BGL Ligue (Lëtzebuerg)

From Wikipedia, the free encyclopedia

BGL Ligue (Lëtzebuerg)
Remove ads
Remove ads

D'BGL Ligue ass déi iewescht Spillklass am lëtzebuergesche Foussballchampionnat vun den éischte Seniorsekippen (Männer). Si gëtt no hirem Haaptsponsor der BGL genannt. Déi éischt Oplag vun der BGL Ligue war an der Saison 2007/08.

BGL LIGUE
Thumb
Federatioun: FLF
Éischt Saison: 2007/2008
Ekippen: 16
Aktuelle Champion: CS Fola Esch
Rekordchampion: F91 Diddeleng (5)
Rekordspiller:[1] Denis Scuto (424)
Meescht Goler:[1] Armin Krings (255)

Historesch gekuckt gëtt zu Lëtzebuerg zanter 1909/1910 e Championnat an der ieweschter Spillklass vun der Foussballfederatioun organiséiert.

Net gespillt gouf an der Saison 1912/13 an an de Krichsjoren 1941-1944. Ënner der däitscher Okkupatioun ass d'Federatioun vun den Nationalsozialisten opgeléist, an d'nationaalt Championnat ofgeschaaft ginn. D'Veräiner aus der ieweschter Divisioun goufen an de Fußballgau Mosel agegliddert. An engems hunn d'Nimm vun all de Clibb missen agedäitscht ginn. No der Liberatioun vun 1945 gouf en improviséiert Championnat als Coupe gespillt, d'Coupe de la Liberation. Clibb aus dem Éislek waren net mat dobäi.

Spillmodus an Numm sinn am Laf vun der Zäit e puermol geännert ginn. Tëscht 1909 an 1912 huet déi héchst Divisioun Klass A geheescht, vun 1913 bis 1932 war et d'Éischt Divisioun an tëscht 1932-1957 gouf se Éierepromotioun genannt.

Fir d'Saison 1957/58 krut d'héchst Spillklass dunn den Numm Nationaldivisioun.

Den 31. Juli 2007 huet d'FLF e Kontrakt mat der Fortis Bank Lëtzebuerg als Haaptsponsor a privilegéiertem Partner fir d'Liga gemaach. D'Ofkommes fixéiert eng finanziell Ënnerstëtzung déi virop den Nationaldivisiounsveräiner ze gutt komme soll[2] a gëllt fir véier Saisonen. Och wann d'Nummrechter un der Divisioun an engems mat verkaaft goufen, ännert sech näischt un der Zuel vun de Clibb oder de Spillmodalitéite wéi dat fir d'lescht fir d'Saison 2006/2007 de Fall war. D'Zuel vun den Ekippe gouf deemools vis-à-vis vun de Saisone virdru vun 12 op 14 gehéicht an de komplexe System mat Play-Off-Gruppen ass an engems mat ofgeschaaft ginn. Zanter der Saison 2021/22 gëtt mat 16 Ekippe gespillt.

Remove ads

Saison 2018/2019

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Ekippen

An der Saison 2023/2024 spille 16 Ekippen aus der Nationaldivisioun fir de Champion.

Spillmodus

D'Championnat geet iwwer eng Saison an huet zesummen 26 Spilldeeg. Et gëtt -mat enger Wanterpaus dertëscht- an zwéin Tier gespillt. Jiddwer Ekipp spillt am Laf vun der Saison zwéi Matcher géint all eenzel aner Ekipp, eng Kéier um eegenen Terrain an eng Kéier auswäerts.

Bei enger Victoire gëtt et dräi Punkten, gëtt gläichgespillt, kritt all Ekipp just nëmmen ee Punkt. D'Punkte ginn zesummegezielt an an engem Tabelleklassement gelëscht.

Déi Ekipp, déi um Enn vum Championnat op éischter Plaz am Klassement steet, ass lëtzebuergesche Champion. D'Ekippen op de Plazen 13 a 14, falen aus der Nationaldivisioun eraus a spillen d'Saison drop an der Éierepromotioun. D'Ekipp op der 12. Plaz muss en décisive Barrage-Match géint den Drëttplazéierten aus der Éierepromotioun spillen. De Gewënner qualifizéiert sech fir d'Nationaldivisioun, d'Ekipp déi verléiert, spillt déi aner Saison Éierepromotioun.

Remove ads

Lëtzebuerger Championen zanter 1910

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Méi Informatiounen Saison, Champion ...

Championen der Zuel vun den Titelen no

Jeunesse Esch 28 1921, 1937, 1951, 1954, 1958, 1959, 1960, 1963, 1967, 1968, 1970, 1973, 1974, 1975, 1976, 1977, 1980, 1983, 1985, 1987, 1988, 1995, 1996, 1997, 1998, 1999, 2004, 2010
Racing FC Union Lëtzebuerg 28
dovun als Racing Luxemburg 1 1910
dovun als Sporting Club Luxemburg 1 1911, 1919
dovun als US Hollerich/Bonneweg 5 1912, 1914, 1915, 1916, 1917
dovun als CA Spora Luxembourg 11 1925, 1928, 1929, 1934, 1935, 1936, 1938, 1949, 1956, 1961, 1989
dovun als Union Lëtzebuerg 6 1927, 1962, 1971, 1990, 1991, 1992
dovun als Aris Bouneweg 3 1964, 1966, 1972
F91 Diddeleng 26 2000, 2001, 2002, 2005, 2006, 2007, 2008, 2009, 2011, 2012, 2014, 2016, 2017, 2018, 2019, 2022
dovun als Stade Dudelange 10 1939, 1940, 1945, 1946, 1947, 1948, 1950, 1955, 1957, 1965
CS Fola Esch 8 1918, 1920, 1922, 1924, 1930, 2013, 2015, 2021
FC Déifferdeng 03 6
dovun als Red Boys Déifferdeng 6 1923, 1926, 1931, 1932, 1933, 1979
Avenir Beggen 6 1969, 1982, 1984, 1986, 1993, 1994
Progrès Nidderkuer 3 1953, 1978, 1981
CS Grevenmacher 1 2003
FC Schëffleng 95 1
dovun als The National Schifflange 1 1952
Remove ads

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. Vun 1945/1946 bis 2005/2006. Source Archivéiert de(n) 23.02.2007. Gekuckt de(n) 12.03.2007.
  2. Dräivéirels aus der Sponsoringkees vun der Fortis Bank sollen direkt un d'Veräiner goen. D'Somme déi all eenzel Veräin ze gutt huet, ass bis ewell net gewuer ze ginn. Quell: Interview mam FLF-President Paul Philipp am Artikel A l'aube d'une nouvelle ligue (Le Quotidien, 3. August 2007)
  3. De Sporting Club Déifferdeng huet 1919 den Numm gewiesselt a bis zu der Fusioun mat der AS Déifferdeng 2003 FA Red Boys Déifferdeng geheescht.
  4. Der FLF no gouf 1926/27 vum Numm hier net d'Union, mä US Hollerech-Bouneweg Champion, US Hollerech-Bouneweg war awer schonn 1925 mat der Jeunesse Sportive Verluerekascht zu der Union Lëtzebuerg fusionéiert. Source FLF: Champions de 1910 à 2005 (PDF)
  5. D'Coupe de la Libération war keen offiziellt Championnat, gëtt hei awer -fir komplett ze sinn- matgezielt.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads