De Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin (russ.: Виктор Степанович Черномырдин, wëss. Transliteratioun Viktor Stepanovič Černomyrdin), gebuer den 9. Abrëll 1938 zu Tschorny Otrog, Oblast Tschkalow, a gestuerwen den 3. November 2010 zu Moskau, war e russesche Politiker.
Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin | |
---|---|
um G8-Sommet am Juli 2006 | |
Gebuer | 9. Abrëll 1938 |
Gestuerwen |
3. November 2010 Moskau |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Russland, UdSSR |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Ekonomist, Geschäftspersoun, Deputéierten an der Duma |
Partei | Eist Haus Russland, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Onofhängeg, Eenegt Russland |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Den Tschernomyrdin war vu senger Ausbildung hir e Wirtschaftsingenieur.
Vun 1967 bis 1973 war hie Parteifonctionnaire an der KPvdSU. Duerno gouf e Vizechefingenieur, a méi spéit Direkter vun engem Kombinat, dat Äerdgas verschafft huet. Vun 1985 bis 1989 war e Minister fir d'Gasindustrie vun der Sowjetunioun a vun 1989 bis 1992 President vum staatleche Gaskonzern Gazprom.
1992 gouf den Tschernomyrdin vum President Boris Jelzin zum Ministerpresident vun der Russescher Federatioun ernannt. Hie blouf dat bis an de Mäerz 1998.
Vu Juni 1999 bis Juni 2000 war den Tschernomyrdin President vum Comité de Surveillance vu Gazprom, déi an der Tëschenzäit an eng Société anonyme ëmgewandelt gi war. Vum Mee 2001 bis de Juni 2009 war den Tschernomyrdin Ambassadeur vu Russland an der Ukrain. Duerno gouf e Conseiller vum russesche President Dmitri Medwedew.[1]
Um Spaweck
Commons: Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Biographie
- Biographie op Biografija.ru
- Russischer Ex-Regierungschef gestorben. Tages-Anzeiger, 3. November 2010
Referenzen
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.