From Wikipedia, the free encyclopedia
RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) regroupéiert déi audiovisuell an digital Aktivitéite vun der Mark RTL zu Lëtzebuerg. Dozou gehéieren den Tëleessender RTL Télé Lëtzebuerg (deen eenzegen allgemengen Tëleessender a Lëtzebuerger Sprooch), den RTL Zwee (den zweeten Tëleesprogramm), de Radiosender RTL Radio Lëtzebuerg, d'Internetsiten RTL.lu, RTL Infos (den Informatiounssite op Franséisch), RTL Today (den Informatiounssite op Englesch), RTL Play, d'Streaming-Plattform mat alle Radio- an Tëleesemissiounen, Livestreams, Serien, exklusive Podcasts a Videoen. Dozou kommen och d'Webradioen : Today Radio (deen eenzegen englesche Radiosender ronderëm d'Auer zu Lëtzebuerg), RTL Gold (de Webradio mat Non-Stop-Hits aus de 50er, 60er, 70er an 80er Joren), RTL LX (de Webradio mat Musek aus Lëtzebuerg), RTL +Rock (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Rockmusek), RTL +80er (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Musek aus den 80er Joren) an RTL +90er (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Musek aus den 90er).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
RTL Lëtzebuerg | |
---|---|
Typ | S.A. |
Sëtz |
CLT-UFA S.A. RTL Group 43, boulevard Pierre Frieden, L-1543 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Christophe Goossens |
() | |
() | |
Branche | Medien |
Homepage | http://www.rtl.lu/ |
RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) gehéiert zu der RTL Group, der gréisster europäescher Entreprise mat private Radiossenderen, Televisiounsprogrammer an digitalen Contenuen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.