Remove ads
lëtzeburgesche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Cornel Meder, gebuer den 23. September 1938 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 2. Juli 2018[2], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Lokalpolitiker, Schrëftsteller, Literaturkritiker an Editeur.
Cornel Meder | |
---|---|
Gebuer |
23. September 1938 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 2. Juli 2018 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Literaturkritiker, Editeur |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Kanner | Charles Meder |
De Cornel Meder ass zu Rëmeleng opgewuess an zu Esch an de Jongelycée gaangen. Hien huet dunn zu Lëtzebuerg, Léiwen, Bonn, Paräis an Tübingen studéiert. Duerno war hie Stagiär fir Däitsch am Escher Jongelycée a gouf duerno Professer fir Däitsch an Direkter vum Lycée technique Mathias Adam zu Péiteng a vum Collège d'enseignement moyen zu Diddeleng, deemools eng "Annexe" vum LTMA-P, wou hie sech fir eng polyvalent Schoul agesat huet.
Vun 1987 bis 2003 war hien Direkter vum Lëtzebuerger Nationalarchiv an huet mat zu der Grënnung vum Nationale Literaturzentrum zu Miersch bäigedroen.
Hie war, vum 29. Dezember 1977 bis den 31. Dezember 1999, Member vum Staatsrot.[3]
De Cornel Meder war den Editeur vun den Zäitschrëften impuls, doppelpunkt, MOL, Galerie, Direkter vum Centre Culturel vun Déifferdeng a Sekretär vun den Amis de Colpach.
Vun 1981 bis 2002 war hie fir d'LSAP am Déifferdenger Gemengerot[4].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.