Remove ads
lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Thillens, gebuer den 30. Mäerz 1957, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller, Foussballtrainer a Commissaire du Gouvernement.[1]
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Foussballspiller. Fir de lëtzebuergesche Basketballspiller, kuckt wgl. Robert Thillen. |
Robert Thillens | |
---|---|
Gebuer | 30. Mäerz 1957 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Tëscht dem 12. November 1975 am 21. September 1977 huet de Robert Thillens dräimol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
Am Veräinsfussball huet de Robert Thillens tëscht 1973 an 1991 fir den FC Wolz 71 a fir d'Young Boys Dikrech gespillt.[3] Vun 1987 bis 1989 war hie Spillertrainer zu Dikrech[4], vun 1989 bis 1991 huet hien den FC Wolz 71 trainéiert.[5]
Vun 2012 bis 2018 war de geléierte Sportsprof Robert Thillens "Commissaire du gouvernement à l'Education physique et aux Sports" ënnert dem deemolege Sportminister Romain Schneider.[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.