer meeschtens ni ze laang an der Éierepromotioun opgehalen[1] a bis ewell ëmmer nees den Opstig zeréck an d'Nationaldivisioun gepackt. An der Saison 2015/16 huet de Veräi fir d'lescht an der BGL Ligue gespillt.
Gréisste Succès an der Veräinsgeschicht war d'Erreeche vun der Coupefinall 2000/2001 an där sech um Enn awer d'Ettelbrécker Etzella mat 5-3 duerchsetze konnt.
Wolz huet nach ni bei enger europäescher Clubkompetitioun matmaache kënnen.
D'Championnatsmatcher vun der éischter Ekipp goufe bis Oktober 2015 um Terrain Géitzt zu Nidderwolz gespillt. Den Terrain war am Ganze fir 2 000 Leit zougelooss, wouvunner 500 Plaze Stéiplazen op der Tribün waren. Net wäit vum Haaptterrain ewech louch en zweeten Terrain mat syntheeteschem Wues. Dës Terraine maache Plaz fir e Wunnquartier.
De 25. Oktober 2015 huet de Veräi fir déi éischt Kéier um neien Terrain Poetz zu Wegdiche gespillt.[2] Nieft dem Haaptterrain, sinn op dësem Sportkomplex nach zwee weider Trainingsterrainen, dovun ee mat syntheeteschem Wues.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.