Établissement public; Thermalbad zu Munneref From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Thermalbad Munneref ass dat eenzegt Thermalbad zu Lëtzebuerg a läit zum gréissten Deel (37,38 ha) um Südostrand vun der Uertschaft Munneref an der Gemeng mat dem selwechten Numm am Kanton Réimech. E klengen Deel (5,25 ha) vum Domaine läit a Frankräich an der Gemeng Mondorff am Departement Moselle. Am Ganzen huet de Kuerpark eng Fläch vun 42,63 ha.
Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains Thermalbad Munneref | |
---|---|
D'Entrée fir d'Kueristen | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 18.12.1987 |
Sëtz |
Avenue des Bains L-5601 Munneref |
Generaldirekter |
Paul Hammelmann (President CA) Pierre Plumer (Direkter) |
Homepage | www.mondorf.lu |
D'offiziell Bezeechnung vum ëffentlechen Etablissement ass Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains[1], gëtt awer gemenkerhand ënner dem Numm „Mondorf Domaine Thermal“ kommerzialiséiert.
Vun 1841 bis 1846 sinn zu Munneref déi éischt Buerunge vun der Ekipp vum sächsesche Buermeeschter Karl-Gotthelf Kind gemaach ginn.
Schonn d'Joer drop, 1847, gouf d'Munnerëffer Thermalbad op Initiativ vum Munnerëffer Nottär Jean-Pierre Ledure gegrënnt. Seng Duechter Amélie Ledure war déi éischt Kueristin.
Mam Arrêté royal grand-ducal vum 28. August 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains respektiv Bad Mondorf ze nennen[2].
Mam Gesetz vum 21. Abrëll 1886[3],[4],[5],[6] krut d'Regierung d'Recht fir d'Thermalbad vun der Société anonyme des bains de Mondorf ofzekafen. Déi hat d'Handduch no engem laangen Ënnergank, dee sech zanter dem 1870er Krich entwéckelt hat geschmass, wat dozou gefouert hat, datt knapps nach 200 Kueristen d'Joer op Munneref koumen.
D'Société anonyme des bains de Mondorf hat virdru scho probéiert e Keefer ze fannen[7],[8],[9],[10],[11],[12],[13],[14]. An der Generalversammlung vum 10. Oktober 1885 sollt decidéiert ginn d'Gesellschaft opzeléisen[15],[16]. Well net genuch Aktionären an der Generalversammlung vum 10. Oktober waren, gouf eng nei Generalversammlung fir de 16. November 1885 festgeluecht[17]. Och an der Generalversammlung vum 16. November 1885 waren net genuch Aktionären do an et gouf nees eng nei Generalversammlung op den 30. November 1885 festgeluecht[18].
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Am Kuerpark zu Munneref sinn am Ganzen dräi Thermalquelle gebuert ginn.
Déi éischt Thermalquell gouf vun der Ekipp vum Sachs Karl-Gotthelf Kind (1801-1873) nom Prinzip vum Fräifall gebuert a gouf no him Kind-Quell genannt (Source Kind). D'Aarbechten hunn de 17. Juni 1841 ugefaangen an d'Buerung huet de 16. Juni[19] 1846 hir maximal Déift vu 730 m.[20] erreecht a war deemools déi déifst Buerung op der Welt mat Ausnam vu China, wou scho virdrun eng Buerung gemaach gouf, déi iwwer 1000 m déif goung. Eréischt 1871 gouf dee Rekord mat der Déifbuerung Sperenberg bei Berlin mat 1271 m Déift gebrach.
Déi zweet Thermalquell krut hiren Numm zu Éiere vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg.
De Pavillon Kind gouf an de Joren 1963-1964 vum Staatsarchitekt Constant Gillardin gebaut, fir d'Waasser vun der Kind-Quell ze zerwéieren. D'Gebai gouf tëscht 2000 an 2004 vum Architektebüro "steinmetz de meyer architectes urbanistes" ëmgebaut.
Am Joer 2012 mécht den éischte Fligereimusée vu Lëtzebuerg seng Dieren am Pavillon vun der Kind-Quell op.
D'Orangerie gouf 1910 no de Pläng vum lëtzebuergeschen Architekt Sosthène Weis gebaut.
Fir d'Kueristen an d'Touriste gehéieren zum Thermalbad de „Mondorf Parc Hôtel“ grad ewéi d'„Villa Welcome“.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Uganks Oktober 2018 huet de Regierungsrot e Gesetzesentworf ugeholl fir d'Gebaier vum Thermalbad fir eng Zomm vun 133,5 Milliounen Euro ze renovéieren[21]. De 24. Abrëll 2020 gouf d'Gesetz ënnerschriwwen dat et der Regierung erlaabt, den Domaine fir déi genannt Zomm an d'Rei ze setzen an auszebauen[22].
Bis 1976 stoung am Park eng Pergola, déi ëm 1898 vum Staatsarchitekt Prosper Biwer entworf gi war. D'Holzaarbechte ware vum Schräiner J.P. Hilbert vun Hollerech. Op der Bün wou traditionell de Kuerorchester gespillt huet, sinn ënner anerem d'Lucienne Boyer an d'Line Renaud opgetrueden. D'Konstruktioun huet un de Pavillon vun der Rudolfsquell zu Mariánské Lázně erënnert[23].
De Park vum Thermalbad stellt eng Verbindung tëscht Mënsch an Natur hier. Hien ass eng gréng Long, eng Plaz fir ze raschten, sech z'erhuelen, ze heelen, sech ze besënnen. Dozou gehéiert och d'Konscht, déi de Park an eng Skulpturegalerie verwandelt. 20 Monumenter a Konschtwierker, meeschtens vu lëtzebuergeschen Artisten, waarden drop entdeckt ze ginn.
Donieft gëtt et nach dës Wierker, bei deene weider Detailer den Ament (2008) onbekannt sinn:
D'Thermalbad gëtt vun engem Verwaltungsrot vu sechs Membere geréiert. Dräi Membere vertrieden de Lëtzebuerger Staat a gi vum Gesondheets-, Sozialversécherungs- a Finanzminister proposéiert. Zwéi Membere gi vum Regierungsrot aus dem Privatsecteur proposéiert; et muss sech ëm Perséinlechkeeten handelen, déi kompetent an der Gestioun vun Entreprisë sinn. De leschte Member gëtt an enger direkter a geheimer Wal ënnert de Salariéë vum Centre gestëmmt.
D'Membere vum Verwaltungsrot gi fir eng Dauer vu sechs Joer genannt; d'Mandat kann duerno erneiert ginn.
Period | President |
---|---|
... | ... |
2005 (?)-2008 (?) | Guy Bernard |
01.06.2008-31.12.2023 | Paul Hammelmann |
Commons: Thermalbad Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.