10. Abrëll: De Fliger vun enger polnescher Delegatioun, um Wee op déi siwwenzegjäreg Erënnerungsfeier vum Massaker vu Katyn, fält beim Landen zu Smolensk erof. Et gëtt 96 Doudeger, dorënner de polnesche President Lech Kaczyński, polnesch Deputéiert, e puer héich Offizéier a Familljemembere vun Affer vum Massaker.
12. a 25. Abrëll: D'Parlamentswalen an Ungarn gi mat 67,9% vun de Stëmme vun der rietskonservativer Fidesz-Partei mam Viktor Orbán gewonnen. Hie gëtt den 29. Mee zum Premier ernannt.
15. Abrëll: D'Eruptioun vum Vulkan ënner dem Eyjafjallajökull op Island leet fir e puer Deeg de komplette Fluchverkéier iwwer Nordwesteuropa brooch. Och an de Wochen duerno kënnt et ëmmer nees zu punktuelle Späre vum Loftraum.
28. an 29. Mee: Bei Parlamentswalen an der Tschechescher Republik verléieren déi konservativ ODS an d'sozialdemokratesch CSSD staark zu Gonschte vun zwou neigegrënnte Parteien, der TOP 09 an der VV. De Petr Nečas gëtt Premierminister.
09. Juni: Virgezunne Parlamentswalen an Holland, nodeem d'Regierung ënner dem Jan Peter Balkenende den 20. Februar am Sträit iwwer e Réckzuch vun hollänneschen Zaldoten aus Afghanistan zeréckgetruede war. Stäerkst Parteie ginn déi liberal VVD (31 Sëtz) d'sozialdemokratesch PvdA (30 Sëtz) an déi rietspopulistesch Partij van de Vrijheid (PVV) mat 24 Sëtz.
13. Juni: Virgezunne Wale fir d'nationaalt Parlament vun der Belsch; a Flandern gëtt déi separatistesch N-VA mat iwwer 30% vun de Stëmmen (27 Sëtz vun am Ganzen 150) déi stäerkst Partei, a Wallounien, mat och iwwer 30%, d'Sozialistesch Partei. Et sollt bis de 5. Dezember 2011 dauren, bis eng nei Regierung zustane koum - ouni d'NVA.
08. Juli: D'Iveta Radičová (SDKÚ-DS) gëtt Premierministesch an der Slowakei, nodeem den 12. Juni bei de Parlamentswalen d'sozialdemokratesch SMER vum amtéierende Ministerpresident Robert Fico zwar déi stäerkst Partei gi war, d'Regierungskoalitioun awer hir Parlamentsmajoritéit verluer hat.
19. September: No de Parlamentswalen a Schwede bleift dem Premierminister Fredrik Reinfeldt seng Mëtt-riets-Koalitioun bestoen, huet awer keng Maloriéit am Parlament.
02. Oktober: D'Koalitiounsparteie vum lettesche Premier Valdis Dombrovskis senger Regierung gi bei de Parlamentswalen däitlech confirméiert, trotz oder wéinst den Austeritéitsmesuren, déi se huet missen an de Méint virdru wéinst der Finanz- a Wirtschaftskris huelen.
14. Oktober: Dem Mark Rutte seng Minoritéitsregierung vu VVD an CDA gëtt vereedegt; si ass am Parlament op d'Stëmme vum Geert Wilders senger PVV ugewisen.
28. November: Bei virgezunnene Parlamentswale a Moldawien gëtt déi pro-europäesch Regierungsallianz confirméiert.
28. November: Bei de Presidentschaftswalen an der Côte d'Ivoire gewënnt den Alassane Ouattara, den amtéierende President Laurent Gbagbo refuséiert, zeréckzetrieden; et kënnt zu engem méintlaange Biergerkrich, ier de Gbagbo den 11. Abrëll 2011 gefaange geholl gouf.
20. Abrëll: Duerch eng Explosioun op der Pëtrols-Buerplattform Deepwater Horizon, bei där 11 Leit ëm d'Liewe kommen, lafe bis de 4. August, wou d'Lach definitiv gestoppt gëtt, am Ganze 5 Millioune Barrel Äerdueleg an de Golf vu Mexiko.
Mëttel- a Südamerika
12. Januar: En Äerdbiewe vun der Stäerkt 7 an Haiti, no bei der Haaptstad Port-au-Prince, mécht iwwer 212.000, warscheinlech bis zu 300.000 Doudesaffer a grad sou vill Blesséierter.
07. Abrëll: Kirgisistan: No Protester mat iwwer 50 Doudegen a groussen Zerstéierungen an der Haaptstad flücht de President Kurmanbek Bakijev, d'Oppositioun iwwerhëlt d'Muecht.
14. Abrëll: Bei engem Äerdbiewen an der Provënz Qinghai am Nordweste vun der Volleksrepublik China kommen iwwer 2.000 Mënschen ëm d'Liewen, méi wéi 12.000 ginn der blesséiert, dovun 1.394 schwéier.
D'Jeunesse Esch gewënnt de Championnat am Foussball.
03. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint den Aserbaidjan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[3]
04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Hesper 0:0 géint Färoer Inselen.[4]
11. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Llanelli 1:5 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Kim Kintziger geschoss.[5]
07. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Tirana, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:1 géint Albanien.[7]
08. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:0 géint Wäissrussland.[8]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Metz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[9]
17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Algerien.[10]