COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg

Pandemie zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg
Remove ads

D'COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg trëtt zënter Enn Februar 2020 als en Deel vun der weltwäiter COVID-19-Pandemie op, déi am Dezember 2019 als Epidemie zu Wuhan, Provënz Hubei, Volleksrepublik China ugefaangen huet, an den 11. Mäerz 2020 offiziell vun der WHO als Pandemie erkläert gouf. D'Otemweeërkrankheet COVID-19 gëtt vum Virus SARS-CoV-2 aus der Grupp vun de Coronaviren (Coronaviridae) verursaacht. Déi lescht Pandemie war d'H1N1-Pandemie, déi sougenannt Schwéngspescht, an de Joren 2009/10.

Séier Fakten Geographie, Krankheet ...
Remove ads
Thumb
Entwécklung vun der Pandemie zu Lëtzebuerg

D'COVID-19-Krankheet ass den 29. Februar 2020 fir d'éischt zu Lëtzebuerg nogewise ginn, wéi e 40 Joer ale Mann mam Fliger aus Norditalien iwwer de Fluchhafe Charleroi zeréck op Lëtzebuerg koum a positiv op SARS-CoV-2 getest gouf.

Am Ufank vun der Pandemie huet Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, an deenen am Rapport zur Bevëlkerung am meeschten Tester gemaach goufen[1],[2]. Lëtzebuerg hat och mat der Zuel vun Infizéierten op 1 Millioun Awunner héichgerechent den héchsten Taux an der Europäescher Unioun, a louch am Ufank vun der Kris weltwäit ënner den top 5, hannert dem Vatikan, San Marino an Andorra[3]. Beim Letalitéitstaux (Undeel vun den Infizéierten, déi gestuerwe sinn) ass et genee ëmgedréint. Wat den Undeel op d'Gesamtbevëlkerung vun deene Leit betrëfft, déi un oder mam Virus gestuerwe sinn (Mortalitéitstaux)[4], sou läit Lëtzebuerg Enn 2020, mat 500 Fäll (eng 64 pro 100.000 Awunner) am Mëttelfeld vun den europäesche Länner[5].

Eng Studie vum LISER huet no 2 Joer Pandemie gewisen, datt Fraen a Männer ënnerschiddlech getraff goufen: Wärend Männer statistesch gesinn e méi héije Risiko vun engem schwéiere Verlaf haten, krute Fraen déi sozio-ekonomesch Konsequenze méi staark ze spieren. Homeoffice, Homework an Homeschooling hu besonnesch Frae belaascht. Doriwwer eraus stellen d'Frae de Gros am Gesondheets- a Fleegesecteur duer an iwwerhuelen och onbezuelt Fleeg- a Betreiungsaufgaben.[6][7]

Remove ads

Meilesteng

De 7. Abrëll huet déi National Eethikkommissioun hir Positioun Repères éthiques essentiels lors de l'orientation des patients dans un contexte de limitation des ressources thérapeutiques disponibles due à la crise pandémique du COVID-19 verëffentlecht[8].

Bis de 26. August 2020 ware 7.928 Residenten an Net-Residenten positiv op Covid-19 getest ginn. Et goufe bis dohin 741.807 PCR-Tester[9] gemaach an am Ganze goufe 476.421 Persoune getest. 124 Persounen hunn d'Krankheet net iwwerlieft[4]. 7.140 Persoune goufen als geheelt erkläert.

Vum 27. August 2020 u verëffentlecht d'Santé just nach d'Zuelen, déi sech op d'Residente bezéien[10].

Zanter dem 31. Mäerz 2020 ënnersicht de LIST d'Ofwaasser aus 13 Kläranlagen op d'Presenz vum SARS-CoV-2-Virus a verëffentlecht e wëchentleche Rapport. Mat dëser Recherche huet d'Regierung niewent de klineschen Tester eng zousätzlech Informatiounsquell iwwer d'Verbreedung vum Virus am Land[11],[12],[13]. Am Rapport 76 vum 3. Juni 2021 mellt de LIST, datt eng Rei Kläranlagen e "flux covid" hunn, deen negativ ass, resp. een, deen esou niddreg ass, datt e bal net méi nogewise ka ginn.[14]

Zanter Januar 2020 huet science.lu, déi Lëtzebuerger Wëssenschaftssäit fir déi breet Ëffentlechkeet, reegelméisseg Artikele zum Virus SARS-COV-2 an zur Krankheet COVID-19 verëffentlecht[15].

Den 28. Dezember 2020 huet zu Lëtzebuerg d'Impfcampagne ugefaangen.

Den 1. Januar 2021 goufe méi wéi 500 Stierffäll gezielt an de 27. Januar 2021 gouf den Taux vu 50.000 infizéierte Residenten iwwerschratt.

Den 9. Februar 2021 ass déi 600. Persoun un oder mam COVID gestuerwen.

De 15. Februar 2021 gouf den 2.000.000. PCR-Test gemaach.

De 17. Februar 2021 gouf déi 50.000. geheelte Persoun gezielt.

Den 20. Mee 2021 waren 100.000 Awunner vollstänneg geimpft.

De 16. Juni 2021 gouf den 3.000.000ste PCR-Test bei Residente gemaach.

De 17. Juni 2021 gouf déi 200.000st Persoun vollstänneg geimpft.

Iwwer Nationalfeierdag gouf déi 500.000 Impfdosis gesprëtzt.

Den 20. Juli 2021 gouf déi 300.000st Persoun vollstänneg geimpft an de 26. Juli 2021 waren iwwer 50 % vun den Awunner geimpft.

Vum 1. Januar 2021 bis den 22. Juli 2021 goufen et 26.210 Neiinfektiounen. Vun deene ware 24.630 Persounen (93,97 %) net geimpft. 765 Persounen (2,92 %) hunn sech infizéiert, obwuel se vollstänneg geimpft waren an 815 Persounen (3,11 %) hunn sech no der éischter Impfdosis nach infizéiert.[16]

Den 18. September 2021 gouf deen 3,5 Milliounste PCR-Test gemaach.

Den 21. September 2021 gouf déi 400.000st Persoun vollstänneg geimpft.

De 17. Dezember 2021 gouf déi Milliounsten Impfdosis gesprëtzt.

Iwwer de Weekend vum 18./19. Dezember ass déi 900. Persoun un oder mam Virus gestuerwen.

Den 28. Dezember 2021 gouf et méi wéi 100.000 Persounen, déi zanter dem Ufank vun der Pandemie mam Virus infizéiert waren.

Den 12. Januar 2022 hate 450.000 Persounen e kompletten Impfschema.

Den 13. Januar 2022 hunn 100.000 Persoune als geheelt gezielt.

De 15. Januar 2022 ass den 3G op der Aarbecht a Kraaft getrueden.[17]

De 3. Februar 2022 gouf de 4 Milliounste PCR-Test gemaach.

Den 9. Mäerz 2022 gouf déi 1000. Persoun gezielt, déi um oder mam Covid-Virus gestuerwen ass.

Den 21. Mäerz 2022 goufen et méi wéi 200.000 Persounen, déi sech zanter dem Ufank vun der Pandemie mam Virus infizéiert hunn.

De 4. Abrëll 2022 si méi wéi 200.000 Persounen als geheelt gezielt ginn.

Bis Juni 2022 hat de Staat 85 Millioune Maske kaf, op der Reserve leien de 6 Milliounen an 1,5 Millioune sinn ofgelaf an hu missen ewech geheit ginn. 400.000 Antikierper-Tester goufe kaf a verbraucht. 34 Millioune Schnelltester goufe kaf, 3.8 Millioune sinn nach am Stock an 1 Millioun kruten 2 Partnerlänner. 1,75 Milliounen Impfdosisse huet Lëtzebuerg kaf. Eng hallef Millioun sinn nach am Stock. 6.020 Impfdosissen hu missen zerstéiert ginn, 56.000 goufen un aner Länner gespent.[18]

Den 10. Juli 2022 goufen 1.100 Persoune gezielt, déi um oder mam Covid gestuerwe sinn.

Den 19. Oktober 2022 waren et méi wéi 300.000 Persounen, déi sech zanter dem Ufank vun der Pandemie mam Virus infizéiert hunn.

Den 10. Januar 2023 gouf déi 1.200. Persoun gezielt, déi mam oder u Covid-19 gestuerwen ass.

Remove ads

Virsiichtsmoossnamen

Thumb
Thumb
Raimlech/sozial Distanzéierung bremst déi weider Verbreedung vun engem Virus a schount d'Kapazitéit vum Gesondheetssystem

Geographesch Verdeelung

Zënter dem 6. Juli 2020 verëffentlecht de Gesondheetsministère eemol d'Woch d'Unzuel vun Neiinfektiounen, déi et an deenen zwou Woche virdrun an all Kanton gouf.[19] Dobäi loosse sech grouss Ënnerscheeder am Infektiounsgeschéien a verschiddene Regioune feststellen. Pro Kapp gekuckt sinn esou d'Infektiounen a Ballungsgebidder däitlech méi héich wéi a ländleche Regiounen. De Kanton Esch-Uelzecht huet esou zum Beispill am Duerchschnëtt gekuckt mat Ofstand den héchsten Taux am Land, mam Kanton Dikrech an der Agglomeratioun Nordstad op der zweeter Plaz. Am mannste betraff sinn éischter ländlech Regiounen, wéi de Kanton Gréiwemaacher, knapps virun de Kantone Réiden/Atert a Klierf.

Gesetzlech Entwécklung

  • 18. Mäerz 2020: D'Lëtzebuerger Regierung huet den État de crise zu Lëtzebuerg ausgeruff[20],[21], deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gouf[22]. Dësen huet et der Regierung erlaabt, eng ganz Rëtsch Moossnamen ze huelen, ouni se duerch extra Gesetzer, déi hätte misse gestëmmt ginn, ze formaliséieren.
  • 17. Juli 2020: Kuerz virum Oflaf vun den 3 Méint huet d'Chamber mat de Stëmme vun der Regierungsmajoritéit en neit Gesetz gestëmmt, fir weider Moossname fir d'Bekämpfung vun der Covid-19 Pandemie ze huelen.[23]
  • 29. Oktober 2020: Bedéngt duerch déi staark Ausbreedung vum Virus Mëtt Oktober 2020, huet d'Regierung den nei Anti-Covid-Mesurë gestëmmt, déi d'Gesetz vum 17. Juli modifizéiert hunn. D'CSV huet sech beim Vott enthalen, den ADR an déi Lénk hunn dergéint gestëmmt[24].
  • 25. November 2020: Mat de Stëmme vun der Majoritéit gouf de Gesetzesprojet 7694 ugeholl[25], dee méi streng Mesurë géint de Covid-19 festleet.
  • 14. Dezember 2020: De Ministère vun der Sécurité sociale huet matgedeelt datt e speziellen Accord iwwer den Homeoffice tëschent Lëtzebuerg an den 3 Nopeschlänner geschloss gouf. Domat kréien eng 200.000 Frontalieren d'Méiglechkeet, bis den 30. Juni 2021 vun Doheem aus ze schaffen, an awer weiderhin zu Lëtzebuerg bei der Sécurité Sociale affiliéiert ze bleiwen[26].
  • 15. Dezember 2020: Mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit gouf d'Gesetz gestëmmt, dat d'Mesurë géint de Covid-19 bis de 15. Januar 2021 verlängert. Well d'Mesuren inkoherent wieren, vill ze spéit kéimen, net wäit genuch goe géifen, technesch problematesch wieren, huet d'Oppositioun dergéint gestëmmt[27]
  • 24. Dezember 2020: Mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit an den 21 Stëmme vun der CSV goufen déi nei Covid-Restriktiounen ugeholl. Si gëlle vum 26. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021[28].
  • 8. Januar 2021: Ouni d'Stëmme vun der Oppositioun, hunn d'Majoritéitsparteien déi aachten Upassung vun de Covid-Mesurë gestëmmt, déi duerch d'Gesetz vum 9. Januar vum 11. bis den 31. Januar 2021 gëllen[29].
  • 29. Januar 2021: Mat de Stëmme vun der Majoritéit gouf d'Gesetz ugeholl, dat d'Covid-Mesurë vum 8. Januar, bis den 21. Februar 2021 verlängert goufen. D'Oppositiounsparteien hunn dogéint gestëmmt, manner well se net d'Accord mat dëser Verlängerung wieren, awer méi well hinnen déi grouss Strategie an d'Previsibilitéit feele géif[30].
  • 19. Februar 2021: D'Covid-Mesurë goufen nach emol duerch d'Stëmme vun der Majoritéit bis de 14. Mäerz 2021 verlängert[31]. Gläichzäiteg goufen iwwer Reglement grand-ducal d'Reegelen an der Grondschoul an an de Lycéeën[32] ugepasst, genee wéi an den Opfankstrukture fir Kanner[33].
  • 12. Mäerz 2021: D'Majoritéitsparteien hunn d'Verlängere vu Covid-Restriktioune bis den 2. Abrëll 2021 gestëmmt[34]
Thumb
Bei kalem Wieder konnten d'Terrassen de 7. Abrëll 2021 nees opgemaach ginn.
  • 1. Abrëll 2021: D'Majoritéitsparteien hunn d'Verlängere vu Covid-Restriktioune bis de 25. Abrëll 2021 gestëmmt[35]. D'Gesetz gesäit awer vir, datt Baren a Restauranten hir Terrasse vum 7. Abrëll 2021 un ënner dëse Konditioune vu moies 6 bis owes 18 Auer dierfen opmaachen: héchstens zwou Persounen dierfe un engem Dësch sëtzen, ausser se sinn aus engem Stot. Iessen a Gedrénks däerfe just am Sëtze consomméiert ginn. Tëschent den Dëscher muss en Ofstand vun op d'mannst 1,5m sinn. Mat Ausnam vun Déi Lénk hunn all Parteie fir dës Ouverturë gestëmmt.
    Wéinst de villen Infektiounen an den Alters- a Fleegeheemer soll eng onofhängeg wëssenschaftlech Ënnersichung d'Ursaachen ënnersichen. D'Motioun vun den Oppositiounsparteie fir en externen Audit iwwer déi sanitär Moossnamen an de Strukturen an de Prozeduren am Familljeministère gouf vun de Majoritéitsparteien ofgeleent. Doropshin huet d'Oppositioun geschlossen de Récktrëtt vun der Corinne Cahen gefuerdert[36].
  • 23. Abrëll 2021: D'Majoritéitsparteien hunn d'Verlängere vu Covid-Restriktioune bis de 15. Mee 2021 gestëmmt. D'Oppositiounsparteie stéiere sech ënner anerem un der Ausgangsspär, déi weiderhi bestoe bleift. D'Reegelen am Sport an an der Kultur ginn duerch dëst Gesetz liicht manner streng: Bei Sportsaktivitéiten dobannen an dobausse brauch et e Minimum vun 10 m2 an net méi 30 m2 pro Persoun. Bis zu 100 Persounen dierfen zesumme Sport maachen, wa se d'Distanz vun 2 Meter anhalen. Kompetitiounen am Amateurberäich sinn am Individualsport erëm méiglech ënner der Konditioun, datt d'Sportler virdrun e Schnelltest gemaach hunn. An de Schoulen dierfen och erëm ganz Klassen zesumme schwamme goen. 10 Persounen dierfen och zesumme Musek maachen, wann d'Distanzreegelen agehale ginn. Dobannen zielt dann och eng Sëtzflicht. D'Terrassen, op deene vu moies 6 bis owes 6 Auer Iessen a Gedrénks zerwéiert däerf ginn, mussen op 3 Säiten op sinn[37].
  • 14. Mee 2021: D'Majoritéitsparteien hunn nei Covid-Mesurë bis den 12. Juni 2021 gestëmmt. Mam Deconfinement geet et e Schrëtt weider: 4 Leit aus verschiddene Stéit kënnen nees beienee kommen, an dat doheem, am Bistro oder am Restaurant. Restauranten a Caféen däerfe bis 22 Auer op hunn an och nees bannen zerwéieren, ënnert der Konditioun, datt d'Clienten en negative Corona-Test hunn, resp. en negative Schnelltest virweise kënnen. Den Horeca-Secteur däerf bis 22 Auer op hunn. De Couvre-feu gëtt vu Mëtternuecht bis 6 Auer moies liicht verkierzt. Rassemblementer vu bis zu 150 Persoune si méiglech, ënnert de gängegen Hygiènesmesuren natierlech. Dëst betrëfft besonnesch Sports- a Kulturmanifestatiounen. An exzeptionelle Fäll, a mat enger Autorisatioun vun der Santé, kann eng Demande gemaach ginn, dass sech bis zu 1.000 Leit versammelen.[38]
  • 12. Juni 2021: Mat de 54 Stëmme vun de Majoritéitsparteien, der CSV an de Pirate gouf dat 20. Covidgesetz gestëmmt, dat bis de 15. Juli 2021 gëllt.[39] D'ADR an déi Lénk hunn sech enthalen, just de Roy Reding huet dogéint gestëmmt. Mat dësem Gesetz goufen eng ganz Rëtsch Restriktiounen opgehuewen, déi bis den 13. Juni 2021 gegëllt hunn: d'Ausgangsspär gouf ofgeschaaft an d'Spärstonn fir Restauranten, Bistroen a Caféë gouf opgehuewen. Op den Terrassen däerfen erëm bis zu 10 Leit ouni Test beienee sëtzen an bannen am Restaurant 4 Persounen. Mat engem CovidCheck - wann ee geimpft, geheelt oder getest ass - gëtt et keng strikt sanitär Mesurë méi, deemno brauch ee weeder eng Mask, nach muss een Distanz halen a mat engem CovidCheck gëtt et och keng Aschränkunge méi, wat d'Zuel vun de Leit pro Dësch ugeet. Mat engem CovidCheck däerfe souvill Leit op engem Dësch beienee sëtze wéi wëllen. Am Privatberäich sinn d'Mesuren och méi labber ginn. Doheem däerfe bis zu 10 Persoune ouni Aschränkungen zesumme kommen. Och am Sport- a Kulturberäich goufen eng ganz Rei Aschränkungen opgehuewen.[40] Vum 13. Juni 2021 un huet Maskeflicht oder eng Distanz vun 2 Meter eréischt vun 11 Leit u gezielt, ausser d'Leit hunn all e CovidCheck. 300 Spectateure waren erëm erlaabt, woubäi Spiller an Encadranten net mat abegraff waren. Fir d'Spektateuren hunn awer 3 Konditioune gegollt: ️Maskeflicht, jidderee muss sëtzen an ️eng Distanz vun 2 Meter. Och hei gollt d'Ausnam: CovidCheck️ fir jiddereen. Ënner der Konditioun vun engem adaptéierte sanitäre Konzept dat mindestens 10 Deeg virum Evenement bei der Direktioun vun der Santé ugefrot gouf, waren nees maximal 2.000 Persoune bei engem Event méiglech, hei waren awer Spiller an Encadrante mat abegraff. Buvetten waren exklusiv am Regimm CovidCheck erlaabt.[41]
  • 15. Juli 2021: Mat de 54 Stëmme vun de Majoritéitsparteien, der CSV an de Pirate goufen d'Covid-Mesurë liicht adaptéiert a bis de 14. September 2021 verlängert. Déi Lénk hu sech enthalen, d'ADR huet dogéint gestëmmt. Déi gréisst Ännerung ass, datt de CovidCheck-Regime adaptéiert gëtt. No 1 Auer gëllt keen Auto-Schnelltest méi.[42]
  • 14. September 2021: Mat de 54 Stëmme vun de Majoritéitsparteien, der CSV an de Pirate gouf d'Gesetz zu de Covid-Mesurën, déi bis den 18. Oktober daueren, ugeholl. D'ADR huet dergéint gestëmmt an déi Lénk hunn sech enthalen.[43]
  • 18. Oktober 2021: Mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteie gouf d'Gesetz, dat de CovidCheck-Regime méi streng reegelt ugeholl a gëllt bis den 18. Dezember.[44]
  • 16. Dezember 2021: Mat den 31 Stëmme vun de Majoritéitesparteie gouf d'Gesetz, dat bis den 28. Februar 2022 gëllt ugeholl. D'CSV huet sech enthalen, d'Piraten, déi Lénk an d'ADR hunn dergéint gestëmmt.[45]
  • 24. Dezember 2021: Mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteie gouf d'Gesetz, dat de CovidCheck-Regime nach méi streng reegelt ugeholl a gëllt bis den 28. Februar 2022 ugeholl. D'CSV, d'ADR an Déi Lénk hunn dergéint gestëmmt, d'Piraten hu sech enthalen. Et trëtt de 25. Dezember 2021 a Kraaft.[46]
  • 11. Januar 2022: Mat den 31 Stëmme vun de Majoritéitsparteie gouf dat 26. Covid-Gesetz gestëmmt, dat den 2G+-Regimm lackert, d'Certificate vun der EU op 9 Méint an der ganzer EU limitéiert, d'Isolatiounsdauer vu Geimpften op 6 Méint reduzéiert.[47]
  • 11. Februar 2022: Mat den 31 Stëmme vun de Majoritéitsparteie gouf dat 27. Covid-Gesetz gestëmmt, dat dann och den Dag selwer a Kraaft getrueden ass a bis den 30. Abrëll 2022 gëllt.[48] D'Spärstonn am Horeca-Secteur ass opgehuewen. Iwwerall do, wou den 2G+ gegollt huet, zielt elo den 3G. A Spideeler, Alters- a Fleegeheemer gëllt weiderhin den 3G+. Rassemblementer bis zu 2.000 Persoune sinn nees méiglech. D'Quarantän fir Persounen, déi a Kontakt mat engem Infizéierte waren, gëtt komplett ofgeschaaft. Infizéierter kënnen aus der Isolatioun soubal si zwee Deeg hannerteneen en negative Schnelltest gemaach hunn. Fir d'Covid-Impfung bei Kanner vu 5 Joer u geet d'Autorisatioun vun engem Elterendeel duer. Jonker vu 16 Joer u kënne sech jo ouni d'Erlabnis vun hiren Elteren impfe loossen.
  • 11. Mäerz 2022: Eestëmmeg gouf dat 28. Covid-Gesetz an der Chamber gestëmmt, dat bis den 30. Juni 2022 gëllt. Déi meeschte Covid-Mesüre falen ewech. Maskeflicht bleift awer bestoen an de Spideeler, an Alters- a Fleegeheemer, am Prisong ewéi och am ëffentlechen Transport. Den 3G bleift och fir d'Personal am Gesondheets- a Fleegesectuer bestoen. Déi entspriechend Certificate behale weiderhin hir Gëltegkeet. Fir Leit, déi positiv getest ginn ass hir Isolatioun beim 2. Antigentest a 24 Stonnen eriwwer.[49]
  • 9. Juni 2022: Eestëmmeg gouf d'Maskeflicht an ëffentlechen Transport opgehuewen. Aschränkunge ginn et nach an de Spideeler an Altersheemer, am Prisong an am Centre de rétention.[50]
  • 29. Juni 2022: Eestëmmeg gouf dat 30. Covid-Gesetz gestëmmt, dat vum 1. Juli bis den 31. Oktober gëlt: Mam Gesetz gouf d'3G-Reegel an de Spideeler an an den Altersheemer ofgeschaf, hei bleift just d'Maskeflicht weiderhi bestoen. Am Prisong zielen déi selwecht Reegle wéi soss an der Gesellschaft. D'Isolatiounsdauer gouf vun 10 op 7 Deeg erof gesat.[51]
  • 20. Oktober 2022: Eestëmmeng gouf dat 31. Covid-Gesetz ugeholl, dat vum 26. Oktober 2022 bis den 31. Mäerz 2023 gëlt: D'Isolatiounsdauer gouf op 4 Deeg erof gesat, mam Contact Tracing gouf opgehalen an de Long Covid gouf offiziell zu Lëtzebuerg als Krankheet unerkannt.[52][53]
  • 23. Mäerz 2023: Eestëmmeg goufe mam 32. Covid-Gesetz déi lescht Covid-Restriktiounen opgehuewen. Och an de Spideeler an an den Altersheimer gëtt d'Maskeflicht vum 1. Abrëll un, opgehuewen. D'Isolatiounsdauer bei engem positive Covid-Test gouf ofgeschaf.[54]
  • 4. Juli 2023: Eestëmmeg gouf d'Gesetz ugeholl. Bei dem Covid handelt et sech elo ëm eng Krankheet an net méi ëm eng Pandemie. Op Plazen, wéi a Spideeler an an Alteresheemer an do wou vulnerabel Persoune sinn, däerf och weiderhin de Mask gedroe ginn. Et wäert méiglech sinn, datt op esou Plazen zäitweis eng Maskeflicht wéinst Infektiounskrankheeten misst erëm ageféiert ginn. An Apdikte kann een sech weiderhin och géint de Covid impfe loossen. Dëst Gesetz gëlt bis Enn Juni 2024.[55]
  • 28. Juni 2024: D'Gesetz, dat déi bestoend Mossname bis den 30. Juni 2026 verlängert, gouf mat 55 Stëmmen géint déi 5 Géigestëmme vun der ADR ugeholl.[56]
Remove ads

Moossnamen am Gesondheetswiesen

Thumb
D'Rockhal, ee vun de 4 Centres de soins avancés
Thumb
Testsite zu Jonglënster
Thumb
Consultatiounszenter am fréieren Eurocontrol-Gebai um Kierchbierg

Nom Ausruffe vum Lock-down goufen d'Maison-médicallen ëmfunktionéiert, fir Leit mat Verdacht op Infektioun z'emfänken, iwwerdeems d'Hausdoktere just nach iwwer Telefon oder Online-Consultatioune gemaach hunn. Well d'Maison-médicallen net duergoungen, goufe kuerz drop sougenannt Centres de soins avancés (CSA) geschafen, fir en Tri vun de Patiente maachen ze kënnen. Den 23. Mäerz goung deen éischten an der Luxexpo um Kierchbierg op, dono déi um Belval an der Rockhal, zu Ettelbréck an der Däichhal an zu Gréiwemaacher am Kulturzentrum[57].

Et goufen Drive-through-Teststatiounen uechtert d'Land opgeriicht, fir Leit vum Auto aus testen ze kënnen. D'Kapazitéit vun de Better an de Spideeler gouf eropgefuer; virum CHL gouf en Zelt mat 100 Better fir méi liicht Fäll opgeriicht, fir prett ze sinn, wann d'Zuel vu Patiente weider klamme géif (Et gouf schlussendlech awer net gebraucht). Zousätzlech gouf am Reha-Gebai vum Roude Kräiz zu Kolpech Plaz gemaach fir Leit, déi aus dem Spidol entlooss konnte ginn, ma nach eng stationär Behandlung gebraucht hunn. Och Thermalbad zu Munneref stoung prett, wann néideg déi Roll z'iwwerhuelen[57].

Eng Zäitche gouf gefaart, datt d'Nopeschlänner d'Gesondheets- a Fleegepersonal kéinte requisitionéieren, fir bei hinnen am Land agesat ze ginn. Dat hätt staark Konsequenze fir Lëtzebuerg gehat, wou zwee Drëttel vum Personal am Gesondheetssecteur Frontaliere sinn, deemno an de Länner ronderëm wunnen[58]. D'Regierung huet Hotelsbetter reservéiert, fir datt d'Frontalieren net hin an hier fuere missten, an och 11 Patienten aus dem franséische Grand Est, wou d'Situatioun ganz schro war, a lëtzebuergesch Spideeler fléie gelooss, fir se do ze versuergen[59]. Et koum schlussendlech zu kengen Enkpäss

Large-Scale-Testing

Vum 16. September 2020 un huet d'Lëtzebuerger Regierung, d'Leit opgeruff sech fräiwëlleg a gratis um Large-Scale-Testing deelzehuelen. D'Zil ass erauszefannen, ob eng Persoun (ouni Symptomer) ustiechend ass, fir esou d'Gesamtzuel vun den Infizéierten op e Minimum ze reduzéieren, d'Infektiounsketten z'ënnerbriechen an d'Kontakter vun den Infizéierten erauszefannen (Contacttracing)[60].

De 26. Mee gouf ugefaangen, groussflächeg Tester bei der Bevëlkerung ze maachen. Dës gouf, jee no Risiko, an 3 Gruppen agedeelt: Zur éischter Grupp gehéiere Leit, déi relativ héijem Risiko ausgesat sinn, selwer ugestach ze ginn, wéi d'Gesondheetspersonal, Coifferen, Polizisten, Apdikter, Leit aus dem Horeca-Beräich, déi all 2 Woche getest goufen. An der zweeter Grupp waren déi Leit, déi frësch zeréck op hir Aarbechtsplaz koumen (z. B. um Bau), resp. aus spezifesche Beruffssparten, déi méi oder manner dacks getest goufen. D'Grupp 3 war eng Zort Landesduerchschnëtt, dee jee nodeem sektoriell oder regional ponderéiert konnt ginn. All Woch gouf eng Persoun aus engem Ëmfeld vu 5 invitéiert fir sech testen ze loossen. Dofir goufe 17 Testsitten als Drive-trough opgebaut, zwéin als Walk & Bike-trough[61].

De 14. September 2020 huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, zesumme mam Educatiouns- a Fuerschungsminister Claude Meisch a mam Direkter vum LIH Prof. Ulf Nehrbass no zwee Méint e positive Bilan vum Large-Scale-Testing (LST) gezunn. Et goufe bis dohin 560.082 Tester un 307.751 verschiddene Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen an un 72.913 Grenzgänger duerchgefouert. Vun de positive Fäll konnte sou 26% festgestallt ginn, 17% duerch den Test an 9 % duerch de Contacttracing. Esou konnte 781 mam Covid-19 infizéiert Persounen entdeckt an isoléiert ginn, déi selwer asymptomatesch waren an aner Leit hätten ustieche kënnen ouni et ze wëssen. Et goufen 1,5 Milliounen Invitatioune fir sech testen ze loossen verschéckt a 37% vun de Leit déi eng Invitatioun kruten, hu matgemaach. Déi éischt Phas vum LST huet 32 Milliounen Euro kascht, déi de Fuerschungsministère iwwerholl huet. Fir déi zweet Phas iwwerhëlt de Gesondheetsministère d'Onkäschten. All Awunner an all Grenzgänger goufen ugeschriwwen an 49% vun de Bevëlkerung hu beim LST matgemaach. Et konnt festgestallt ginn, datt 40% vun alle positive Fäll sech an hirem Haushalt ugestach hunn a wat de Stot méi grouss war, wat et och méi Fäll gouf. D'Gesondheetsministesch huet betount, datt den LST weltwäit eenzegaarteg ass, datt en net méi ëmstridde wier an och an anere Länner nogemaach géif[62].

Den 18. September weist Reporter.lu drop hin, datt eng Rei Beruffsgruppen, bei deenen de Risiko sech z'infizéiere grouss ass, sech awer wéineg teste gelooss hunn. Domat wier e wichtegt Zil net erreecht ginn[63].

De Large-Scale-Testing huet an der Moyenne 2,3 Milliounen Euro d'Woch kascht. Déi 3. Phas vum LST soll mat 53.000 Tester d'Woch vu Mëtt Mäerz bis Juli, resp. September 2021 daueren. Duerfir si 64 Milliounen Euro virgesinn. Déi 1. Phas vum LST huet 31 Milliounen Euro kascht, 3 Millioune manner wéi virgesi waren. D'Käschte vun der 2. Phas louche bei 56 Milliounen Euro[64],[65].

Vum 15. September 2021 un, sinn d'PCR-Tester net méi gratis. Bis dohi goufen 668.151 verschidde Leit getest an dat an 3.479.349 Tester. Fir Persounen, déi sech net kënnen impfe loossen, bleift de PCR Test awer weiderhi gratis. Vum 27. September 2021 un kréie Kanner vu 6 bis 11 Joer, déi am Land wunnen, 5 Bongen fir e gratis PCR Test. Dës Kanner ginn och an der Schoul 2-mol d'Woch getest. Residente mat enger Konterindicatioun fir geimpft ze ginn, kréien op Basis vun engem medezineschen Attest och 5 Bongen fir e gratis PCR Test. Studenten, déi geimpft sinn an en negative PCR Test fir hir Uni brauchen, kréien e Bong op Ufro.[66]

Antigentester

Am Abrëll 2021 huet d'Regierung 5 Millioune Coronavirus-Schnelltester, resp. Antigentester kaaft, zousätzlech zu den 2 Milliounen déi e schonn hat. Eng konkreet Strategie, wéi dës Tester agesat solle ginn, gëtt et awer nach net. An de Schoulen an an den Altersheemer komme si strateegesch an den Asaz[67].

Vum 17. Mee 2021 u goufen 5,7 Milliounen Antigentester un d'Betriber verdeelt. 120 Leit, déi op der sich no enger Aarbecht sinn, goufe fir dës Verdeelungscampagne engagéiert.[68]

CovidCheck

Den 11. Juni 2021 huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert zesumme mam Minister fir Digitalisatioun Marc Hansen d'Modalitéite vum CovidCheck Zertificat presentéiert an och d'CovidCheck App. Dësen Zertificat (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) gëllt an der Europäescher Unioun vum 1. Juli 2021 un. Zu Lëtzebuerg ass en operationell vum 11. Juni un. D'Gesetz vum 12. Juni 2021 bezitt sech op dëse CovidCheck. Den Zertificat ass gratis disponibel op Pabeier an digital iwwer MyGuichet.lu. En zertifiéiert datt déi betreffend Persoun entweeder geimpft gouf, an de leschten 72 Stonnen en negative PCR-Test gemaach huet, resp. an de leschten 49 Stonnen en negativen Antigeentest zertifiéiert krut oder an de leschte 180 Deeg als vum Covid geheelt gezielt huet.[69]

Remove ads

Soziaalt Liewen

Thumb
Affiche déi drun erënnert, eng Mask unzedoen.

Duerch d'Covid-19 Pandemie ass dat soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg zum groussen Deel zesummegebrach[70],[71] an dach sinn nei Weeër entstanen, déi versicht hunn dat soziaalt Zesummeliewen an der physescher Distanz z'erhalen:

  • D'Schoule si vum 16. Mäerz bis de 4. Mee (Premièresklassen), respektiv 25. Mee 2020, zou bliwwen. Amplaz vun der normaler Schoul gouf Schoul doheem duerch den Unterrechtsministère agefouert[72].
  • Bis op de Liewensmëttelhandel hunn déi meescht Betriber a Geschäfter misse vum 16. Mäerz 2020 un zoubleiwen. Hiert Personal huet missen entweeder am Homeoffice schaffen oder hire Patron Kuerzaarbecht fir si ufroen. Verschidden Eenzelhandelsgeschäfter sinn op online-Handel ëmgeklommen[73]. Eréischt no an no (kuckt ënnen d'Kapitel Deconfinement) hu se nees däerfen, ënner Sécherheetsoploen, opmaachen.
  • Den ëffentlechen Transport ass reduzéiert an deels agestallt ginn, absënns well manner Leit ënnerwee waren an och fir se sou dozou ze kréien, doheem ze bleiwen[74],[75].
  • Evenementer, wou vill Leit zesumme komm wieren, wéi d'Schueberfouer[76], den ING Night Marathon[77], den Oktav-Mäertchen, d'Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag, den e-Lake festival, de Picadilly[78] oder d'Foire agricole[79], goufen ofgesot.
  • Theatervirstellungen a Concerte goufen, viraussiichtlech bis an den Hierscht 2020, ofgesot. Dat kulturellt Liewen huet sech nei Weeër gesicht fir Kultur dach an enger Zäit, an där jiddereen doheem bleiwe soll, weider liewen ze loossen. Entstane sinn Initiative wéi "Live aus der Stuff"[80] a "Crazy Quarantine Sessions"[81] oder virtuell Concerten, wéi déi vum Cello Octet[82], der Militärmusek[83], dem OPL[84] oder dem Jugendchouer aus dem Escher Conservatoire[85]. Den David Ianni hat e Museksprojet fir d'Stad Ettelbréck geplangt. Wéinst Corona ass dunn doraus de Video Together entstane mat ville Leit nom Motto #bleift doheem[86].
  • D'Stater Theateren hunn en neie Kanal #THEATERDOHEEM op YouTube opgemaach, op deem si vum 4. Abrëll un all Weekend Produktiounen aus hirem Repertoire weisen[87].
  • D'Nationalbibliothéik ass bis den 10. Mee zou bliwwen, mä huet mat reegelméissegen Aktualiséierungen op hir vill digital Ressourcë verwisen[88].
  • D'Muséeë sinn och bis den 10. Mee 2020 zou bliwwen an hunn iwwer déi Sozial Netzwierker versicht Presenz ze weisen.
  • D'Kathoulesch Kierch huet déi physesch Presenz an de Massen, an der Muttergottesoktav, bei der Iechternacher Sprangpressessioun an aner Pressessiounen ofgesot a goung op de Wee vum Livestream[89]. RTL huet als Beispill d'Reportage "OUSCHTEREN 2020: Paschtouer um Facebook zu Rouspert-Mompech" op der Tëlee gewisen[90].
  • D'Scoute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn hir Bonne Action – Coronavirus op d'Bee gestallt[91] an d'FNEL hir Confinement Activities[92].
  • Vill Altersheemer a Fleegeheemer hu Visiokonferenzen tëschent hire Pensionären an der Famill organiséiert.
  • Ganz vill solidaresch Aktioune vu Veräiner, Gemengen, Entreprisen a Privatleit sinn entstanen[93].

An der Zäit vun der Pandemie ass d'Gewalt am Stot ëm 11 % an d'Luucht gaangen. Betraff waren am Joer 2020 1697 Persounen, 360 méi wéi 2019. 60,28% vun de betraffenen Affer ware Fraen an d'Täter ware majoritär Männer.[94]

Remove ads

Ekonomesch Konsequenzen

Thumb
Fliger vun der Cargolux 'not without my mask'.

Déi ekonomesch Konsequenze vun der Pandemie hu mat sech bruecht, datt iwwer 5000 Betriber Chômage-partiel fir iwwer 70.000 Salariéen accordéiert kritt hunn. De Staat kascht déi finanziell Hëllef bal 150 Milliounen Euro (Stand: 6.4.2020)[95].

Den 10. Abrëll huet d'Regierung en Iwwerbléck vun hirem Programm zur Stabiliséierung vun der Ekonomie verëffentlecht[96].

De 14. Abrëll 2020 huet den Aarbechtsminister Dan Kersch an enger Pressekonferenz gesot, datt de Staat iwwer 370 Milliounen Euro deblockéiert hätt, fir Avancë vum Chômage partiel u Betriber ze bezuelen. Knapps 10.000 Betriber kruten de Chômage partiel fir d'Méint Mäerz an Abrëll 2020 accordéiert, domat wiere ronn 180.000 Paie bezuelt ginn[97].

Den 18. Abrëll huet d'Chamber, déi am Cercel zesumme koum, d'Covid-19 Garantiegesetz mat 58 Stëmmen an 2 Enthalungen ugeholl, datt de Staat bis zu 3 Milliarden Euro léine kann, fir d'Ekonomie ze ënnerstëtzen[98]. De Staat huet bis den 18. Abrëll 440 Milliounen Euro un Avancen ausbezuelt un Entreprisen, déi Kuerzaarbecht ugefrot hunn.

Den 22. Abrëll huet de Staat en Emprunt vun 2,5 Mrd. Euro mat negativem Taux opgeholl fir d'Covid-Crise ze finanzéieren[99].

Tëschent dem 17. Februar an dem 9. Abrëll 2020 huet de Lëtzebuerger Staat 51 Milliounen Euro fir medezinesch Ausrëschtung, wéi déi 10 Beootmungsapparater, déi 4 Scanner, 29 Milliounen Otemschutzmasken an 63000 Testkits an anert Material ausginn[100].

De Finanzministère huet Enn Abrëll fir 2020 mat engem Defizit vu 5 Milliarden Euro gerechent. An de Statec huet Enn Abrëll fir 2020 mat engem Rezessioun tëschent 6 an 12 Prozent virausgesot[101],[102].

Ronn 30.000 Salariéen hunn de Congé pour raisons familiales ugefrot (Stand: 4. Mee 2020)[103].

D'Regierung huet de 5. Mee 2020 d'Käschte vun de Moossnamen, fir der Kris entgéintzewierken, op bis dohin iwwer 10,4 Milliarde geschat. Eleng wat d'Santé ugeet, hätt ee schonn 194 Milliounen Euro méi ausginn, wéi u sech budgetär virgesi war, beispillsweis fir medezinescht Material. Fir déi ganz Period, an där de Congé pour raisons familiales leeft, si ronn 226 Milliounen ageplangt (Stand: 5. Mee 2020)[104].

Den 20. Mee 2020 hunn d'Ministeren Dan Kersch, François Bausch a Pierre Gramegna e Pak Moossname mam Numm Neistart Lëtzebuerg virgestallt, mat deem der Lëtzebuerger Ekonomie gehollef soll ginn, aus der sanitärer Kris erauszekommen. D'Regierung rechent mat zousätzlechen Onkäschte vu 700 bis 800 Milliounen Euro. Bis dohin hätt d'Regierung mat engen 3 Milliarden Euro, also 5% vum PIB, d'Ekonomie ënnerstëtzt[105].

Den 3. Dezember 2020 huet de Statec a senger Konjunkturnott 2-20 fir d'Joer 2020 mat engem Réckgang vu 4% vum PIB gerechent. Domat hätt Lëtzebuerg besser op déi ekonomesch Konsequenze reagéiert, wéi déi meeschte Länner an Europa[106].

De 15. Februar 2021 huet de Mëttelstandsminister erkläert, datt bis zu deem Zäitpunkt schonn eng 300 Milliounen Euro vun Hëllefen ausbezuelt goufen. Et géifen och méi Hëllefe fir Betriber an den Horeca-Secteur. Fir Betriber, déi op d'mannst 40% Verloscht gemaach hunn, kennen zousätzlech Hëllef ufroen. An deene Méint, an deene Betriber hu missen zoumaachen, gi esouguer 100% vun de Verloschter rembourséiert.[107]

D'Pandemie hat och Auswierkungen op d'Krankeschäiner. Tëschent Abrëll an Oktober 2020 ware 16% manner Leit krank geschriwwen, wéi tëschent Abrëll an Oktober 2019. Erklärungen dofir si wuel den Teletravail, d'Kuerzaarbecht an de Congé aus familiäre Grënn. D'Apdikte mellen awer och, datt manner Medikamenter géint Erkältungen an Daarm-Mo-Krankheete verkaaft goufen. D'Dauer vum Feelen op der Aarbechtsplaz huet awer ëm 37% zougeholl. D'Grënn dofir leie wuel bei den Zäite vu Quarantaine an Isolement duerch Covid-19[108].

Tëscht Mäerz 2020 a Februar 2021 goufen am Ganzen 985,3 Milliounen Euro u Chômage partiel zu Lëtzebuerg ausbezuelt, dat hunn an der Moyenne 49 Milliounen Euro de Mount ausgemaach. Zanter dem Ufank vun der Kris hu ronn 15.380 Betriber eng Demande op Kuerzaarbecht gemaach. De Gros dovun aus dem Commerce, der Konstruktioun an dem Horeca-Secteur. D'Kuerzaarbecht gouf vum 1. Abrëll 2021 un nei gereegelt[109],[110].

D'Pandemie huet zu Lëtzebuerg mat sech bruecht, datt méi lokal Produite consomméiert goufen. No enger Lëtzebuerger Etüd no consomméieren 88% vun de Lëtzebuerger reegelméisseg lokal Produiten aus nohaltegem Ubau.[111]

D'Coronakris huet 2021 30 Milliounen Euro kascht.[112]

A senger Budgetsried vum 15. Dezember 2021 huet de Finanzminister Pierre Gramegna gesot, datt op Grond vun der Pandemie d'Staatsschold am Joer 2022 op 27% vum PIB klamme wäert. Zanter dem Ufank vun dëser Pandemie hätt d'Regierung 390 Milliounen Euro fir d'Gesondheetsmesüre mobiliséiert. De Käschtepunkt fir Impfstoff géif bis dohi bei ronn 13 Millionen Euro leien. Doriwwer eraus léichen d'Covid-19 bedéngte Käschte bei 810 Mio. € fir de Chômage partiel, 105 Mio. € fir direkt Hëllefe fir Betriber an 260 Mio. € fir de "fonds de relance et de solidarité".[113]

Op d'Fro vun de Piraten wéi vill eng Covid-Behandlung kascht, huet d'Gesondheetsministesch den 19. Januar 2022 an der Chamber geäntwert, datt 2020 déi 1.990 stationär Covid-Behandlungen am Duerchschnëtt 17.100 Euro pro Patient kascht hunn. Déi 286 Covid-Behandlungen op der Intensivstatioun hu jee 57.000 Euro kascht.173 Patiente goufe kënschtlech beootemt, dat huet ronn 71.000 Euro op de Kapp kascht.[114]

Den 31. Januar 2022 huet d'Finanzministesch Yuriko Backes matgedeelt, datt 2020 de Staat fir Corona-Hëllefen 2 Milliarden Euro ausginn hat a fir 2021 680 Milliounen.[115]

De congé pour raisons familiales hu wéinst der Pandemie am Joer 2020 56.737 Persounen an Usproch geholl, am Joer 2021 waren et 35.774 Persounen. An den 2 Joren zesumme ware vun den 68.810 Persounen 37.232 Fraen an 31.578 Männer.[116]

Nom Gilles Baum huet d'Pandemie d'Staatskeess bis Juli 2022 3,2 Milliarden Euro kascht.[117]

Den 12. Juli 2022 huet de Mëttelstandsminister Lex Delles matgedeelt, datt de Staat 2021 ronn 271 Milliounen Euro u Bäihëlleffe fir Betriber ausbezuelt huet, déi 29.381 Demanden agereecht hunn. 2020 waren et 586 Milliounen.[118]

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet de Finanzminister Gilles Roth am Februar 2025 den ekonomeschen Impakt vun der COVID-19-Pandemie op de Staatsbudget op 3,7 Milliarden Depensë chiffréiert. Dovu waren der 566 Millioune fir déi direkt medezinnesch Bekämpfung vun der Pandemie, de Rescht waren Ausgaben fir ekonomesch Hëllefen (Aides aux entreprises, sozial Mesuren a Kuerzaarbecht). Vun de reschtlechen ronn 3,1 Milliarde waren 976 Milliounen Avancen a Prêten, déi dono zeréckbezuelt goufen, sou dass et Netto ronn 2,7 Milliarden Euro waren, déi d'Pandemie de Staat kascht huet.[119]

Remove ads

Deconfinement no der 1. Well

De 15. Abrëll 2020 huet d'Regierung de progressiven Deconfinement a verschiddene Phasen ugekënnegt[120]. D'Consigne sinn: Distanz vun 2 Meter anhalen an all déi aner Reegele vun de Geste-barrièren. Nei derbäi koum den obligatoresche Mondschutz a verschiddene Situatiounen. Et gouf och bekannt gemaach, datt d'Regierung all Awunner vum Land e Set mat 5 Mondschutz-Masken zur Verfügung stelle géif. De CGDIS huet d'Masken un déi 102 Gemenge geliwwert, déi se dunn un hir Awunner verdeelt hunn[121]. De 4. Mee gouf déi 2. Phas méi genee preziséiert[122].

1. Phas

Vum 20. Abrëll 2020 un duerften d'Chantieren an d'Recyclingzenteren erëm opgoen. Betriber aus dem Bau, der Renovatioun an Transformatioun wéi och Handwierker a Constructeuren duerften och nees schaffen. Op waren erëm Geschäfter, wéi Gäertnereien a Pepinièren, Gäertner, déi dobausse schaffen a Landschaftsgäertnereien, Maach-et-selwer-Butteker a Geschäfter déi op Baumaterial an Handwierksgeschier spezialiséiert sinn. Servicer, déi Hëllef am edukative Beräich ubidden, konnten och erëm schaffen.

2. Phas

Vum 4. Mee 2020 un, hunn déi regulär Coursen erëm fir all Ofschlossklassen ugefaangen. Vum 11. Mee sollen dann d'Lycéesschüler eng Woch iwwer déi aner an zwou getrennte Klassegruppen erëm an d'Schoul goen.

D'Doktere kënnen nees hir Patienten an hirer Praxis empfänken. Déi medezinesch Aktivitéit baussent de Spideeler an dobanne lafen nees un. Infirmieren, Hiewanen, Kinéen a Psychotherapeute funktionéieren erëm normal.

An den Alters- a Fleegeheemer kënnen d'Pensionären erëm Besuch vun der Famill empfänken. Déi eenzel Haiser mussen awer fir déi néideg Sécherheetsmoossname suergen. Dat huet d'Familljeministesch Corinne Cahen op enger Pressekonferenz den 28. Abrëll matgedeelt.

Vum 11. Mee un däerf een doheem och erëm bis zu 6 Leit op Besuch invitéieren. Dobausse solle Gruppen op 20 Leit limitéiert bleiwen.

Dee selwechten Dag kënnen d'Geschäfter nees, ënner Oploen, opmaachen. Restauranten a Caféë bleiwen awer nach zou.

Op Basis vum Règlement grand-ducal vum 6. Mee 2020[123] huet de Minister Dan Kersch den 8. Mee an enger Pressekonferenz d'Sportaktivitéiten am Fräien erëm erlaabt, ënner de Konditioun, datt kee Kierperkontakt, keng Zuschauer a keng Kompetitioun dermat verbonnen ass. Duschen a Vestiaire mussen awer zou bleiwen. All Sportsfederatiounen hu missen e Sécherheets- a Gesondheetsprotokoll fir hir sportlech Aktivitéiten am Fräie beim Sportsministère areechen[124].

Iwwer d'Gemenge verdeelt de Staat un all Resident iwwer 16 Joer 50 chirurgesch Masken[125].

3. Phas

D'Grondschoul, d'Maisons-relaisen an d'Crèchen hunn de 25. Mee 2020 nees ugefaangen.

Och d'Maison-médicalle goungen deen Dag erëm op, awer just fir Net-Covid-Patienten[126].

D'Terrasse vun Horesca-Betriber duerften nees de 26. Mee, d'Restauranten an d'Caféën den 28. Mee opmaachen, virausgesat, datt bestëmmt Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen ëmgesat an agehale ginn[127]. Vum 28. Mee u waren och nees Visitten a Spideeler erlaabt[128], a vum 29. Mee un och nees Gottesdéngschter[129].

Begleet gëtt dësen etappeweisen Deconfinement vu breet ugeluechten Tester: Bis zu 20.000 Leit den Dag solle sech op 17 Test-Statiounen uechter d'Land fräiwëlleg teste loosse kënnen. Dofir si bis zu 40 Milliounen Euro aus dem Fuerschungsbudget virgesinn[130].

4. Phas

De Règlement grand-ducal vum 10. Juni[131] 2020 bestëmmt d'Reegele vun der 4. Phas vum Deconfinement.

  • D'Spillplaze sinn erëm op a Kanner ënner 13 Joer mussen dobausse keng Mask méi unhunn.
  • An de Restaurante kënnen erëm bis zu 10 Leit un engem Dësch sëtzen.
  • Rassemblementer mat méi wéi 20 Persounen, ob bei Evenementer an engem oppenen oder zouenen Etablissement, sinn erëm erlaabt, ënner der Konditioun, datt et Sëtzplaze fir jidderee gëtt. Wa keng 2 Meter Distanz garantéiert sinn, muss jiddereen eng Mask unhunn. En Evenement ass alles wat geplangt, ofgeschwat, organiséiert ass a sech net spontan erginn huet.
  • Doheem kann een erëm souvill Leit empfänken, wéi ee Plaz huet. Bis 20 Leit kënne mat Maske beienee stoen. Bei méi wéi 20 Leit muss jiddereen eng Sëtzplaz hunn an eng Mask undoen, wa keng 2 Meter Ofstand agehale ginn.
  • Am Auto oder an der Camionnette musse Leit aus verschiddene Stéit nach ëmmer d'Mask unhunn. Am ëffentlechen Transport besteet weiderhi Maskeflicht.

RTL huet de 17. Juni gemellt datt no Informatioune vum Staatsministère d'Maskeflicht an Autoen opgehuewen ass[132].

De Educatiounsminister Claude Meisch huet den 19. Juni ugekënnegt, datt vum 29. Juni un, d'Schüler an der Grondschoul an am Secondaire erëm zesummen an d'Schoul ginn. D'Gruppenopdeelung A a B gëtt deemno ofgeschaaft, awer d'Horairë vun 8 bis 13 Auer bleiwe bestoen[133],[134].

Déi 4. Phas vum Deconfinement kënnt spéitstens am Oktober 2020 op en Enn, well déi zweet Well vun der Verbreedung vum Virus d'Regierung derzou gezwongen huet duerch d'Gesetz vum 29. Oktober 2020 nei Anti-Covid-Mesuren ze decidéieren.

Remove ads

Moossnamen zanter Enn Oktober 2020

Thumb
Maskeflicht, limitéiert Zuel vu Leit bei Evenementer; hei: Inauguratioun vun der neier Tramsstreck op d'Gare (Dez. 2020).

2. Well vun Infektiounen

Mëtt Oktober 2020 huet déi zweet Well vun Infektiounen ugefaangen.

  • D'Gesetz vum 29. Oktober 2020 huet eng Ausgangsspär vun owes 23 Auer bis moies 6 Auer decidéiert. Eng zweet Moossnam betrëfft d'Unzuel u Leit, déi sech zesummen däerfen ophalen: doheem däerfen nach maximal 4 Leit empfaange ginn an am Restaurant däerfen nach héchste ns4 Leit un engem Dësch setzen. Am Restaurant däerfen am Ganzen net méi wéi 100 Persounen dobanne sinn. D'Spärstonn am Horeca-Beräich gouf op 23 Auer no vir verréckelt. Rassemblementer vu méi wéi 100 Leit si verbueden. Bei Rassemblementer vun 10 Leit un gëllt nieft der Maskeflicht d'Obligatioun fir ze sëtzen an et muss eng minimal Distanz vun 2 Meter agehale ginn. Dann däerf just nach eng limitéiert Zuel u Leit a grouss Geschäfter eran. Bei enger Surface vu méi wéi 400 Quadratmeter gëllt d'Reegel: Ee Client pro 10 Quadratmeter. D'Sportsaktivitéiten, bei deene méi wéi 4 Leit zesummen trainéieren, si verbueden. Exceptioune gëtt et fir de Sport op héijem Niveau an de Schoulsport. D'Minimal-Strof geet erop vu 25 Euro op 100 Euro, déi maximal Sanktioun läit bei 500 Euro.
  • D'Gesetz vum 25. November 2020 huet méi streng Moossname géint de Covid-19 festgeluecht. Bis de 15. Dezember 2020 hunn déi Reegele gegollt: d'Restauranten an d'Caféen sinn zou, ausser Take-Away a Liwwerungen; Kinoen, Spillhalen, Casinoen, Foiren a Salone bleiwen zou; kulturell Etablissementer maachen zou, mat Ausnam vu Muséeën, Ausstellungen, Bibliothéiken, Archiven an och Plaze fir Gottesdéngscht ze halen, soulaang d'Mesurë fir Rassemblementer respektéiert ginn; zoue Sportinfrastrukturen, Fitness-Zenteren a Schwämmen, mat Ausnam vum Elite-Sport, vum Schoulsport a fir Persounen, déi eng Prescriptioun vum Dokter hunn; och sportlech Fräizäitaktivitéiten dobausse mat méi wéi 4 Persoune si verbueden; d'Ausgangsspär vun 23 bis 6 Auer gëtt verlängert; Doheem däerf een nëmmen nach 2 Persoune bei sech empfänken, déi aus deem selwechte Stot kommen. D'Strofen, wa sech net un d'Mesurë gehale gëtt, ginn erop op 4.000 Euro. An de Grande-surfacen bleift d'Limitatioun vun engem Client op 10 Meterkaree bestoen.
  • An de Schoulen hu vum 30. November un och nei Reegele gegollt[135]: an de Lycéeë gi Semester amplaz vun den Trimester agefouert an de Vakanzekalenner adaptéiert; op den ieweschte Klassen am Secondaire ginn erëm A a B Gruppen agefouert, woubäi awer déi eenzel Schoulen d'Fräiheet hunn, déi Mesurë sou ëmzesetzen, wéi se fir d'Schoul am sënnvollsten ass.
  • Um Pressebriefing vum 9. Dezember 2020 huet de Premierminister an d'Gesondheetsministesch erkläert, datt d'Reegele, déi bis de 15. Dezember virgesi waren, bis de 15. Januar 2021 verlängert goufen[136]. Dat entspriechend Gesetz gouf de 15. Dezember gestëmmt. Bei d'Mesurë vum 25. November kënnt derbäi datt d'Akafszentren e sanitäert Konzept virweise musse kënnen. Bei all Iessen a Gedrénks fir matzehuelen, ass et verbueden, dat op der Plaz ze consomméieren an dat zielt och fir Terrasse vu Caféen an Restauranten, an den Hotellen, bannent de Geschäftszentren, an och an de Garen.
  • De 24. Dezember 2020 goufen zousätzlech zum Gesetz vum 15. Dezember verschäerft Covid-Restriktioune gestëmmt. Vum 26. Dezember bis den 10. Januar 2021 sinn all net-essentiell Geschäfter, respektiv Rayonen an de Geschäftszentren zou. D'Ausgangsspär gëtt vun 23 op 21 Auer no vir geréckelt. Alkohol op der ëffentlecher Strooss ass verbueden. All rekreativ oder sportlech Aktivitéit gëtt op 2 Persoune limitéiert, ausser et ass ee Stot. Dës Weideren däerf ee weiderhi maximal 2 Persounen doheem empfänken an d'Restauranten a Caféë bleiwe bis de 15. Januar mat zou, erlaabt bleift de Liwwerservice. Kultur a Sport si bis op e puer Ausname ganz tabu. Vum 28. Dezember u mussen och d'Crèchen an d'Maison-relaisen zoubleiwen. No der Chrëschtvakanz ass vum 4. Januar 2021 un eng Woch Homeschooling an alle Schoulen an an all Parascolaire, sportlech Aktivitéite goufen ofgesot. D'Amendë wéinst Verstéiss géint Restriktioune goufen erop gesat: vun 100 bis 500 Euro erop op 500 bis 1.000 Euro. Bei den Avertissement-taxéë geet de Montant vun 145 erop op 300 Euro.
  • Duerch d'Gesetz vum 9. Januar 2021 ginn d'Covid-Restriktioune vum 11. bis 31.Januar deelweis opgehuewen oder ugepasst. Dat bedeit datt d'Ausgangsspär vun 21 erëm op 23 Auer geréckelt gouf. All net-essentiell Geschäfter sinn erëm op. Dobäi zielt ďReegel, datt just 1 Persoun op 10 m² an alle Geschäfter erlaabt ass. A klenge Butteker mat manner wéi 20 m² däerfen 2 Cliente gläichzäiteg sinn. Et bleift weiderhi verbueden Alkohol an der Ëffentlechkeet ze drénken an d'Restauranten an d'Caféë mussen zou bleiwen. Fir den individuelle Sport eleng oder zu zwee ziele keng Restriktioune méi. Erlaabt sinn och sportlech Aktivitéiten mat maximal 10 Leit sou wuel dobanne wéi dobaussen. Sportlech Infrastrukture däerfen erëm opmaachen ënner der Konditioun, datt op d'mannst 30m² op de Kapp zur Verfügung stinn fir Aktivitéite vun 3 bis maximal 10 Persounen. Klappjuegte sinn ënner dëse Konditiounen och erëm erlaabt. D'Schwämmen däerfen och erëm opmaachen, ënner der Konditioun, datt net méi wéi 3 Schwëmmer an engem Couloir vu 25m sinn. D'Elitesportler an de Schoulsport ass net vun dëse Reegele betraff. Déi kulturell Aktivitéiten däerfen och ënner Konditiounen erëm ufänken. D'Reegele fir Rassemblementer bleiwe bestoen: Deemno zielt weider hin: maximal 2 Invitéeën am Stot, bei 4 bis 10 Leit ass d'Mask obligatoresch an d'Distanz vun 2m anzehalen, bei 11 bis 100 Leit muss jiddereen och nach eng Sëtzplaz hunn. Versammlungen iwwer 100 Leit bleiwe verbueden.
  • Um Pressebriefing vum 22. Januar 2021 huet de Premier an d'Gesondheetsministesch erkläert, datt déi sanitär Mesurë bis Buergsonndeg, den 21. Februar 2021 verlängert ginn an datt nei Arees-Restriktioune ausgeschafft wäerte ginn.
  • De 4. Februar huet den Unterrechtsminister op enger Pressekonferenz erkläert, datt d'Schoule vum 8. bis den 21. zou bleiwen. D'Woch virun der Fuesvakanz ass am Homeschooling-Modus. Dës Mesure betrëfft haaptsächlech d'Grondschoulen an d'Kompetenzzentren[137].
  • Den 12. Februar 2021 hunn de Premierminister an d'Gesondheetsministesch op dem Pressebriefing matgedeelt, datt déi aktuell Corona-Mesuren ouni Ännerunge bis Halleffaaschten, de 14. Mäerz verlängert ginn. D'Covid-Neiinfektioune géifen net signifikativ no ënne weisen. Als weider Begrënnung goufen déi nei Souchë vum Virus genannt, déi all Previsibilitéit onméiglech maache géifen, an dat obwuel d'Neiinfektioune gebrach an d'Situatioun an de Spideeler stabel wieren[138]. Virdrun hat den Unterrechtsminister op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt d'Schoulen no der Fuesvakanz, den 22. Februar erëm all opgoe géifen, awer mat verschäerfte sanitäre Mesuren: Maskeflicht an de Schoulen an och Maison-relaisen, vum Cycle 2 un; nëmme mat engem negativen Test dierft een aus der Quarantän zeréck an d'Schoul; vu Mëtt Mäerz u sollen och Schnelltester an den Asaz kommen; weider misst een flexibel a punktuell reagéiere kënnen[139].
  • De 5. Mäerz 2021 hunn de Premierminister an d'Gesondheetsministesch op dem Pressebriefing matgedeelt, datt déi aktuell Corona-Mesuren ouni Ännerunge bis den 2. Abrëll verlängert géifen. "Ënner Konditiounen" kéinten awer vum Ouschterweekend u méi "souple" Mesurë gëllen, zum Beispill fir den Horeca-Secteur. Alles géif awer vun den Zuelen ofhänken. En "normaalt Opgoen" géif et awer sécher nach net ginn, sou de Staatsminister. Och am sportlechen a kulturelle Beräich kéinten am Abrëll méi labber Mesurë gëllen[140]. Mam Gesetz vum 12. Mäerz 2021 gouf och d'Maskeflicht an den ëffentlechen a private Schoulen agefouert an zwar vum Zykel 2 un. Op den ieweschte Klassen am Lycée (4e - 2e) dierfen d'Schoulen entscheeden, ob a wéi se ofwiesselend Presenzunterrecht an Homeschooling aféieren.
  • De 17. Mäerz 2021 huet de Regierungsrot beschloss, datt PCR-Tester fir an d'Vakanz ze fuere vum 5. Abrëll un net méi gratis sinn[141].
  • De 24. Mäerz 2021 huet de Premier op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt vum 7. Abrëll 2021 un den Horeca-Secteur d'Terrassen däerf vu 6 Auer moies bis 18 Auer opmaachen, ënner der Bedingung, datt d'Infektiounszuelen net exponentiell an d'Luucht goe géifen. Déi aner Corona-Mesurë gi bis de 25. Abrëll verlängert[142] .
  • De 16. Abrëll 2021 huet de Xavier Bettel zesumme mam Romain Schneider[143] matgedeelt, datt déi aktuell Corona-Mesurë bis de 15. Mee verlängert ginn. An de Beräicher Sport a Kultur sollen a klengen Etappen Lockerunge kommen[144].
  • Vum 16. Mee 2021 koumen e puer weider Schrëtt a Richtung Deconfinement. Den Horeca-Secteur kann z. B. erëm Leit dobannen empfänken.
  • Op der Pressekonferenz den 2. Juni 2021 hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch nei Lockerungen an Ouverture ugekënnegt, déi vum 13. Juni 20212 u gëlle sollen: et gëtt keng Ausgangsspär méi, och net an der Caféen a Restauranten. amplaz vu 4 Leit dierf een doheem 10 Leit invitéieren, zu 10 däerf een och zesummen op enger Terrass sëtzen oder bannenan zu 4 op engem Dësch, ouni negativen Test. De sougenannte "Covid-Check" gëtt agefouert: Et muss ee per QR-Code beweise kënnen, dass ee getest, fäerdeg geimpft oder nees gesond ass a seng Coronainfektioun iwwerstanen huet. An deem Fall däerf een och zu gréissere Gesellschaften zesumme sinn. Vum 13. Juni u kann een zu 10 zesumme Sport maachen ouni Restriktiounen. Bei iwwer 10 Persounen huet een de Choix tëscht enger Distanz vun 2 Meter, déi muss agehale ginn oder dem Droe vun der Mask. Fir Manifestatiounen tëschen 11 a 50 Persoune gëllen 2 Meter Distanz an de Mask. Bei 51 bis zu 300 Spectateuren (virdrun 150) muss een do dernieft och nach sëtzen. Mam neie Covid-Check (getest, geheelt, geimpft) falen dës Restriktiounen ewech. An deem Fall kéinten och d'Buvetten opgemaach ginn. Et gëtt och d'Méiglechkeet, Sportskompetitiounen ze organiséiere mat bis zu 2.000 Leit (bis elo 1.000), dat awer just mat engem spezielle sanitäre Konzept, dat vun der Santé muss accordéiert ginn. Am Commerce fält d'Reegel vun 10 Metercarré fir ee Client ewech, d'Maskeflicht bleift awer bestoen, och am ëffentlechen Transport. An et däerf een och nees iessen oder drénken an engem Akafszenter oder op enger Gare.[145]

3. Well vun Infektiounen

Am Juli 2021 huet déi 3. Well ugefaangen.

  • Op der Pressekonferenz den 8. Juli 2021 hunn d'Gesondheetsministesch an de Vizepremier Dan Kersch (de Premier war wéinst senger Covidinfektioun am Spidol) d'Upassunge vun de Covid-Mesurë presentéiert, déi vum 16. Juli bis de 14. September 2021 gëlle sollen. Zu den Upassungen zielen: d'Harmonisatioun vum privaten an ëffentleche Beräich, dat bedeit datt och doheem méi wéi 10 Leit sech kënne gesinn, wann d'CovidCheck-Reegelen agehale ginn. No Hallefnuecht gëllen allerdéngs keng Auto-Tester méi bei CovidCheck-Evenementer, mä just nach zertifiéiert Schnelltester. An deem Kader ginn dann och d'Strofen am Horeca-Beräich eropgesat vu 4.000 op 6.000 Euro, bei Recidive 12.000 Euro, wa sech net un d'Corona-Mesurë gehale gëtt. Vum 16. Juli un däerf och en Assistant technique médical an en Infirmier gradué e Schnelltest maachen an deen zertifiéieren. D'Kräizimpfunge ginn zu Lëtzebuerg vum 9. Juli un erlaabt. De Congé pour raisons familiales gëtt bis de 14. September verlängert.[146]
  • Op der Pressekonferenz den 1. September 2021 maachen de Premier an d'Gesondheetsministesch en Appell sech impfen ze loossen. Nëmme wa sou vill Leit wéi méiglech sech impfe loossen, kann de Wee aus der Pandemie geléngen. 74% vun der Populatioun wieren op d'mannst eemol geimpft, dat wier liicht méi wéi am EU-Duerchschnëtt. D'lescht Woch war e Fënneftel vun de Leit, bei deenen eng Corona-Infektioun festgestallt gouf, scho geimpft. Wa geimpft Leit och de Virus weider kënne ginn, géife se awer manner krank ginn. 8 Leit leien op der Intesivstatioun, vun hinne war kee geimpft, dorënner och e Mann ëm déi 40 Joer. Vum 15. September 2021 u ginn et keng gratis PCR-Tester méi fir Leit, déi wëllen op e CovidCheck-Evenement goen oder an d'Vakanz fueren. Dat wier e Paradigmewiessel. Zanter Juni goufen et eng 700 CovidCheck-Manifestatiounen, dovun 233 mat méi wéi 300 Leit. Gréisser Clusteren hätt et keng ginn, ofgesinn vum "Ausrutscher" op Nationalfeierdag. Dat aktuellt Covid-Gesetz soll mat liichte Verännerunge bis den 18. Oktober verlängert ginn. D'Haaptännerung wäert de CovidCheck-Regime sinn, deen an de Spideeler an an den Altersheemer ugepasst gëtt. De CovidCheck-Regime soll dann och fir Leit gëllen, déi an e Spidol bei en Dokter ginn. Well d'Pressekonferenz ënnert dem CovidCheck-Regime stoung, war dës Pressekonferenz déi éischt ouni Masken.
  • Op der Pressekonferenz den 2. September 2021 hunn den Educatiounsminister an d'Gesondheetsministesch matgedeelt, datt an der Grondschoul an am Lycée an der Klass keng Maske méi ugedo musse ginn. Am Gebai an am Bus muss awer weider d'Mask gedroe ginn. Zweemol pro Woch sollen all Schüler getest ginn. D'Quarantän-Reegele ginn och ugepasst, esou musse Schüler, déi geimpft oder nees gesond sinn, net méi a Quarantän.[147]
  • Op der Pressekonferenz den 8. Oktober hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch matgedeelt, datt mam neie Covid-Gesetz vum 18. Oktober 2021 un de CovidCheck-Regime obligatoresch gëtt iwwerall bannen am Horeca-Beräich, grad wéi bei Fräizäitaktivitéiten dobannen. Op der Aarbechtsplaz kann e fräiwëllege CovidCheck agefouert ginn. Dat souwuel an der Fonction publique wéi am Privatem.Vum 1. November un kann een awer kee Selbsttest méi maachen, fir vum Covid-Check unerkannt ze sinn. Do, wou kee CovidCheck ass, gëlle weider d'sanitär Mesurë vu bis elo. Dat neit Gesetz soll bis den 18. Dezember a Kraaft bleiwen. Vum 16. Oktober un ginn d'Impfzenteren zu Ettelbréck an um Belval nees op an et kann ee sech da bis de 16. Dezember ouni Rendez-vous impfe loossen.[148]

4. Well vun Infektiounen

  • Op der Pressekonferenz vum 27. Oktober 2021 huet d'Gesondheetsministesch zesumme mam Santésdirektor Jean-Claude Schmit gesot, datt Lëtzebuerg an der 4. Well ukomm wier. D'Impfung géif awer wierken: Esou louch d'Inzidienz op 100.000 Awunner bei 241 fir déi Netgeimpften an bei 104 fir déi Geimpften. Vun alle Covid-Patienten, déi zanter dem 1. Juli 2021 am Spidol behandelt goufen, waren 83 % net geimpft a vun de 26 Intensivpatienten waren der 23 net geimpft. 79 % vun der Bevëlkerung iwwer 12 Joer sinn eng 1. Kéier geimpft, komplett geimpft sinn 75,1 %. D'Impfquot fir déi ganz Lëtzebuerger Bevëlkerung läit bei 64,3 %, an der EU sinn et 63,5 %.[149]
Thumb
Pop-up Impfzenter an der Groussgaass
  • Vum 1. November 2021 trieden d'Covid-Check-Reegelen a Kraaft, déi vum Gesetz vum 18. Oktober 2021 festgeluecht goufen. Kanner ënner 12 Joer falen net ënner d'CovidCheck-Reegelen. De kompletten Horeca-Beräich fält ënner de CovidCheck. Nëmmen nach Geimpfter, Geheelter a Persoune mat engem zertifiéierte PCR-Test dierfen an e Restaurant, e Café oder eng Bar. Op der Terrasse ass kee CovidCheck. Déi selwecht Reegelen ziele fir Kultur- a Sportsevenementer. Déi net-zertifiéiert Schnelltester zielen net méi, mat Ausnam an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer. De Patron kann a sengem Betrib oder an Administratiounen de CovidCheck vu senge Mataarbechter verlaangen. An deem Fall zielt och de Schnelltest net méi. Bei Manifestatioune vu méi wéi 2.000 Leit muss der Santé e Sanitärkonzept virgeluecht ginn. Virum 1. November war déi Limitt bei 300 Leit. All déi aner Reegelen ziele weider wéi Maskeflicht am ëffentlechen Transport an a Geschäfter. Och d'Ofstandsreegelen an d'Desinfizéiere vun den Hänn behalen hir Bedeitung.
  • Op der Pressekonferenz vum 19. November 2021 hunn d'Gesondheetsministesch an de Premier matgedeelt, datt jiddereen iwwer 18 Joer e Rappel, bzw. eng Boosterimpfung kréie soll an dat 6 Méint no der 2. Impfung mat den Impfstoffer vun AstraZeneca, Biontech/Pfizer oder Moderna oder 1 Mount no der Impfung mat deem vun Johnson&Johnson. Am Spidol leien 2,5-mol méi net-geimpft Leit wéi geimpfter, woubäi d'Zuel vun de geimpfte wäit iwwer der Zuel vun den netgeimpfte läit. D'Entwécklung vun de Covid-Neiinfektiounen ass "linéaire" an net "exponentiell". Et wier awer net ausgeschloss, datt et nom Oflafe vum 18. Dezember zu weidere verschäerfte Moossname kéint kommen. An der Stater Groussgaass op Nummer 70 kann ee sech mol bis den 31. Dezember 2021 an engem Pop-Up Impfzenter impfe loossen. Den Zenter an deem een en zertifikéierten Antigen-Schnelltest maache konnt an deen am selwechte Gebai intsalléiert war, ass mëttlerweil op d'Theaterplaz geplënnert[150]. E Gesetzesprojet gouf ugeholl, deen et erméigleche soll, datt den Anti-Covid-Vaccin och an Apdikte ka gesprëtzt ginn[151].
  • Mam Gesetz vum 16. Dezember 2021 goufen et eng Rei nei Covid-Reeglen: Vum 15. Januar 2022 gëllt den obligatoreschen 3G-Modell (geimpft, geheelt, oder getest) op der Aarbecht. An Fräizäitberäich, am HORECA oder beim Sport, gëllt vum 17. Dezember 2021 un den 2G-Regime (geimpft oder geheelt). Fir Jonker vun 12 bis 19 Joer kënne Sports- an Aktivitéiten an Associatiounen ënner dem 3G-Regime stattfannen, wa manner wéi 10 Leit Deel huelen. Fir Leit iwwer 19 Joer gëllt den 2G. Den Organisateur kritt och d'Méiglechkeet fir d'Identitéit ze iwwerpréiwen. An de Alters- a Fleegeheemer gëllt den 3G-Modell. Kanner iwwer 16 Joer hunn d'Méiglechkeet, sech ouni den Accord vun den Elteren impfen oder testen ze loossen. Bei Kanner tëschent 12 a 15 Joer muss just een Elterendeel d'Accord sinn. Bei Versammlungen zielen dës Reeglen: 1-10 Leit: keng Restriktiounen; 11-50 Leit: 2 Meter Ofstand an ee Mask. Et besteet och d'Méiglechkeet CovidCheck anzeféieren. Privat Evenementer, déi ënner dem 3G-Reime ofgehale ginn, mussen der Direction de la Santé gemellt ginn; 51-200 Leit: 2 Meter Ofstand, et muss ee sëtzen an d'Mask muss ugedoe ginn. Et besteet awer d'Méiglechkeet CovidCheck anzeféieren; 201-2.000 Leit: den 2G-Regime ass obligatoresch, ausser fir Demonstratiounen, den ëffentlechen Transport a Spadséiergäng dobaussen; Iwwer 2.000 Leit: D'Direktioun vun der Santé muss ee sanitäre Protokoll virgeluecht kréien an deen och approuvéieren.[152]
  • Op der Pressekonferenz vum 22. Dezember 2021 hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch wéinst der Omikron-variant Adaptatioun vum Gesetz vum 16. Dezember ugekënnegt, déi vu Chrëschtdag u gëlle sollen: D'Spärstonn am Horeca wäert erëm op 23 Auer sinn, hei gëllt elo 2G-Reegel (geboostert oder geheelt); fir déijéineg, déi nach keng 3. Impfung kritt hunn, gëllt den 2G+ d. h. si mussen e Schnelltest op der Plaz maachen. Bei Begéinunge vu méi wéi 10 Leit gëllt den 2G, bei méi wéi 20 Leit zielt den 2G+. Fir Evenementer vun iwwer 200 Leit muss e sanitäert Konzept mat der Santé ausgemaach sinn. Am Privatberäich gëllt den 3G wa méi wéi 10 Leit zesumme kommen. Vum Januar un gëtt erëm d'Maskeflicht an de Schoulen agefouert. Kanner vu 5 bis 11 Joer kënnen och geimpft ginn.[153]
  • De 5. Januar 2022 huet d'Regierung en neie Gesetzesprojet agereecht fir d'Mesüren unzepassen: D'Isolatiounsdauer fir e Covid-19-Infizéierte soll fir déi geimpft Leit erof goen. De 5. a 6. Dag kann een e Schnelltest maachen a wann déi negativ sinn, däerf een de 7. Dag erëm fréizäiteg aus der Isolatioun - an deemno schaffe goen. Beim 2G+ sinn dës Ännerunge geplangt: Wann ee manner wéi 6 Méint geimpft ass, brauch ee kee Schnelltest méi op der Plaz maachen. Ass d'Impfung awer méi wéi 6 Méint hier, da muss een en Test maachen oder geboostert sinn. Och kann een sech schonn no 4 Méint eng 3. Kéier impfe loossen. D'Covid-Zertifikater wäerten 9 Méint laang gëlteg sinn.[154]
  • Op der Pressekonferenz vum 4. Februar 2022 hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch manner streng Mesurë vum 28. Februar 2022 ugekënnegt. Am Horeca-Secteur fält d'Spärstonn vun 23 Auer un ewech. Den 2G-Regime gëtt duerch den 3G-Regime ersat, och an de Restauranten, Bistroen an Discoen. Just an de Spideeler an Alters- a Fleegeheemer bleift den 3G+ bestoen. Am Private wäerte keng Restriktioune méi gëllen. Mam CovidCheck sinn nees Evenementer mat 2.000 Leit méiglech, bei iwwer 2.000 Leit brauch een e sanitäert Konzept. D'Quarëntän-Flicht gëtt opgehuewen, wann ee Kontakt mat enger positiv getester Persoun hat. Dat gëllt och fir Net-Geimpfter. Si solle sech awer wärend 5 Deeg testen an eng FFP2-Mask undoen, wa se ënner d'Leit ginn. Wann ee selwer infizéiert ass, kann een no 2 negative Schnelltester aus der Isolatioun eraus, egal wéi vill Deeg de positiven Test hier ass. An de Betriber gëtt den 3G fakultativ.[155]
  • Op der Pressekonferenz vum 4. Mäerz 2022 hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch matgedeelt, datt d'Regierung Lockerungen decidéiert huet, déi dat normaalt Liewe zeréckbrénge wäerten. All Mesure wäerten opgehuewe ginn, bis op e puer wichteg Ausnamen: • de Covidcheck op der Aarbechtsplaz an an der Fräizäit gëtt opgehuewen an gëllt just nach an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer, • d'Maskeflicht bei Rassemblementer, an de Schoulen an am Commerce fält wech. Hei gëllt d'Ausnam just an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer, sou wéi am ëffentlechem Transport. • Evenementer kënnen erëm onbegrenzt an ouni Restriktioune stattfannen. • d'Obligatioun vum Isolement bleift bestoen, bis datt d'Infektiounszuelen op engem méi niddregen Niveau sinn. D'Regierung recommandéiert de Leit awer nach ëmmer virsiichteg ze bleiwen, wa si mat aner Mënschen a Kontakt kommen. Sech reegelméisseg testen a Masken undoen ass och an Zukunft e gudde Schutz géint de Virus.[156]
Remove ads

Evolutioun vun der Epidemie / Pandemie

Umierkung: D'Infektiounszuelen, déi d'Santé all Dag owes verëffentlecht, ginn deelweis nodréiglech verbessert a si just op den Detailsäite vum Ministère[157] an den Diagrammen ze fannen[158]. Dës nodréiglech Verbesserunge ginn hei net systematesch iwwerholl. Den Datum an der Graphik bezitt sech op den Dag vun der Verëffentlechung vun den Zuelen.

Infektiounsfäll

Kumuléiert bestätegt Infektioune vu Residenten an Net-Residenten zu Lëtzebuerg bis de 26. August 2020
Kumuléiert bestätegt Infektioune vu Residente vum 27. August 2020 un
Ännert d'Donnéeë wgl. op Wikidata hei. Quellen: gouvernement.lu[157] an rtl.lu[159]

Nei bestätegt Infektiounen (Residenten an Net-Residenten) pro Dag zu Lëtzebuerg
Quellen: gouvernement.lu[157] an rtl.lu[159]

Aktiv Infektiounen

Thumb

Zuel vun infizéierte Persounen zanter Januar 2021

Doudesfäll

2020

Thumb

2021

Thumb

2022

Thumb

2023

Nei bestätegt Doudesfäll pro Dag zu Lëtzebuerg
Quellen: gouvernement.lu[157] an data.public.lu
[160]

Doudes- a Krankheetsfäll an den Alters-a Fleegeheemer

Vun de 557 Persounen, déi bis den 18. Januar 2021 un oder mat Covid-19 gestuerwe sinn, hunn der 262 an engem Alters- oder Fleegeheem gelieft. Déi meescht vun hinnen (167) sinn och do gestuerwen an net an engem Spidol. Tëschent dem 14. Oktober 2020, dem Ufank vun der zweeter Well, an dem 18. Januar 2021 si 424 Persoune vun de 557 gestuerwen, dat mécht en Dagesduerchschnëtt vu 4,4 Persounen. Ronn 6000 Persoune wunnen an dëse Strukture fir eeler Leit. Deemno si knapps 5% vun den Awunner aus den Alters- a Fleegeheemer duerch Covid-19 gestuerwen[161].

Mëtt Mäerz 2021 gouf et e Cluster vun 20 Bewunner aus dem Alters- a Fleegeheem zu Boufer „am Park“, nodeems si schonn déi 1. Impfung kritt hunn. En zweete Cluster war zu Nidderkuer „um Lauterbann“. Hei sinn am Mäerz 2021 am Ganzen 21 Leit vun iwwer 90 positive Corona-Fäll um oder mam COVID gestuerwen. En drëtte Cluster war an der Senioreresidenz zu Rodange, wou et 16 Fäll gouf, vun deenen der 5 gestuerwe sinn. E 4. Cluster gouf et am „Vitalhome“ vum Roude Kräiz zu Keel. Hei sinn 8 vun den 39 Bewunner um oder mam COVID am Mäerz 2021 gestuerwen. 25 Bewunner an 13 Mataarbechter haten sech mam Coronavirus infizéiert[162]. Bis Enn Mäerz 2021 gouf een Drëttel vun allen Awunner aus den Alters- a Fleegeheemer positiv op de Coronavirus getest, dat ware ronn 1900 Persoune vun de 6400 Awunner[163].

Bal d'Hallschent vun all de COVID-Stierffäll zu Lëtzebuerg waren zanter dem Ufank vun der Pandemie Awunner aus Heemer (317 vu 705). Vu Januar bis Mëtt Mäerz 2021 koumen 43 vun 179 Stierffäll aus Alters- a Fleegeheemer[164]. Op enger Pressekonferenz den 23. Mäerz 2021 huet d'Familljeministesch Corinne Cahen erkläert, datt bis dohin 324 Mënschen aus Alters- a Fleegeheemer um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn. D'Ministesch huet bestätegt, datt d'Stëmme fir eng Impfflicht am Santés- a Betreiungsberäich ëmmer méi haart ginn an dat och parteiiwwergräifend. Knapps iwwer 50% vum Personal a Strukture mat vulnerabele Persoune ware bis den 23. Mäerz 2021 geimpft[165].

En Aarbechtsgrupp ënner der Koordinatioun vum Jeannot Waringo gouf am Abrëll 2021 agesat fir opzeklären, wéi et zu de Covid-Infektiounsketten an den Alters- a Fleegeheemer koum[166]. Den 12. Juli 2021 gouf dee Rapport der Chamber virgestallt a verëffentlecht.[167] D'Oppositiounsparteien hu geschlossen den 13. Juli 2021 de Récktrëtt vun der Familljeministesch Corinne Cahen gefuerdert, well si hir Responsabilitéit net geholl hätt. Dës Motioun gouf awer duerch d'Stëmme vun de Majoritéitsparteien verworf.[168]

Bis de 17. Mee 2021 sinn 346 Persounen aus den Alters- oder Fleegeheemer un oder mat Covid-19 gestuerwen.[169]

Den 12. Januar 2022 huet d'Familljeministesch op enger Pressekonferenz gesot, datt um Owend vum 11. Januar 2022 42 Residentë vun Alters- a Fleegeheemer Covid-positiv waren, kee vun hinne wier awer wierklech krank. Bei Leit, déi doheem betreit ginn, géifen et 57 confirméiert Corona-Fäll ginn, all ouni schwéier Verleef. Dat wier dorop ze féieren, datt just 3% vun alle Bewunner an Alters- a Fleegeheemer net geimpft wieren.[170]

De 26. Januar 2022 huet d'Familljeministesch iwwer Twitter matgedeelt, datt de 25. Januar 2022 183 Bewunner vun 33 Alters- a Fleegeheemer positiv getest goufen. Déi meescht hätten awer wéineg Symptomer. 6 vun deene Bewunner wieren am Spidol, awer net wéinst dem Virus.

Den 3. Februar 2022 huet d'Familljeministesch op Twitter matgedeelt, datt den 2. Februar 2022 219 Bewunner aus 30 verschiddenen Alters- a Fleegeheemer Covid-positiv waren. Déi meescht hätte keng oder nëmme wéineg Symptomer. Den 10. Februar 2022 huet d'Familljemistesch op Twitter matgedeelt, datt nach 150 Bewunner Covid-positiv wieren.

Den 20. Abrëll 2022 waren 236 Bewunner aus 36 Alters- a Fleegeheemer positiv op de Sars-Cov-2 getest. Vun dësen 263 Bewunner waren der 13 hospitaliséiert. Déi allermeescht vun dëse Persounen hate keng oder liicht Symptomer. 2,5% vun de Bewunner aus den Alters- a Fleegeheemer haten nach kee ganzen Impfzyklus hannert sech. 94,4% vun de Bewunner aus den Alters- a Fleegeheemer hunn 3 Dosen Impfstoff kritt (geboost) 3,0% vun de Bewunner aus den Alters- a Fleegeheemer hunn 2 Dosen Impfstoff kritt (komplett geimpft).[171]

Den 13. Mee 2022 huet d'Corinne Cahen iwwer Twitter matgedeelt, datt nach 35 Residenten aus 12 verschiddenen Alters- a Fleegeheemer positiv waren, 1 Resident war wéinst Covid am Spidol. Dobäi koumen nach 66 Leit, déi doheem mam Virus versuergt ginn.

Iwwerstierflechkeet

De Statec huet den 3. Februar 2021 zu Lëtzebuerg fir d'Joer 2020 4.649 Stierffäll vu Residente gezielt. D'Méint Abrëll, November an Dezember 2020 hunn eng däitlech Iwwerstierflechkeet gewisen. Fir d'lescht war des Zuel vun de Stierffäll am Joer 1976 bal esou héich mat 4.507 Stierffäll. 2020 hunn d'Stierffäll ëm 8,5% vis-à-vis vun 2019 (4283 Stierffäll) an ëm 7,7% vis-à-vis vun 2018 (4.318 Stierffäll) zougeholl. Déi Leit, déi mat oder u COVID-19 gestuerwe sinn, maachen 10,8% vun de Stierffäll am Joer 2020 aus a souguer 13.2% zanter Mëtt Mäerz 2020.[172]

Vun den 945 Persounen, déi bis de 25. Januar 2022 un oder mam Covid19 gestuerwe sinn, waren der 931 méi al wéi 50 Joer (98,5%). Déi hospitaliséiert Patienten aus dëser Alterskategorie hu 73,5% ausgemaach. Op der Intensivstatioun waren esou guer 80% méi al wéi 50 Joer.[173]

Vun den 979 Persounen, déi bis de 15. Februar 2022 gestuerwe sinn, sinn no dem Santésdirekter Dr. Jean-Claude Schmit eng 80% u Covid-19 gestuerwen an eng 20% mam Virus. Déi meescht vun hinnen hate Virerkrankungen, wéi Diabeetes oder Iwwergewiicht. D'Altersmoyenne vun de Verstuewener louch bei 80 Joer. Bei méi jonke Persounen iwwer 60 Joer wier kaum ee gewiecht, dee keng Virerkrankhng gehat hätt. Bei nach méi Jonke wier keen ouni Virerkrankung u Covid gestuerwen.[174]

Long-Covid

Zanter dem 1. August 2021 huet de Pilotprojet fir d'Behandlung vu Long-Covid-Patiente bestanen. An dësem Projet schaffen de CHL, de Rehazenter, d'Thermalbad Munneref an de CHNP zesummen. Den 3. Februar 2022 gouf op enger Presskonferenz en Tëschebilan gezunn.[175] Bis de 24. Januar 2022 goufe 443 Patienten am Long-Covid-Programm opgeholl. Den duerchschnëttsalter louch bei 47 Joer a 65% ware Fraen. Am ganze goufen eng 200 verschidde Krankheetsbiller als Long-Covid unerkannt. Wien 3 Méint no enger Covid-erkrankung nach ëmmer Symptomer huet, gëtt als Long-Covid-Patient gezielt. Am verbreetesten ass de Middegkeets-Syndrom, Otemnout, Houscht, Verloscht vun Ausdauer a Muskelkraaft, Depressiounen, Hyperventilatioun, Gedächtnisproblemer, Angschtzoustänn oder Gerochs- a Geschmaachsverloscht.

No enger Etüd aus Holland wier all 8. Corona-Patient mat Long-Covid-Symptomer geplot wéi Péng an der Broscht, Otemproblemer, Muskelpéng, de Verloscht vum Goût oder dem Geroch an allgemeng Middegkeet.[176]

D'Santé huet e Long-Covid-Programm opgesat, datt Patienten jee no Erkrankung am CHL, am CHNP, am Rehazenter oder am Thermalbad Munneref spezial Behandlunge kréie kënnen.[177]

Am Kader vum Long-Covid-Programm goufen zu Lëtzebuerg bis den 11. Juli 2023 1.006 Patiente behandelt ginn an huet 1.075.369,25 Euro kascht.[178]

Hospitaliséiert Kanner

Zanter dem Ufank vun der Pandemie bis den 18. Februar 2022 waren 145 Kanner wéinst Covid-19 am Spidol. Méi wéi ď'Halschent dovu ware Puppelcher. 15 vun hinnen hu misse wéinst dem PIMS-Syndrom behandelt ginn.[179]

Remove ads

Impfcampagne

Thumb
Den éischten Impfzentrum an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg.

De 4. Dezember 2020 huet de Premierminister an d'Gesondheetsministesch eng éischt Kéier d'Impfstrategie[180] op enger Pressekonferenz virgestallt. D'Impfung géint de Covid-19 wäert gratis sinn an et wäert keng Impfflicht agefouert ginn. Prioritéit wäert fir d'Personal aus dem Gesondheetswiese sinn, duerno d'Bewunner aus den Alters- a Fleegeheemer an duerno hänkt et vun der Aart an Unzuel vun der verfügbaren Impfstoffer of.

Den 8. Dezember 2020 huet déi National Eethikkommissioun d'Strategie positiv bewäert an all Parteien aus der Chamber, mat Ausnam vun der ADR, hunn dës Impfstrategie ënnerstëtzt.

D'Impfcampagne zu Lëtzebuerg gëtt vum Héije Kommissär vun der nationaler Sécherheet Luc Feller koordinéiert[181]. A 6 Phase soll d'Impfcampagne oflafen[182].

Déi éischt Impfunge goufen den 28. Dezember 2020 gemaach. A 6 Impfzentre ginn d'Impfunge gemaach: an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg, an der Maison des matériaux um Belval, déi vum 15. Februar 2021 un operationell ass[183], vum 25. Februar 2021 un am CHNP zu Ettelbréck, an de Raimlechkeete vun der Air Rescue um Findel, deen den 12. Abrëll 2021 op goung[184] a vum 25. Februar 2021 un zu Munneref am 2019 ageweite Scoutschalet „Badboeschelchen“ vun de Munnerefer Mais (FNEL). Den 19. Mee 2021 goung an der Luxexpo de 6. Impfzentrum op, an deem bis zu 42.000 Leit an enger Woch geimpft kéinte ginn.[185]

Doriwwer eraus sinn och mobil Teamer virgesinn, déi an d'Altersheemer fueren. D'Regierung huet sech mat engem Budget vu 16,5 Milliounen Euro verflicht knapps 2 Milliounen Impfdosissen ze kafen fir domat méi wéi 800.000 Leit impfen ze kënnen[186].

No engem Communiqué vum 15. Januar 2021 solle bis Enn Mäerz 2021 43.200 Persoune geimpft sinn. Op Basis vun de Kontrakter vun der EU si fir Lëtzebuerg esou vill Dosisse vun den eenzelen Impfstoffer virgesinn[187]:

Impfstoff Zuel vu Persounen,

déi geimpft gi kënnen

Total vun den Dosissen
Vaxzevria® (AstraZeneca) 207.524 415.048
Janssen (Johnson&Johnson) 276.156 276.156
Comirnaty (Pfizer / BioNtech) 337.645 675.290
Spikevax (Moderna) 55.231 110.462
Curevac (net an der EU zougelooss) 164.700 329.399
Sanofi-GSK

(nach kee Kontrakt mat der EU)

210.000 420.000
TOTAL 1.251.256 2.226.355

Eng stänneg aktualiséiert Statistik wéi vill Impfdosissen op 100 Leit an der Bevëlkerung gesprëtzt goufen fënnt een um Site vun ourworldindata[188].

De 15. Mäerz 2021 gouf aus Virsiichtsmoossnamen d'Impfe mat AstraZeneca zu Lëtzebuerg, wéi och an anere Länner vun der Europäescher Unioun soulaang gestoppt, bis d'European Medicines Agency (EMA) hir Nofuerschungen zu méiglechen Thrombosen an Embolien am Zesummenhang mat dem Impfstoff ofgeschloss huet[189]. Den 18. Mäerz 2021 huet d'EMA den Impfstoff als sécher an effikass agestuuft. Vum 19. Mäerz 2021 un gëtt duerfir erëm mat AstraZeneca geimpft[190].

De Regierungsrot vum 15. Oktober 2021 huet decidéiert, datt Leit, déi mam Janssen-Impfstoff vun Johnson&Johnson geimpft goufen, recommandéiert kréien, fréistens véier Wochen no hirer Impfung eng zousätzlech Dosis als Booster-Impfung mat engem mRNA-Impfstoff ze kréien.[191]

Den 20. Dezember 2021 huet déi europäesch Medikamentenagence (EMA) de Corona-Impfstoff Nuvaxovid, e sougenannten Doudimpfstoff vum US-Betrib Novavax, an der EU zougelooss an d'EU-Kommissioun huet och hiren Accord ginn.[192]

De Staatsministère, de Gesondheetsministère an den Haut-Commissariat à la protection nationale hunn den 22. Dezember 2021 matgedeelt, datt vum 23. Dezember 2021 u Kanner tëschent 5 an 11 Joer an den 3 Impfzentren - Victor Hugo Hal um Lampertsbierg, Esch-Belval an Ettelbréck - kënne geimpft ginn. Si kréie just een Drëttel vun enger normaler Dosis Biontech/Pfizer. Och Kannerdoktere kënnen dës Impfunge maachen.[193][194]

Vum 20. November bis den 31. Dezember 2021 war e Pop-Up-Impfzenter an der Groussgaass op der Nummer 70 op, dee grousse Succès hat.

Den 3. Januar 2022 huet den Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal zougemaach an all geplangt Impfunge goufen an d'Luxexpo verluecht.[195]

De 7. Januar 2022 huet de Staatsministère matgedeelt, datt Jonker, vun 12 Joer un, och eng Booster-Impfung kréie kënnen. Doriwwer eraus gouf den Delai fir eng Booster-Impfung ze kréien nach emol erof gesat an zwar vu 4 op 3 Méint.[196]

Vum 1. Februar 2022 sinn d'EU-Impfzertifikater nëmmen nach 270 Deeg (ronn 9 Méint) gëlteg. Persounen, déi no den 270 Deeg keng zousätzlech Booster-Impfung kruten zielen fir Reesen an der EU als ongeimpft.[197]

Vum 1. Mäerz 2022 un ass den Impfstoff Nuvaxovid (Novavax) an den Impfzentren disponibel.[198]

Vum 16. Abrëll 2022 unwar just den Impfzentrum an der Victor-Hugo-Hal nach opbliwwen. Impfe konnt een sech awer och weiderhi beim Hausdokter oder an Apdikten.

Den 10. Februar 2023 huet den Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal zougemaach. Zanter dem Ufank der Pandemie a bis de 6. Februar goufen 1.293.051 Impfdosisse gesprëtzt. Géint de Covid19 kann een sech awer weiderhin beim Hausdokter, Pediater oder an Apdikten. D'Pop-Up Statioun am Belval Plaza Shopping Center huet de 17. Februar 2023 zougemaach.[199]

Den 18. Oktober 2023 huet d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt bis zu deem Zäitpunkt 755.240 Impfdosen zu Lëtzebuerg zerstéiert goufen. De Wäert vun dësen Impfdose gëtt op 16,8 Milliounen Euro geschat.[200]

Fréizäiteg Impfungen

Enn Februar 2021 gouf bekannt, datt 3 Verwaltungsréit vun de Hopitaux Robert Schuman, de Jean-Louis Schiltz, Michel Wurth, a Claude Seywert, geimpft goufen, obwuel si nach net un der Rei waren[201]. Och de President vun de Stater Hospices Civils a vun der Fondation Kräizbierg Henri Grethen huet sech impfe gelooss[202].

De Sven Clement huet dorops hin den 9. Mäerz 2021 d'Virdrécke beim Impfe beim Parquet gemellt[203]. Wéinst méiglechen Irregularitéiten an der Impfcampagne hat d'Nordspidol den 1. Mäerz 2021 eng Plainte géint X beim Parquet deposéiert[204]. Op déi parlamentaresch Fro 3696 vum 23. Februar 2021 vum Sven Clement a Marc Goergen zu den Impfvirdrängler huet de Laurent Jomé, am Numm vun der Gesondheetsministesch den 30. Mäerz 2021 geäntwert: „Der Regierung sinn 23 Leit aus dem Spidolssecteur an eng Persoun aus dem Fleegesecteur bekannt, déi en Impfstoff kruten, obwuel si zum Zäitpunkt vun der Impfung d'Krittären net erfëllt hunn“ a Konsequenze kéinte vun interne Sanktioune bis zu Plaintë beim Parquet goen[205].

De 17. Dezember 2021 huet de Parquet matgedeelt, datt vum Dikrecher Parquet 23 Persounen eng Verwarnung kruten a vum Stater Parquet krute 4 Persounen eng Verwarnung. Domat gouf déi Affär ofgeschloss.[206]

Niewewierkunge bei de Covid-Impfungen

De 16. Abrëll 2021 huet d'Santé fir d'éischt e Rapport iwwer Niewewierkungen no enger Covid-Impfung verëffentlecht[207]. No dësem Rapport hunn 1% vun de Leit, déi bis zu deem Zäitpunkt geimpft goufen, Reaktioune gemaach. 3 Persoune sinn no enger Impfung gestuerwen: zwéi Männer am Alter vu 77 resp. 91 Joer déi mat Biontech-Pfizer geimpft goufen an eng Fra vu 74 Joer zwou Wochen no der éischter Dosis AstraZeneca. 3 Persoune waren a Liewensgefor an 13 hu missen hospitaliséiert ginn. Am Ganze gouf et 7 Thrombosen no enger Impfung. Beim Moderna-Vaccin goufe keng seriö Niewewierkunge festgestallt.

Nom 3. Rapport am Juni 2021 iwwer Niewewierkungen duerch Impfunge goufe 1.444 Fäll op 423.000 Dosisse bei der Santé deklaréiert, dat maachen 0,38 Prozent. An 83 % vun dëse Fäll waren dat bekannt Niewewierkungen, wéi Féiwer, Péng um Aarm, Kappwéi oder Middegkeet, an déi no e puer Deeg nees verschwonne sinn. An 176 Fäll ware Geimpfter kuerz krank geschriwwen oder konnten net erausgoen, mä si hunn net missen an d'Klinik. Bei 50 Fäll war awer eng Hospitalisatioun néideg. Bei de 7 Stierffäll no enger Impfung konnt de Lien tëscht dem Doud an der Impfung net nogewise ginn.[208]

Den 11. November 2021 huet d'Gesondheetsministesch op eng urgent parlamentaresch Fro geäntwert, datt kee Moderna-Impfstoff méi bei Leit ënner 30 Joer benotzt gëtt, well an dëser Altersgrupp mat dësen Impfstoff e Risiko vun Häerzmuskelentzündungen an Entzündunge vum Häerzbeutel (Pericarditen) besteet.[209]

De 17. Dezember 2021 huet d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt et bis de 5. Dezember 2021 bei 7.707 Leit (2.1%) vun 365.941 voll geimpfte Leit Impfduerchbréch gouf. Bis de 15. Dezember 2021 hunn 156 Patienten mat Impfduerchbréch missten exklusiv wéinst Covid-19 an der Klinik behandelt ginn.[210]

Den 20. Abrëll 2023 hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vum Marc Spautz geäntwert, datt vun de 509.209 Leit déi bis den 20. 4. 2023 op d'mannst eng Impfdosis kruten, 40 Persounen am Alter tëschent 30 an 90 Joer laangwiereg Niewewierkunge gemellt haten, wéi Péng an de Muskelen oder Gelenker, en Aarm oder eng Schëller, déi steif goufen, oder eng allgemeng Verschlechterung vum Gesondheetszoustand mat Middegkeet, Kappwéi, Schwindel, Tinnitus, Kribbelen an den Äerm a Bee bis zu Neuropathie, Häerzproblemer a visuell Stéierung.[211]

1. Phas

An der 1. Phas gouf fir d'éischt d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft an duerno d'Awunner aus den Alters- a Fleegeheemer.

De 26. Dezember 2020 sinn déi éischt 9700 Dosisse mam Impfstoff vu BioNTech a Pfizer zu Lëtzebuerg ukomm, mat deem 4.850 Persoune geimpft kënne ginn, well all Persoun zwou Dose brauch[212]. Vum 28. Dezember 2020 u goufen déi éischt Persounen an der Victor-Hugo-Hal, dem éischten Impfzentrum, geimpft. Den 28 Joer ale Infirmier aus dem CHL Kevin Nazarro, deen all Dag aus Frankräich op Lëtzebuerg pendelt, an d'Chef-Infirmière vum nationale Service vun den Infektiounskrankheeten am CHL Catarina Fernandes waren déi zwou éischt Persounen, déi zu Lëtzebuerg geimpft goufen. Am Ganze goufe 431 Persounen den 28. Dezember geimpft. An der Victor-Hugo-Hal si 16 Impf-Kabinnen, an deene bis zu 16 Dokteren an Infirmièren zesumme schaffe kënnen[213].

De 6. Januar 2021 goufen déi éischt Awunner aus den 52 Alters- a Fleegeheemer geimpft. Niewent de Residenten wäerten och déi 15.259 Leit vum Personal geimpft ginn.

Den 11. Januar sinn nach emol 4.875 Impfdosisse vu BioNTech/Pfizer zu Lëtzebuerg ukomm an als éischt Land an der EU krut Lëtzebuerg 1.200 Dosisse vum Impfstoff vun der amerikanescher Firma Moderna[214]

Den 12. Januar gouf ugefaangen, déi ronn 12.000 Leit vum Spidolspersonal ze impfen.

Déi 1. Phas ass eréischt ofgeschloss wann d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft gouf. Nach eng 800 Persoune mat enger kierperlecher oder psychescher Behënnerung, déi a Strukture liewen, ginn och an der Phas 1 geimpft.

Vum 8. Februar 2021 gëtt och den Impfstoff vun AstraZeneca benotzt, awer nëmme bei Leit ënner 65 Joer. De Virdeel vun dësem sougenannte vecteur-baséierten Impfstoff ass, datt e just bei 2 bis 8 Grad gelagert muss ginn, also an normale Frigoen. De 17. Februar 2021 huet d'Santé matgedeelt, datt bei dësem Impfstoff den Zäitraum tëschent der 1. Dosis an der 2. net méi 4 Woche wier, mä 10 Wochen[215].

2. Phas

De 26. Januar 2021 huet de Regierungsrot déi 2. Phas virgestallt[216]. Mam Ufank vun der 2. Phas gouf fir Enn Mäerz 2021 gerechent, ënner der Konditioun, datt genuch Impfstoffer zur Verfügung stinn. Op der Pressekonferenz vum 12. Februar 2021[217] goufen et weider Detailer zur 2. Phas an datt déi schonn den 22. Februar 2021 ufänke géif, mam Zil fir eng 3.500 Leit d'Woch ze impfen. Nieft dem Impfzentrum um Lampertsbierg sinn och Zentren zu Esch, Ettelbréck a Munneref opgaangen.

An dëser Phas goufe Leit iwwer 75 Joer geimpft, egal ob se vulnerabel sinn oder net. Et gouf mat den Eelsten ugefaangen. Donieft goufen och héich vulnerabel Persounen ouni Altersaschränkung geimpft an zwar Leit mat dëse Krankheeten: Erwuessener mat Trisomie 21, Persoune mat enger Organtransplantatioun resp. déi déi op der Waardelëscht stinn, Persoune mat enger ugebuerener Auto-Immun-Erkrankung a Kriibspatienten a Behandlung.

3. Phas

An der 3. Phas sollen déi signifikant vulnerabel Mënsche[218] geimpft ginn, duerno déi 74- bis 70järeg. Dës Phas huet an der Woch vum 15. Mäerz 2021 ugefaangen.

4. Phas

An der 4. Phas sollen déi moderat vulnerabel Leit geimpft ginn an déi 69- bis 65järeg. Dës Phas huet an der Woch vum 29. Mäerz 2021 ugefaangen.

5. Phas

An der 5. Phas sollen déi 64- bis 55järeg geimpft ginn an all Leit, déi engem erhéichte Gesondheetsrisiko ausgesat sinn. Dozou gehéieren och schwanger Fraen. Dës Phas huet de 7. Abrëll 2021 ugefaangen[219].

De Staatsminister huet op der Pressekonferenz vum 16. Abrëll ugekënnegt, datt Persounen tëscht 30 a 54 Joer sech online melle kënnen, fir fräiwëlleg mam AstraZeneca-Vaccin geimpft ze ginn[144]. Vum 21. Abrëll 2021 18:00 Auer un konnt ee sech op eng Waardelëscht aschreiwen, fir geimpft ze ginn. Bis den 22. Abrëll 2021 10:00 Auer haten sech schonn 18.000 Awunner ageschriwwen, fir sech mat AstraZeneca impfen ze loossen[220]. De 27. Abrëll 2021 goufen doropshin 16.200 Invitatioune verschéckt fir sech mat Vaxzevria (AstraZeneca) impfen ze loossen[221].

6. Phas

An der leschter Phas koumen all Leit tëschent 54 a 16 Joer drun, och Mënschen, déi an der Prekaritéit liewen, wéi och jiddereen, dee wéinst senger berufflecher Aktivitéit engem erhéichte Risiko ausgesat ass. Déi éischt Invitatioune vun dëser leschter Phas goufen Enn Abrëll 2021 verschéckt[222].

Vum 30. Abrëll 2021 u konnt een sech op eng Waardelëscht aschreiwen, fir vun de Reschtdosisse profitéieren ze kënnen[223].

An der Woch vum 28. Juni 2021 goufen déi éischt Invitatiounen u Jonker tëschent 12 a 17 Joer verschéckt fir sech impfen ze loossen.[224]

Den 2. Juli 2021 huet d'Santé matgedeelt, datt déi 6. Phas ofgeschloss wier.

7. Phas

Vum 5. Juli 2021 konnten sech all groussjäreg Awunner a Frontalieren, déi nach net geimpft sinn, sech aschreiwen, fir geimpft kënnen ze ginn.[225]

Den 2. Juli 2021 huet de Regierungsrot och entscheet, 350.000 Corona-Vaccine vun Johnson&Johnson, AstraZeneca, wéi och mRNA-Impfstoffer iwwer Covax ze spenden, fir aner Länner an der Lutte géint de Coronavirus z'ënnerstëtzen.[226]

Vum 9. Juli 2021 un kënne Leit, déi eng éischt Kéier mat AstraZeneca (Vaxzevria) geimpft goufen, entscheede fir déi 2. Impfung mat BioNTech/Pfizer oder Moderna (Spikevax) ze kréien. Deemno goufen zu Lëtzebuerg och déi sougenannte Kräizimpfungen erlaabt.[227]

Vum August 2021 kann och an den Dokteschpraxe geimpft ginn.[228] Bis Enn August 2021 hunn sech 1.646 Leit bei engem vun den 241 Dokteren impfe gelooss.

Vum 16. August 2021 un kann een och ouni Rendez-vous an der Victor-Hugo-Hal geimpft ginn an den Impfbus steet bei ville Manifestatiounen.[229]

Vum 7. bis den 29. Oktober 2021 huet den Educatiounsministère, zesumme mat der Santé a mam Haut-Commissariat à la protection nationale, eng Impf-Campagne an de Secondairesschoulen organiséiert.[230]

Vum 16. Abrëll 2022 unn hunn d'Impzentren zu Esch-Belval an zu Ettelbréck zougemaach, ewéi och d'Pop-up Impfzentren an der Stater Gare an an de verschiddenen Akafszentren.[231]

3. Impfdosis

De 14. September 2021 huet d'Santé matgedeelt, datt eng 3. Impfdosis als Booster soll ugebuede ginn an zwar fir Leit iwwer 75 Joer, Residente vun Alters- a Fleegeheemer an Dialysepatienten. Fir Leit, déi eng duebel Impfung kruten, ass 6 Méint duerno déi 3. Impfung méiglech. Fir déi, déi Johnson&Johnson an deemno just eng Dosis kruten, wier déi zousätzlech schonn no 2 Méint méiglech.[232]

D'Booster-Impfung an den Alters- a Fleegeheemer goung den 11. Oktober 2021 eriwwer, 4000 Leit (80%) hunn hir 3. Dosis kritt.

Den 3. Januar 2022 huet d'Santé matgedeelt, datt den Delai fir d'Booster-Impfung no 2 Dosen Moderna, BioNTech/Pfizer an AstraZeneca vun den urspréngeleche 6 Méint op 4 Méint rof gesat gouf.[233]

4. Impfdosis

Am Juli 2022 gouf de Leit iwwer 60 Joer empfuelen, sech eng 4. Kéier impfen ze loossen.[234]

Corona-Medikament

Déi europäesch Medikamentenagence huet de 27. Januar 2022 d'Anti-Corona-Pëll vu Pfizer Paxlovid zougelooss, déi schwéier Corona-Erkrankunge verhënnere kann.[235]

Impftaux

Den 28. September 2021 louch den Impftaux[236] vun de komplett geimpfte Persounen no Alterskategorie bei: 80+: 85%, 75-79: 87,7%, 70-74: 81,5%, 65-69: 82,2%, 60-64: 81,6%, 55-59: 81,2%, 50-54: 79,3%, 45-49: 76%, 40-44: 73,7%, 35-39: 67,8%, 30-34: 62,1%, 25-29: 56,7%, 20-24: 57,5%, 18-19: 64,1%, 12-17: 51.1%

Nom L'essentiel wieren Enn Januar 2022 eng 21.000 Residenten iwwer 50 Joer nach net geimpft, also knapps 10% (9,83%) vun dëser Alterskategorie. Deemno wieren awer gutt 90% vun dëser Alterskategorie op d'mannst 2 mol geimpft. Bei alle Residente léich den Impftaux awer just bei 75,5%. Bei den aktiven Infektioune vum 23. Januar 2022 hunn d'Residenten iwwer 50 Joer awer just 12,8% ausgemaach.[173]

Ufank Abrëll 2022 louch den Impftaux vun der Bevëlkerung iwwer 5 Joer, déi sech impfe loosse kënnen, bei engen 78,5%. Fir déi ganz Bevëlkerung huet dat 74,4% ausgemaach. Ronn 129.000 Awunner zielen nach ëmmer zu den Ongeimpften. D'Impfquot huet sech net méi vill geännert. Och d'Nofro no enger Boosterimpfung goung zeréck. Esou hu méi wéi 100.000 Persounen op eng Boosterimpfung verzicht. Den Asaz vum Impfstoff Novavax huet dorun net vill geännert. Vun Enn Mäerz bis Ufank Abrëll sinn eng 280 Dosisse bei enger 170 Persoune gesprëtzt ginn. D'Ursaach ware wuel op der enger Säit d'Omikron-Variant, déi zwar ganz ustiechend war awer manner Leit an d'Spidol bruecht huet. Op der anerer Säit sinn déi meescht gesellschaftlech Covid-Mesüre mam Gesetz vum 11. Mäerz 2022 ewech gefall. Dat huet mat sech bruecht, datt d'Santé Enn Mäerz eng Reserve vun 391.700 Impfdosen nach op Lager hat. Ronn 18.000 Dosisse vun AstraZeneca si vun November 2021 bis Abrëll 2022 ofgelaf an hu missen entsuergt ginn.[237]

Impfgéigner

Zu den Impfgéigner, resp. de Géigner vun de Covid-Mesüre zielen och de Benoît Joachim, de Peter Freitag, de Journalist Jean-Marie Jacoby, de fréiere Radiosspriecher an aktuelle Videoblogger Bas Schagen an den Dr Benoît Ochs vu Gonnereng a Member am Verwaltungsrot vun Expressis-Verbis[238]. Den Dr Ochs krut am Juli 2021 vum Conseil de Discipline vum Collège Médical e Beruffsverbuet vun 1 Joer.[239][240] De 26. Januar 2022 war den Appellprozess, eng 100 Supporter hunn hiren "Held" virun der Cité judiciaire ënnerstëtzt[241]. De 16. Mäerz 2022 huet d'Geriicht d'Urteel am Appellprozess geschwat: den Dr Ochs däerf wéinst 13 Verstéiss géint den Deontologiekodex vum 15. Mäerz 2022 un fir 1 Joer laang net méi als Generalist exercéieren.[242][243]

D'Tageblatt krut de 15. Dezember 2021 vun den Affekote vum Dr. Benoît Ochs, Bas Schagen a Sacha Borsellini juristesch gedreet, well d'Zeitung e kriteschen Artikel iwwer déi Lëtzebuerger Antivax-Zeen verëffentlecht huet, dee "mensonger, injurieux, diffamatoire et attentatoire“ wier. Si hunn zesummen e Schuedensersatz vun 350.000 € verlaangt.[244]

An der Emissioun Kloertext op RTL Télé vum 16. Dezember 2021 hunn d'Jessica Polfer an d'Chantal Reinert sech zu de Manifestatioune géint d'Covid-Mesüre bekannt.[245][246]

Wéinst engem Tweet vum Jean-Marie Jacoby[247], deen hien op Chrëschtdag gepost huet, hunn d'Justizministesch Sam Tanson an de Premier Xavier Bettel eng Plainte géint hie gemaach.[248][249]

De 6. Januar 2022 verëffentlecht d'Tageblatt e längeren Artikel iwwer déi Lëtzebuerger "Schwurblerszeen" mat hire bekanntste Vertrieder: Roy Reding, Fred Keup, Peter Freitag, Jean-Marie Jacoby, Sacha Borsellini[250], Bas Schagen, Dr Benoît Ochs a Jessica Polfer.[251]

Den 61järegen Dan Schmitz huet sech misse viru Geriicht wéinst Drohungen, Beleidegungen an Opruff zum Haass verantworten. Eng Geriichtsverhandlung am Januar 2022 huet missen op de 15. Mäerz 2022 verluecht ginn, well de Mann selwer duerch Covid krank gouf an net op d'Geriicht konnt kommen[252] Him gouf och virgeworf e falsche medezinesche Certificat ze benotzen. De 24. Februar 2022 goufen awer d'Ermëttelunge géint den Dokter an de Patient ofgeschloss an et gouf en "non-lieu" gesprach.[253] Enn Mäerz 2022 huet d'Bezierksgeriicht Lëtzebuerg den Dan Schmitz zu enger 2järeger Prisongsstrof an enger Geldstrof vun 2500 € verurteelt wéinst Opruff zum Haass, Beleidegung, Droungen, Widderstand géint d'Staatsgewalt, illegalem Waffenbesëtz an der Verharmlosung vum Holocaust.[254]

De Policeminister Henri Kox huet den 8. Februar 2022 op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt bei de Manifestatiounen tëschent dem 11. Dezember 2021 an dem 15. Januar 2022 eng 70 Persoune protokolléiert goufen, dovu 5 wéinst Rebellioun. Enquêten iwwer weider Strofdote wieren nach amgaang.[255]

De 34 Joer ale Bernard K. vun Dikrech gouf den 2. Juni 2022 vun der Strofkummer Dikrech als Impfkritiker, deen den Holocaust verharmlost huet andeems hien d'Corona-Politik vun der Regierung mat de Verbrieche vun den Nazië gläichgestallt huet, an éischter Instanz zu enger Geldstrof vu 750 € verurteelt.[256]

De 37järege Fernando T. aus dem Minett gouf de 16. Juni 2022 wéinst anonymme Bréiwer an deenen hien dem Premier an der Gesondheetsministesch an hire Famillje gedreet huet zu enger Prisongsstrof vun 2 Joer op Bewärung an enger Geldstrof vun 2.500 € verurteelt. De Peter Freitag gouf de selwechten Dag als ee vun den Organisateure vun de Samschdesdemeonstratioune fräigesprach.[257]

De Jean-Marie Jacoby gouf den 28. Februar 2023 zu enger Geldstrof vu 1.500€ verurteelt, wéinst engem Post op Twitter, an deem hie d'regierungsmembere Bettel an Tanson beleidegt huet.[258]

Den 1. Mäerz 2023 huet de Collège médical 2 Joer Beruffsverbuet géint den Dr Benoit Ochs gefuerdert, wéinst Verstéiss vum Deontologieskodex.[259]

Aus de Reie vun den Impfgéigner huet sech eng nei politesch Partei gegrënnt mam Numm "Mir d'Vollek", déi ënnert der Féierung vum Peter Freitag a Jean-Marie Jacoby bei de Gemengewalen 2023 eng éischt Kéier mat enger (partieller) Lëscht an der Stad Lëtzebuerg ugetruede sinn. D'Partei krut 0,97 % vun de Stëmmen, deemno huet kee Kandidat et an de Stater Gemengerot gepackt[260].

Den 29. Juni 2023 gouf de Peter Freitag zu 6 Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 1.000 € an éischter Instanz verurteelt, wéinst Opruff zu Haass a Beleidegung vum Premierminister.[261]

Am September 2023 krut den Giovanni T. viru Gerricht virgeworf, de 4. Dezember 2021 Knupperten op Poliziste geheit ze hunn. Doriwwer eraus gëtt him och Verhamrlosung vum Holocaust virgeheit.[262]

De 7. Mäerz 2024 gouf de Peter Freitag um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vun 2.500€ verurteelt. Hie huet doriwwer eraus, den zwou Parties civilen, dem Psychiater Dr Cloos an der Gynekologin Dr. Schmit, allkéiers 1.000 € Schuedenersatz ze bezuelen. Si zwee haten sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen agesat an hien hat se dowéinst als “Schüler vum NS-Dokter Mengele” an als “Coronazien” bezeechent.[263]

Marche blanche silencieuse

Impfgéigner hunn eng Rei Marches blanches et silencieuses[264][265] organiséiert fir géint d'Corona-Mesure vun der Regierung ze demonstréieren. De Wee féiert d'Demonstrante vun der Philharmonie bis bei d'Chamber. Ee vun den Organisateuren ass de Jean-Marie Jacoby, deen och fir d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek schreift.[266] En anere vun den Organisateuren ass de Ben Moubamba, deen zu Lëtzebuerg wunnt a bis September 2017 a sengem Heemechtsland Gabun Vizepremierminister war, dunn awer aus der Politik ausgeschloss gouf.[267] Den 10. September 2021 war déi 1. Marche blanche mat enge 500 Leit.[268] Den 1. Oktober 2021 war déi 2. Marche blanche mat gutt 1.000 Leit.[269] De 15. Oktober 2021 war déi 3. Marche blanche mat 3.500 bis 4.000 Leit.[270] Den 29. Oktober 2021 war déi 4. Marche blanche mat iwwer 3.500 Leit. Offiziell huet et geheescht, datt et weeder ëm d'Impfung nach ëm d'Maskeflicht goe géif, mä ëm d'Entscheedungsfräiheet als e fundamentaalt Recht.[271][272] Den 12. November 2021 war déi 5. Marche blanche mat ronn 2.000 Leit.[273] Den 28. November 2021 war déi 6. Marche blanche. Den 12. Dezember 2021 war déi 7. Marche blanche mat maximal 500 Leit. Si ass friddlech verlaf.[274] De 14. Januar 2022 war déi 8. Marche blanche silencieuse mat maximal 300 Persounen. Et gouf och eng Géigenaktioun vu 15 Leit vum Zentrum20 ënnert dem Motto "Covidioten net d'Strooss iwwerloossen".Déi zwou Demonstratioune si friddlech verlaf.[275]

Manifestatiounen

Thumb
Friddlech Manifestatioun den 12. Februar 2022 um Boulevard Robert-Schuman

De 4. Dezember 2021 gouf et ënnert dem Numm Saturday for liberty la polonaise solidaire eng Manifestatioun géint d'Covid-Politik vun der Regierung mat ronn 2.000 Manifestanten aus. D'Demonstrante war ufanks friddlech, géint 15.30 hätt sech dat awer deels geännert. Bei der Gëlle Fra hätte si Ofspärgittere lassgemaach, wieren driwwer geklotert oder hätte se ëmgeheit, fir esou op de Chrëschtmaart ze kommen. D'Gittere wieren och geheit ginn. No Récksprooch mat der Buergermeeschtesch gouf de Chrëschtmaart zougemaach, well de CovidCheck net méi kontrolléiert konnt ginn. E Grupp vun e puer honnert Leit war duerno och weider vun der Uewerstad Richtung Gare a Bouneweg getrëppelt. Den Trafic an och d'Tram war doduerch deels zolidd blockéiert. D'Manifestante sinn dann och zu Bouneweg virun d'Haus vum Premier Xavier Bettel gaangen, fir do ze manifestéieren. De Mann vum Premier Bettel, de Gauthier Destenay, huet op Instagram Biller vun de Manifestante virun hirem Haus gepost. Dorop gesäit een dann och, dass Eeër widder d'Fassade vum Premier gehäit goufen an och een Auto, deen an der Strooss stoung, gouf zerkraazt.[276] Déi ganz Manifestatioun gouf live vum Mireille Fürst op hirem Kanal Mim’s Freiheit - Alternativ Media iwwerdroen.[277]

Wéinst dem Eeërworf op d'Fassad vum Premier goufen de 24. Mee 2023 de 25 Joer alen André T. an den 33 Joer ale Marc B. zu 120 Sozialstonnen an enger Geldstrof von 500 Euro verurteelt. De 46 Joer ale Steve M. gouf zu 200 Sozialstonnen an 1.000 Euro Geldstrof verurteelt, well hien d'Eeër geliwwert hat. E weideren 33 Joer alen Impfgéigener hat op de soziale Medien de Premier uerg vernannt huet an de Verglach gemaach, datt net-geimpfte Leit géinge wéi d'Judden am 2. Weltkrich behandelt ginn. Hie gouf dowéinst zu 1 Joer Prisong op Sursis verurteelt an eng Geldstrof vun 1.500 Euro. Wärend dem Sursis probatoire vu 5 Joer muss den Ugekloten sech un Oplagen halen, wéi eng Aarbecht sichen oder eng Formatioun maachen.[278]

De 5. Dezember 2021 huet de Minister fir d'bannenzeg Sécherheet Henri Kox an de Thierry Fehr, den Direkter vun den Operatioune vun der Police betount, datt d'Manifestatioun net ugefrot war, mee en Opruff via sozial Medie gemaach gouf. Vun der Police wier awer eng Risikoaschätzung am Virfeld gemaach ginn an d'Manifestatioun wier als seriö ageschat ginn. De Minister huet awer ënnerstrach, datt kenger Persoun eppes geschitt ass. Et gouf betount, datt Radikaliséierung net toleréiert géif ginn, Enquêten no Affrontementer wiere lancéiert.[279] Politiker a grouss Deeler vun der Gesellschaft hu sech schockéiert gewisen.

De 7. Dezember 2021 huet de Premier a senger Regierungsdeklaratioun d'Gewalt schaarf verurteelt[280]. Den 9. Dezember 2021 gouf e Sécherheetsperimeter festgeluecht: Tëscht dem Glacis an der Place de l'Europe ass d'Meenungs- an Demonstratiounsfräiheet gewäert.[281]

Den 11. Dezember koum et bei enger weiderer Maniff, datt eng 500 Leit de Sécherheetsperimeter net respektéiert hunn, déi zwee Chrëschtmäert hu missen zougemaach ginn, d'Polizei huet misse Waasserwerfer vun der Belscher Polizei asetzen an et goufen 19 Persoune festgeholl, 1 koum an Untersuchungshaft.[282]

Den 18. Dezember 2021 war eng weider Manifestatioun mat 500 bis 1000 Leit, déi sech um Glacis versammelt haten. En 2. Grupp vun ronn 100 Leit ass vun der Gare a Richtung Glacis marschéiert. Dës Manifestatioun ass gréisstendeels friddlech verlaf ass an d'Chrëschtmäert hunn net missen zougemaach ginn. De Waasserwerfer vun der Belscher Polizei koum och net zum Asaz.6 Persoune goufen awer festgeholl.[283][284]

De 24. Dezember 2021 hunn eng 100 Leit géint d'Covid-Mesüre manifestéiert. Si hunn sech net un de Sécherheetsperimeter gehalen an hunn um Knuedler protestéiert. Dobäi goufen 8 Leit interpelléiert an 1 Persoun gouf wéinst Rebellioun protokolléiert.[285]

D'Demonstratioun vum 8. Januar 2022 ass allgemeng friddlech verlaf. Op der Gare haten sech eng knapp 300 Leit an um Glacis gutt 100 Leit versammelt. 4 Persoune goufen awer vun der Police festgeholl.[286]

De 15. Januar 2022 gouf et eng ugemellten Demonstratioun an der Stad um Glacis. Ronn 30 Leit haten sech versammelt a sidd friddlech bliwwen. Vun der Gare aus wollten um 14:30 Auer eng 350 Persoune bei enger net ugemellten Demonstratioun a Richtung Uewerstad goen, se goufen awer vun der Police an der Neier Avennue tëschent der Glesener Strooss an der Paräisser Plaz vun zwou Säite blockéiert. D'Manifestatioun gouf eréischt géint 19:20 Auer opgeléist. Dobäi goufen 30 Persoune festgeholl an a 16 Fäll wäert et juristesch Suitten hunn.[287][288]

Den 22. Januar 2022 waren zwou Manifestatiounen ugemellt, déi sech um Glacis versammelt haten. Bei enger éischter Demo waren eng 200 Persounen derbäi a bei enger 2. ronn 100 Persounen. Déi éischt Demo ass géint 15 Auer vum Glacis a Richtung Place de l'Europe um Kierchbierg gaangen, begleet vu ronn 30 Polizisten. Déi zweet Demo hat de Rond-point Schuman fir e puer Stonne blockéiert. Fir kuerz Zäit gouf och den Tram-Reseau gestéiert. Déi zwou Manifestatioune sinn zimmlech friddlech bliwwen an hu sech géint 17:00 Auer opgeléist. 1 Persoun gouf awer vun der Police festgeholl.[289]

Den 23. Januar 2022 waren eng Rei Manifestante vu Lëtzebuerg, wéi de Ben Schronen, d'Jessica Polfer oder d'Videobloggerin "Mim's Freiheit", bei de ronn 50.000 Demonstranten zu Bréissel mat derbäi. Bei Ausenanersetzunge mat der Police koum et zu 70 Verhaftungen, 3 Polizisten an 12 Manifestante goufen an d'Spidol ageliwwert. Aktiviste vu Lëtzebuerg hunn d'Gewalt op de soziale Medie gerechtfäerdegt.[290][291][292]

Den 29. Januar 2022 hu Saturday for Liberty a Polonaise Solidaire & Lëtzebuerger Bierger Kollektiv zu zwou Manifestatiounen opgeruff. En Deel vun de ronn 250 Leit si vum Glacis bis bei d'Philharmonie marschéiert sinn, hunn d'Strooss blockéiert an den Tram gestéiert, déi aner sinn um Glacis bliwwen.[293]

De 5. Februar 2022 hunn eng 150 Persounen demonstréiert. Se koumen aus zwou Gruppen, der Saturday for Liberty an aus engem nei gegrënnte Biergerkollektiv. Dës Demo ass zimmlech friddlech bliwwen, bei der Philharmonie gouf awer gesongen „De Bëttel gëtt gehaangen op der neier rouder Bréck, well en ass komplett verréckt“. Doniewend gouf et och eng net ugemellte Protestaktioun: D'Milanka Jacoby hat zu engem "Spadséiergang" opgeruff, zwou Dose Leit sinn an der Uewerstad mat getrëppelt, dorënner och den Dr. Benoît Ochs.[294]

Den 12. Februar 2022 hunn eng 50 Persoune manifestert. 1 Persoun gouf verhafft.[295]

Den 12. Februar 2022 hat den nei gegrënnte Biergerkollektiv Fräi Liewen, Pour la sauvegarde des droits citoyens et contre l'obligation vaccinale op eng Pressekonferenz geruff. Zum Kollektiv gehéieren den Affekot Radu Duta, den Zänndokter Romain Blum, ďProfessesch Antoinette Welter, de Politiker Jean Huss[296], de Pianist David Ianni an de Psycholog Roland Kolber.[297][298][299]

Den 19. Februar 2022 huet e klenge Grupp vun engen 80 Leit vun den zwou Gruppéierungen "Rassemblement Glacis" a "Saturday for Liberty" vum Glacis bis bei d'Philharmonie friddlech manifestéiert.[300]

Den 22. Februar huet de Policeminister Henri Kox op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt de Perimeter fir Maniffen tëscht Glacis a Place de l'Europe opgehuewen ass. Et hätt een elo Uspriechspartner fir déi Demonstratiounen an e respektvollen Ëmgang tëscht de Manifestanten an der Police wier ze gesinn.[301]

Ëffentlech Petitiounen

Den 12. Januar 2022 gouf déi ëffentlech Petitioun n. 1950[302] (11.456 Ënnerschrëften) vum Christelle Pizzirulli mam Titel Pétition contre la vaccination obligatoire COVID19 pour les citoyens an der Chamber debattéiert ewéi och déi ëffentlech Petitioun n. 1916[303] (4.674 Ënnerschrëften) vum David Georgiu mam Titel Stop aux Vaccins de type thérapie génétique (COVID-19) à nos Enfants.[304] D'Petitionären haten eng Rei Experte matbruecht ewéi de Luc Montagnier, d'Alexandra Henrion Caude, den Dr Romain Blum, den Dr Christian Perronne, den Dr Benoît Ochs an d'Karima Rouizi.[305][306][307] D'Aussoen, déi de Christian Perrone virun der Chamber gemaach huet, sinn deelweis falsch.[308]

Minute de silence des blouses blanches

Enn November 2021 gouf d'Aktioun Minute de silence des blouses blanches - #yeswecare - #impfewierkt vum Anästhesist Dr Marco Klop an d'Liewe geruff fir d'Leit opzeruffe sech géint Covid-19 impfen ze loossen. Mat enger reegelméisseger Schweigeminutt wëllen d'Gesondheetspersonal an de CGDIS op déi schwiereg Situatiounen am Spidol an d'Belaaschtung vum Gesondheetspersonal opmierksam maachen. Dës Aktioun ass eng Reaktioun op d'Impfgéigner.[309]

De 17. Februar 2022 hunn ďSpidols- an ďGesondheetspersonal fir 12. Kéier eng Minute de silence ageluecht. Et sollt déi lescht offiziell Gedenkminutt sinn. De Message soll awer och an Zukunft weider bestoen.[310]

Impfflicht

De 24. Dezember huet d'CSV am Kader vun der Debatt iwwer dat neit Gesetz zu de méi strenge Covid-Mesüre d'Regierung opgefuedert e Konzept fir eng Impfflicht auszeschaffen. De Collège médical an de Beruffsverband vun den Anästhesisten an Intensivmediziner (CMARL) hunn sech och fir eng Impfflicht ausgeschwat. De Premier huet fir de 15. Januar 2022 eng Entscheedung zur Impfflicht an Aussiicht gestallt.[311]

De 14. Januar 2022 huet den Expertegrupp vun den Dokteren Paul Wilmes, Gerard Schockmel, Vic Arendt, Claude Muller an Thérèse Staub op enger Pressekonferenz sech fir eng limitéiert Impfflicht ausgeschwat. Esou eng Flicht soll fir Leit iwwer 50 Joer gëllen, grad ewéi fir Medezinner an anert Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur.[312]

No der Impfcampagne

Am Januar 2023 gouf d'Petitioun n. 2489[313] agereecht ënnert dem Titel Mise en place d'une commission d'enquête pluridisciplinaire indépendante censée conclure sur la réalité sanitaire, statistique, scientifique et politique pour la période Covid-19 au Luxembourg.

De 14. Februar 2023 huet de Sven Clement eng Klo géint de Gesondheetsministère an d'Lëtzebuerger Regierung agereecht, well d'Regierung keen Abléck an d'Vertreeg vun den Impfbestellungen zouléist. Dëst wier e constitutionellt Recht vun allen Deputéierten. Hie geet vun engem Verstouss géint den Artikel 99 vun der Verfassung aus.[314]

De 15. Mee 2023 waren am nationale Stock 966.519 Covid-19 Impfdosen. Deemno genug Reserveam Fall vun enger neier Infektiounswell. Eng aner Méiglechkett wier Impfdosen iwwer de COVAX Mechanismus ze spenden.[315]

Chronologie vun den Evenementer

2020

Februar 2020

  • 2020-02-29: Total infizéiert Persounen: 1. Total verstuerwe Persounen: 0.
De Gesondheetsministère bestätegt den éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg[316][317]. Dee Patient war e 40-järege Mann, deen aus Italien iwwer Charleroi zeréckkomm war[318][319]. Hien hat sech bei der Inspection sanitaire gemellt a koum a Quarantaine am Centre hospitalier de Luxembourg an der Stad Lëtzebuerg.

Mäerz 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest ...


Abrëll 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest ...


Mee 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest ...

Juni 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest ...

Juli 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest ...

August 2020

D'Santé verëffentlecht d'Zuele vun den Entloossungen aus dem Spidol net méi.

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest ...

September 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Oktober 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

November 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Dezember 2020

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

2021

Januar 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Februar 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Mäerz 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Abrëll 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Mee 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Juni 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Juli 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

August 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

September 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Oktober 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

November 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Dezember 2021

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

2022

Januar 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Februar 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Mäerz 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Abrëll 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Mee 2022

Vum 16. Mee 2022 huet d'Santé keen deegleche Rapport méi verëffentlecht. D'Daten nom 16. Mee stamen engersäits aus de Graphiken[417], déi weiderhin aktualiséiert ginn, an anerersäits aus dem Wochebericht op covid19.lu

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Juni 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Juli 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

August 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

September 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Oktober 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

November 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Dezember 2022

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Vum 28. Dezember 2022 un, verëffentlecht d'Santé an hirem Wochebericht en Iwwerbléck iwwer déi viral respiratoresch Krankheeten, wéi COVID-19 an de Grippe-Virus, Influenza.

2023

Januar 2023

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Vum 28. Dezember 2022 un, verëffentlecht d'Santé an hirem Wochebericht en Iwwerbléck iwwer déi viral respiratoresch Krankheeten, wéi COVID-19 an de Grippe-Virus, Influenza.

Februar 2023

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Mäerz 2023

Méi Informatiounen Dag, Positiv getest Residenten ...

Grenze mat den Nopeschlänner

Vum 18. Mäerz bis de 15. Mee 2020 duerften Net-Lëtzebuerger net méi op den Territoire vum Grand-Duché eran[20],[418]. Ausname waren ënner anerem Ressortissanten aus der EU mam Zil erëm bei sech Heem ze kommen a Frontaliere mat spezifesche Certificate fir op d'Aarbecht ze fueren[419]. Lëtzebuerg huet awer drop verzicht direkt op de Grenze mat sengen Nopeschlänner dee sanitären Areesstopp ze kontrolléieren, ausser op verschiddene Grenziwwergäng mat Däitschland, dat awer just am But fir ze verhënneren datt Däitschland déi Grenziwwergäng komplett zouléisst.

Ausser vereenzelte längere Staue gouf et awer op kenger Grenz weider Konsequenze fir de Wuerentransport.

Däitschland

Thumb
Grenzkontroll op der Muselbréck vu Wuermer op Wëncher am Abrëll 2020

De 15. Mäerz 2020 huet Däitschland decidéiert fir d'Grenze mat Lëtzebuerg, der Schwäiz, Frankräich, Éisträich an Dänemark zouzemaachen[420]. Et däerfen awer weiderhi Frontalieren, Däitscher a Leit mat engem dréngende Grond iwwer déi Grenziwwergäng déi mat Kontrolle passéierbar bleiwen, areesen[421]. Wat en dréngende Grond fir eng Arees ass decidéiert den zoustännege Grenzbeamten no Direktive vum däitschen Inneministère[422]. Fir Ausreese gëtt et keng Beschränkungen. Op lëtzebuergescher Säit sinn d'Grenzschléissungen a -kontrolle wéinst dem Coronavirus éischter kritesch opgeholl ginn[423].

Zanter dem 24. Abrëll 2020 däerfe Koppelen iwwer d'Grenz hire Partner, bestuet oder gepacst, besiche goen. Dat selwecht zielt fir d'Betreiung vu mannerjärege Kanner, resp. fir d'Fleeg oder d'Visitt vu Familljememberen oder och Kiné-Visitten[424].

Zanter dem 16. Mee 2020 gëtt et keng Grenzkontrolle méi mat Däitschland[425].

Well d'Zuel vun de kumuléierten Neiinfektioune bannent enger Woch nees iwwer 50 pro 100.000 Awunner eropgaange war, huet den däitschen Ausseministère Lëtzebuerg de 14. Juli 2020 als e Risikogebitt klasséiert, virun deem gewarnt gëtt, dohinzereesen, wann et net noutwendeg ass. Wann ee méi wéi 72 Stonnen am Stéck zu Lëtzebuerg war, an an Däitschland areese wëll, brauch een en negativen Test, soss muss ee fir 14 Deeg a Quarantaine[426]. Dës Warnung gouf den 20. August 2020 nees opgehuewen[427].

Frankräich

Fir a Frankräich anzereesen huet een eng Attestatioun gebraucht[428], déi ee beim franséischen Inneministère erofluede kann[429]. Am Géigesaz zu Däitschland huet Frankräich zousätzlech zu senge Bierger och hir Conjointen a Kanner grondsätzlech an d'Land eragelooss. De 15. Juni 2020 sinn dës Restriktiounen ewechgefall an d'Grenzen a béid Richtungen nees opgaangen[430].

Belsch

D'Belsch huet och vum 20. Mäerz 2020[431] all Areese vun Auslänner verbueden, déi net an der Belsch wunnen ausser fir professionell Deplacementer (fir déi een eng Attestatioun vum Patron brauch) an Areesen aus medezinesche Grënn[432]. Den 31. Mee huet een nees däerfen aus Lëtzebuerg (an och aus Däitschland an Holland) an d'Belsch era fir Famill ze besichen oder anzekafen, an dat selwecht och an déi aner Richtung[433]. Zanter dem 15. Juni 2020 kann een nees normal iwwer d'Grenz fueren[430].

Vum 1. August 2020 un ass et obligatoresch, wann een an d'Belsch areest, en Online-Formulaire ("Passenger Locator Form" genannt) auszefëllen[434]. Zanter dem 13. Juli 2020 ass Lëtzebuerg vun der Belsch als "Orange Zon" klasséiert, d. h., et ass net verbueden, dohinzereesen, mee et gëtt recommandéiert, wann een zeréck an d'Belsch kënnt, en Test ze maachen a sech z'isoléieren, bis een d'Resultat gewuer gëtt[435].

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Soss

Covid-19-Glossaire

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gesäit et als Gestionnaire vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire als seng Aufgab un, de virusbedéngte sproochleche Wandel an der Gesellschaft ze begleeden an déi siichtbar Verännerungen am Wuertschatz ze dokumentéieren. Den Zenter huet dofir e Covid-19-Glossaire zesummegestallt, deen een online consultéiere kann.

Wuert vum Joer 2020

D'Wuert vum Joer 2020[436] gouf ganz vun der Corona-Pandemie bestëmmt. Déi éischt fënnef Plaze si fir d'Wierder:

  1. Corona
  2. #bleiftdoheem
  3. Heibleifskärchen
  4. Lockdown/Confinement
  5. Geste-barrièren

Wuert vum Joer 2021

D'Wuert vum Joer 2021[437] stoung och ganz ënner dem Afloss vun der Corona-Pandemie. Déi éischt sechs Plaze si fir d'Wierder:

1. boosteren
2. CovidCheck
2. sheesh
4. Solidaritéit
5. Schwurbler / Schwurblerin
6. Copytani
6. Wellebriecher

Lëtzebuerger vum Joer

Esouwuel 2020 wéi 2021 gouf d'Personal vum Gesondheet- a vum Fleegesecteur zum Lëtzebuerger vum Joer gewielt.

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. COVID-19 and Gender Equality in Luxembourg. Gekuckt de(n) 8. Mäerz 2022.
  2. Corona: Nicht-Ansässige nicht mehr berücksichtigt, gelies op wort.lu den 29. August 2020
  3. Maximilan Richard, Das Abwasser lügt nicht, Wie Forscher über die Zuflüsse von Kläranlagen die Entwicklung der Pandemie verfolgen, Luxemburger Wort, 9. Februar 2021, S. 20-21; Wie Forscher über das Abwasser die Pandemie verfolgen, gelies den 9. Februar 2021 op wort.lu
  4. COVID-19: Rapports hebdomadaires. Gekuckt de(n) 9. Mäerz 2021.
  5. Michèle Gantenbein, Opposition fordert Rücktritt von Corinne Cahen, op wort.lu den 1. Abrëll an Opposition fordert Rücktritt der Familienministerin, Luxemburger Wort, 2. Abrëll 2021 S. 2
  6. Déi nei Corona-Reegelen am Iwwerbléck. Gekuckt de(n) 14. Juni 2021.
  7. [https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2021/12/16/a875/jo Loi du 16 décembre 2021 portant modification: 1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 (...)]. Gekuckt de(n) 16. Dezember 2021.
  8. Dat X-ten Covid-Gesetz, D'Wuert Pandemie ass gestrach ginn. rtl.lu (5.7.2023). Gekuckt de(n) 5.7.2023.
  9. Loi du 28 juin 2024. legilux.lu. Gekuckt de(n) 4.4.2024.
  10. "Die Achillesferse." wort.lu, 19.03.2020.
  11. Positive Bilanz für Large Scale Testing op wort.lu, gelies de 14. September 2020
  12. Laurent Schmit, Blinde Flecken bei Massentests, op reporter.lu, gelies den 21. September 2020
  13. Panorama vum 3. Mäerz 2020 um Radio 100,7
  14. Déi vill beliefte Plazen an der Stad sinn eidel bliwwen, wéi de Video COV(o)ID Luxembourg City op Vimeo et dokumentéiert.
  15. Bilder einer Geisterstadt op wort.lu de 4.4.2020
  16. Zesummegefaasst op der Plattform letzshop.lu.
  17. Coronavirus Covid-19 - Transport public op pandemie.vdl.lu, Spezialsäit vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt den 20. Abrëll 2020
  18. Live Performancen an Zäite vum Coronoavirus. Eng Iddi vum Serge Tonnar, gepowered vum Kulturministère a MASKéNADA. Videos si live op Facebook an och online op www.maskenada.lu
  19. Crazy Quarantine Sessions si Serie vu gefilmten an opgeholte Musikssessiounen an der Zäit vum Lockdown. Artiste kënne keng Concerte méi spillen, mä si fuere weider mat Musik produzéieren an deelen hir Live-Musek op YouTube an iwwer Facebook. Show must go on!
  20. LGS BA-Coronavirus Archivéiert de(n) 30.03.2020. Gekuckt de(n) 03.04.2020.
  21. FNEL covid-19 Archivéiert de(n) 09.04.2020. Gekuckt de(n) 03.04.2020.
  22. Nora Weis, Zu Hause bedroht, Durch die Pandemie hat die Gewalt in den eigenen vier Wänden zugenommen, Luxemburger Wort, 11. 6. 2021, S. 26
  23. Marlène Brey, Weniger Krankmeldungen, Luxemburger Wort, 17. 2.2021, S. 12
  24. [https://www.rtl.lu/news/national/a/1680651.html Chômage partiel a Coronazäiten, An der Moyenne ginn 49 Milliounen Euro de Mount ausbezuelt]. Gekuckt de(n) 2. Mäerz 2021.
  25. Gesundheitskasse schmilzt dahin, Luxemburger Wort, 28. Oktober 2021, S.1
  26. "Le ministère de l'Intérieur et le Syvicol organisent la distribution des masques à la population". coronavirus.gouvernement.lu, 15. Abrëll 2020, gekuckt den 20. Abrëll 2020
  27. "Nicht der richtige Zeitpunkt für Lockerungen" op wort.lu, gelies den 9. Dezember 2020
  28. De Minister Romain Schneider huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert vum 8. bis. den 18. Abrëll 2021 vertrueden, well si an där Zäit krank war. Arrêté grand-ducal du 2 avril 2021 portant délégation de signature à Monsieur Romain Schneider, Ministre de la Sécurité sociale, pour les affaires relevant du Ministère de la Santé et du Ministère de la Protection des consommateurs.. Gekuckt de(n) 16. Abrëll 2021.
  29. Corona in Luxemburg, "Wir sind in einer vierten Welle". Gekuckt de(n) 27. Oktober 2021 op wort.lu.
  30. (fr)Centre de vaccination | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 03.12.2021.
  31. Booster-Impfung fir jiddereen iwwer 18 Joer. Gekuckt de(n) 21.November 2021.
  32. Chamber hëlt Covid-Gesetz un. Gekuckt de(n) 16. Dezember 2021 op Radio 100,7.
  33. Neue Corona-Fälle: Zahlen sorgen für Verwirrung op wort.lu, gelies den 30. Juli 2020
  34. Michèle Gantenbein, Die Toten in der Covid-Krise, Über den Umgang der Gesellschaft mit den Alten, Luxemburger Wort, 19. Januar 2021, S. 3
  35. Cluster am Vitalhome zu Keel, gelies um 100,7 den 22. Mäerz 2021
  36. Zwéi weider Clusteren an Alters- a Fleegeheemer, gelies op 100,7 den 20. Mäerz 2021
  37. Présentation de l'étude des clusters. Gekuckt de(n) 13. Juli 2021.
  38. Was tun bei einer Post-COVID-19-Erkrankung oder "Long COVID"?. covid19.public.lu. Gekuckt de(n) 05.09.2023.
  39. Annette Welsch, Der Impfmarathon, Gespräch zur Impfstrategie mit dem Hohen Kommissar der nationalen Sicherheit, Luc Feller, Luxemburger Wort, 24. Dezember 2020, S. 2-3
  40. Les phases de vaccination Archivéiert de(n) 07.02.2021. Gekuckt de(n) 07.02.2021.
  41. De 5ten Impfzenter mécht seng Dieren op. Gekuckt de(n) 15. Abrëll 2021.
  42. Stratégie de vaccination contre la COVID-19 du Luxembourg, Communiqué vum 4. Dezember 2020; Impfstrategie, Priorität für das Gesundheitspersonal op reporter.lu, gelies de 5. Dezember 2020
  43. Novavax-Impfstoff erhält Zulassung in der EU. Gekuckt de(n) 20. Dezember 2021.
  44. Question parlementaire 8206 Vaccins périmés. Chambre des députés (18.10.2023). Gekuckt de(n) 19.10.2023.
  45. Groupe HRS: Presidence vum Verwaltungsrot huet sech direkt impfe gelooss. radio 100,7 (16.02.2021). Gekuckt de(n) 26.02.2021.
  46. Question urgente n° 5204. Gekuckt de(n) 11. November 2021.
  47. Parlementaresch Fro n° 5307. Gekuckt de(n) 18. Dezember 2021.
  48. Lockdown verlängert bis Halleffaaschten. Gekuckt de(n) 12. Februar 2021.
  49. Die (nicht so) unabhängigen Faktenchecker. Gekuckt de(n) 17. Dezember 2021.
  50. Den Dr. Benoît Ochs geet an Appell. Gekuckt de(n) 16. Oktober 2021.
  51. „Kloertext“ mit Kopfschütteln und Fremdschämen. Gekuckt de(n) 18. Dezember 2021 op wort.lu.
  52. De Kloertext, Covid-Demonstratiounen. Gekuckt de(n) 20. Dezember 2021.
  53. Am Tweet op Twitter stoung: "Mort par pendaison aurait été la sanction des juges militaires américains à Nuremberg en 1947 pour Bettel et Tanson si vraiment ils veulent forcer les gens à participer à un essai médical en 3e phase clinique . . . ups. #DictatureSanitaire - Jean-Marie Jacoby (@J_M_Jacoby) December 25, 2021"
  54. De Sacha Borsellini gouf kuerz viru Chrëschtdag 2021 vu sengem Déngscht als Prisongswiechter suspendéiert,Covid-Proteste / „Sa Bo“ vom Dienst suspendiert: Berufliche Konsequenzen für Sprachrohr der Bewegung.. Gekuckt de(n) 8. Januar 2022.
  55. Leugnen ist zwecklos, angeklagter Corona-Leugner erscheint wegen Covid-erkrankung nicht vor Gericht., Luxemburger Wort, 14. 1. 2022, S.14
  56. Parlamentaresch Fro n° 5474. Gekuckt de(n) 8. Februar 2022.
  57. Maximilian Richard, Jean-Marie Jacoby zu Geldstrafe verurteilt, Luxemburger Wort, 1.3-2023, S. 13
  58. (fr)Luxembourg. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 12.06.2023.
  59. Peter Freitag zu Bewährungsstrafe verurteilt. wort.lu [€] (6.7.2023). Gekuckt de(n) 6.7.2023., Luxemburger Wort, 6.7.2023, S. 14.
  60. Anklage fordert Haftstrafe für Corona-Demonstranten. wort.lu [€] (25.9.2023). Gekuckt de(n) 26.9.2023.
  61. Kundgebungen in Weiß, Wer hinter den Marches blanches silencieuses steckt, op wort.lu; Auf der dunklen Seite des weißen Marsches, Zu den Organisatoren der Marche blanche silencieuse zählen zahlreiche Anhänger von absurden Verschwörungstheorien, Luxemburger Wort, 12. November 2021, S. 24-25
  62. 2. Marche Blanche géint d'Corona-Mesuren. Gekuckt de(n) 16. Oktober 2021.
  63. [https://www.wort.lu/de/lokales/2-000-menschen-bei-der-marche-blanche-618ed2acde135b92365f928b Demo gegen Corona-Maßnahmen, 2.000 Menschen bei der "Marche blanche"]. Gekuckt de(n) 13. November 2021 op wort.lu.
  64. Demonstratiounen an der Stad. Gekuckt de(n) 15. Januar 2022 um Radio 100,7.
  65. (de)Luc Laboulle, Grenzüberschreitungen. d'Lëtzebuerger Land (10.12.2021). Gekuckt de(n) 5.3.2023.
  66. 19 Personen in Gewahrsam genommen. Gekuckt de(n) 17. Dezember 2021.
  67. Sechs Festnahmen im Zusammenhang mit der Demo. Gekuckt de(n) 18. Dezember 2021.
  68. Corona-Proteste verlaufen friedlich. Gekuckt de(n) 8. Januar 2022.
  69. Ronn 350 Leit hu géint d'sanitär Mesuren demonstréiert. Gekuckt de(n) 15. Oktober 2022 um rtl.lu.
  70. Friddlech Maniffe géint Coronamesuren. Gekuckt de(n) 23. Januar 2022.
  71. Teilnehmerzahl bei Corona-Protesten nimmt ab. Gekuckt de(n) 12. Februar 2022.
  72. Ëffentlech Petitioun n. 1950. chd.lu. Gekuckt de(n) 13.1.2022.
  73. Ëffentlech Petitioun n. 1916. chd.lu. Gekuckt de(n) 13.1.2022.
  74. Débat sur la vaccination anti-Covid. Gekuckt de(n) 13. Januar 2022 op chd.lu.
  75. Expressis-Verbis Newsletter vum 12. 1. 2022. Gekuckt de(n) 16. Januar 2022.
  76. Warum Omikron die Pandemielage verändert. Gekuckt de(n) 24. Dezember op reporter.lu.
  77. Experte recommandéiere limitéiert Impfflicht. Gekuckt de(n) 15. Januar 2022 um Radio 100,7.
  78. Ëffentlech Petitioun n. 2489. chd.lu. Gekuckt de(n) 23.2.2023.
  79. (de)Einblick in Impfstoffbestellungen, Sven Clement verklagt die luxemburgische Regierung. wort.lu (22.2.2023). Gekuckt de(n) 22.2.2023., Sven Clement verklagt die luxemburgische Regierung, Der Piraten-Abgeordnete Sven Clement zieht vor Gericht, um die Herausgabe der Covid-19-Impflieferverträge zu erzwingen., Luxemburger Wort, 23.2.2023, S.4
  80. Bilo, M. & S. Remesch, 2020. "Ein normales Szenario". Erste Person in Luxemburg mit dem Corona-Virus infiziert. - Behörden setzen auf Transparenz. Luxemburger Wort vum 2. Mäerz 2020, S. 15.
  81. First coronavirus case confirmed in Luxembourg,luxtimes.lu[€], gekuckt: 2020-03-08
  82. Returning from Alsace: Third case of coronavirus in Luxembourg: Ministry of Health, today.rtl.lu, Gekuckt=06.03.2020]
  83. "Restauranten, Caféen, Diskoe bleiwe bis op Weideres zou." rtl.lu, 15.03,2020; gekuckt de 15. Mäerz 2020.
  84. Coronavirus: COVID-19, gouvernement.lu, Gekuckt=18.03.2020
  85. Coronavirus: COVID-19, gouvernement.lu, Gekuckt=19.03.2020
  86. Um 9 Auer hunn d'Autoritéiten 618 Fäll gemellt, wat awer 20 Minutten drop no ënne korrigéiert gouf.
  87. Luxemburger Wort vum 23. Mäerz, S. 5.
  88. Corona: 22 Tote, 1988 Infizierte, Luxemburger Wort, 31.03.2020, S. 20
  89. https://www.rtl.lu/news/national/a/1501320.html Zuel vun Doudesaffer gouf op 68 no ënne korrigéiert
  90. (fr)Zuel vun den Infizéierten an de Geheelten. Gesondheetsministère Archivéiert de(n) 26.04.2020. Gekuckt de(n) 24. Abrëll 2020.
  91. 100,7: Manner testen ass keng Optioun. Gekuckt de(n) 15. Juli 2020.
  92. Pressekonferenz vum Paulette Lenert, de 14. August 2020. Gekuckt de(n) 16. August 2020 op wort.lu.
  93. Situatioun an Alters- a Fleegeheemer. Gekuckt de(n) 17. November 2020.
  94. covid19.men.lu. Gekuckt de(n) 2. Dezember 2020.
  95. Luxemburg-Stadt: Mehr als 80 Corona-Fälle in Altenheim. Gekuckt de(n) 1. Februar 2021 op wort.lu.
  96. Urgent parlamentaresch Fro Nr. 5006. Gekuckt de(n) 4. Oktober 2021.
  97. Franz Fayot testé positif à la COVID-19. Gekuckt de(n) 15. Mäerz 2022.
  98. Graphiken op Covid19.lu. Gekuckt de(n) eemol d'Woch.
  99. Covid19.lu Entreprises et frontaliers Archivéiert de(n) 15.04.2020. Gekuckt de(n) 16.04.2020.
  100. <rki.de, Risikogebiete, Stand: 20. Aug. 2020
  101. Archive copy Archivéiert de(n) 10.04.2020. Gekuckt de(n) 15.04.2020.
  102. "Luxembourg" op diplomatie.belgium.be (gekuckt 4. August 2020).
  103. Corona ass dʼWuert vum Joer 2020. Déi éischt offiziell Sich no engem Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg gouf organiséiert vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam Radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads