brittesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dame Enid Diana Elizabeth Rigg, DBE, gebuer den 20. Juli 1938 zu Doncaster an England a gestuerwen den 10. September 2020, war eng englesch Schauspillerin.
Diana Rigg | |
---|---|
Gebuertsnumm | Enid Diana Elizabeth Rigg |
Gebuer |
20. Juli 1938 Doncaster |
Gestuerwen |
10. September 2020 London |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Universitéitsprofesser, Theaterschauspiller, Schauspiller |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Archie Stirling |
Liewenspartner(in) | Philip Saville |
Si ass international virun allem duerch hir Roll als Emma Peal an der Televisiounsserie The Avengers (1965-1968: de.: Mit Schirm, Charme und Melone; fr.: Chapeau melon et bottes de cuir) bekannt, eng schlagfäerdeg, modern Fra, déi net op de Mond gefall ass, an déi d'Virbild vu spéidere Fiktiounsfigure sollt ginn.
Am Kino hat se Rollen a Filmer wéi On Her Majesty's Secret Service (1969; als dem James Bond seng Fra), oder der Agatha-Christie-Verfilmung Evil Under the Sun. Si huet och an enger ganzer Rëtsch Tëleesserien a -filmer matgespillt. Méi Succès hat s'am Theater, wou se vun 1959 bis 1971 mat der, resp. fir, d'Royal Shakespaere Company gespillt huet, an dono Member vum National Theatre of Great Britain war.
Hir Duechter Rachael Stirling (* 1977) ass och Schauspillerin.
Commons: Diana Rigg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.