Remove ads
US-amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den George Ellery Hale, gebuer den 29. Juni 1868 zu Chicago, a gestuerwen den 21. Februar 1938 zu Pasadena a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom.
George Ellery Hale | |
---|---|
Gebuer |
29. Juni 1868 Chicago |
Gestuerwen |
21. Februar 1938 Pasadena |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Massachusetts Institute of Technology |
Aktivitéit | Astronom, Journalist, Astrophysiker, Physiker |
Member vun | Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino |
Schonn als Student vun den Naturwëssenschaften huet den George Ellery Hale intensiv den Himmel a senger Fräizäit observéiert.
Vun 1846 u war hie Professer fir Astrophysik zu Chicago. Hien huet beim Lake Geneva deen no sengem Mäzen genannte Yerkes-Observatoire gebaut a vun 1895 bis 1905 geleet.
Fir d'Carnegie-Stëftung huet hie vun 1902 un d'Sonnenobservatoiren um Mount Wilson-Observatoire bei Pasadena opgeriicht. Hie war vun 1904 bis 1923 den Direkter vun deem Observatoire.
Den George Ellery Hale war de Grënner an Editeur vun den Zäitschrëften "Astronomy and Astrophysics" (1892) an "Astrophysical Journal" (1895).
1908 huet hie Magnéitfelder vun de Sonneflecken entdeckt an huet hiren Afloss op d'Atmosphär vun der Äerd ënnersicht.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.