RTL Radio Lëtzebuerg
Radiossender zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Radiossender zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
RTL Radio Lëtzebuerg ass e Radiossender zu Lëtzebuerg. Et ass deen eelsten a war bis 1992 deen eenzege Sender op Lëtzebuergesch. En ass iwwer UKW 88,9 MHz an 92,5 MHz z'empfänken a gëtt och iwwer Kabel, Internet an, zanter dem September 2009, iwwer Astra 1G (23,5° Ost), verbreet. Bedriwwe gëtt e vun der RTL Group.
RTL Radio Lëtzebuerg | |
---|---|
Typ | S.A. |
Grënnungsdatum | 19. Oktober 1959 |
Sëtz |
CLT-UFA S.A. RTL Group 43, boulevard Pierre Frieden, L-1543 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Christophe Goossens |
Branche | Medien |
Homepage | https://www.rtl.lu/radio |
Radio Lëtzebuerg, wéi en deemools housch, goung den 19. Oktober 1959, mëttes um 12 Auer, eng éischt Kéier op UKW am Kanal 18 op Sendung. Ufanks waren d'Programmer just vun 12.00 bis 14.00 a vun 18.30 bis 22.00 Auer. Sonndes gouf vu moies 10 bis owes 10 gesent. Wa keng Emissioune waren, ass deen däitschen oder englesche Radiosprogramm vun RTL op där Frequenz ausgestraalt ginn. No an no goufen d'Zäite, wou Radio Lëtzebuerg ze héiere war, ausgebaut; fir d'éischt koum e Moiesprogramm (vu 7.00 bi 9.00) dobäi, dëse gouf méi spéit bis mëttes riicht duerch verlängert, an an den 1980er Jore sinn och nomëttes Emissioune gemaach ginn. Zanter 1986 gëtt de Programm a Stereotoun ausgestraalt, zanter 1996 24/24 Stonnen.
An den 1980-1990er Joren huet de Radio och RTL 92.5 geheescht.
RTL Radio Lëtzebuerg ass deen am meeschte gelauschterten am Land. Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2018.II no lauschteren all Dag 178.300 Leit iwwer 12 Joer RTL Radio Lëtzebuerg. Dat entsprécht 34 % vun der Gesamtbevëlkerung.[1]
De Christophe Goossens ass zënter Januar 2017 Generaldirekter[2], an der Nofolleg vum Alain Berwick[3]. De Roy Grotz ass zënter Januar 2017 u Chefredakter, als Nofollger vum Guy Kaiser, deen an d'Pensioun goung.[4]
Generaldirektor :
Content Director & Deputy CEO :
Directeur de l'information :
Directeur Audio :
De Wochen- a Weekendprogramm (zanter September 2022):
Méindes bis freides:
Samschdes
Sonndes
Noriichte ginn all hallef Stonn gesent. Vun 19.00 Auer un ass Nonstop-Musek ugesot (ausser besonnesch Evenementer oder Sport Live-Schaltungen).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.