Péiteng gëtt fir d'éischt am Joer 938 an enger Charta historesch ernimmt an zwar ënner dem Numm "Perdgitten". Dem Professer Jos. Meyers no kënnt den Numm Péiteng vum Numm vun der fränkescher Sipp "Petto" hier. Am Laf vun der Geschicht huet Péiteng verschiddenen Herrschafte gehéiert.
04. Abrëll1281: Péiteng krut vum Heinrich V., genannt de Blonden, Grof vu Lëtzebuerg, a vum Rudolph, Här vu Sterpenich, de Fräiheetsbréif nom béimesche Recht. Duerch dëse Fräiheetsbréif goufen d'Awunner vu Péiteng fräi Bierger, déi sech selwer hunn däerfte verwalten ënner der Herrschaft vum Grof vu Lëtzebuerg.
15. Mee1938: Aweiung vum haitege Stadhaus op där Plaz, wou virdrun d'Schlass stoung.
11. Mee1940: Franséisch Granate falen op Péiteng. Eng Famill wëllt sech am Keller vun der Parkschoul a Sécherheet bréngen. Wéi se am Schoulhaff waren, explodéiert eng Granat nieft hinnen. De François Hahn, seng Fra Marguerite an hire Jong René stierwen op der Plaz. Et waren déi éischt zivil Affer vu Péiteng. Eng Gedenkplack am Schoulhaff erënnert u si.
Den 9. September1944 ass Péiteng, als éischt Uertschaft vu Lëtzebuerg, vun den amerikaneschen Truppe befreit ginn. Bei dëser freedeger Geleeënheet ass den éischten amerikaneschen Zaldot op Lëtzebuerger Buedem, den Hyman S. Josephson, gefall. Him zu Éiere gouf um haitege Square Hyman S. Josephson zu Péiteng e Monument opgeriicht.
Den 9. August 2019 ass en Tornado duerch Péiteng gezunn, dee vill Schued ugeriicht huet.
Péiteng läit un de Linne 70 a 60 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Uertschaft ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N 5, N 5b, N 5c, N 5f, N 31 an den CR111.
Soss ass se nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE, wat fréier eng Tramsstreck war.
D'Amerikanermonument mat engem M8 Greyhound. Et war dat éischt amerikanescht Gefier dat den 9. September1944 op Lëtzebuerger Buedem vun der Wehrmacht zerstéiert gouf. Dobäi ass och den éischten amerikaneschen Zaldot, den Hyman S. Josefson, op Lëtzebuerger Buedem gefall.