1938

Joer From Wikipedia, the free encyclopedia

1938

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1938.

Thumb
12. Mäerz: Anschluss vun Éisträich un d'Däitscht Räich (hei: Amarsch vun der Wehrmacht zu Innsbruck).
Thumb
D'Däitscht Räich no der Annexioun (hellblo) vun Éisträich an dem Sudenteland.

Evenementer

Europa

  • uechtert d'Joer: De Spuenesche Biergerkrich dauert un.
  • 01. Januar: Am Däitsche Räich gi jiddesch Dokteren aus dem Krankekeesesystem ausgeschloss; d'Patiente kréien e Besuch bei hinnen net méi rembourséiert.
  • 01. Januar: Judden an Däitschland däerfe keen Eenzelhandelsgeschäft oder Handwierksbetrib méi féieren.
  • 05. Januar: Per Gesetz musse Judden an Däitschland en "typesch jiddeschen" Numm droen.
  • 04. Februar: Den Adolf Hitler ernennt sech selwer zum Oberbefehlshaber vun der däitscher Wehrmacht.
  • 15. Februar: Bei enger Regierungsëmbildung an Éisträich kommen d'Nationalsozialisten Arthur Seyß-Inquart an Edmund Glaise-Horstenau an d'Regierung.
  • 20. Februar: Bündnerromanesch gëtt véiert Landessprooch an der Schwäiz.
  • 11. Mäerz: Den éisträichesche Bundeskanzler Kurt Schuschnigg trëtt zeréck. Den Nationalsozialist Arthur Seyß-Inquart forméiert eng nei Regierung.
  • 12. Mäerz: Däitsch Truppe besetzen Éisträich. Offiziell sinn 99 % vun der Bevëlkerung fir den Anschluss.
  • 21. Mee: D'tschechoslowakesch Regierung mobilisiéert d'Arméi.
  • 25. Juni: Den Dichter Douglas Hyde gëtt deen éischte President vun [[Irland
  • 08. August: Zu Mauthausen gëtt dat éischt KZ an Éisträich gebaut.
  • 17. September: Op Uerder vum Hitler gëtt d'Sudetendeutsches Freikorps gegrënnt, dat an de Wochen drop an der Sudetenkris staatlech Ariichtunge vun der Tschechoslowakei iwwerfält.
  • 27. September: Jiddesch Affekoten an Däitschland verléieren op den 30. November 1938 hir Autorisatioun fir ze schaffen.
  • 29. September: Münchener Ofkommes: D'Tschechoslowakei gëtt gezwongen, d'Sudetengebidder un Däitschland ofzetrieden. Frankräich, Groussbritannien an Italie stëmmen dëser Annexioun zou.
  • 01. Oktober: däitsch Truppe marschéieren an d'Sudeteland an.
  • 27. Oktober: 17.000 polnesch Judden, déi an Däitschland liewen, ginn a Polen deportiert.
  • 09. November: "Reichskristallnacht" an Däitschland; 400 Synagoge ginn a Brand gestach, iwwer 7000 jiddesch Geschäfter ginn ausgeraibert a ronn 30000 Judde ginn a Konzentratiounslagere verschleeft.
  • 12. November: Verordnung zur Ausschaltung der Juden aus dem deutschen Wirtschaftsleben; D'"Ariséierung". ass ofgeschloss.
  • 14. November: Jiddesch Schüler däerfen an Däitschland net méi an d'Schoul goen.

Afrika

Amerika

USA

Südamerika

Asien

  • uechtert d'Joer: Zweete Japanesch-Chineesesche Krich.
  • 12. Juli: Sowjetesch Truppe besetzen een Deel vum japanesche Vasallestaat Mandschukuo (Mandschurei).

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Wëssenschaft an Technik

Sport

  • 16. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:6 géint Ungarn.[1]
  • 30. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:4 géint Frankräich.[2]
  • 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar an de Gusty Kemp geschoss.[3]
  • 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wuppertal 1:2 géint Däitschland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Libar geschoss.[4]
  • 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Arel 3:9 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar (2) an de Paul Feller geschoss.[5]
  • 15. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Mailand 0:4 géint Italien.[6]
  • 18. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Schwäiz. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Meyer geschoss.[7]

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1938 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.