De Fräistaat Sachsen (op obersorbesch: Swobodny stat Sakska; Ofkierzung SN oder Sa.) ass en Bundesland am Oste vun Däitschland. D'Haaptstad ass Dresden a Leipzig d'Stad mat de meeschten Awunner.

Méi Informatiounen Fändel, Wopen ...
Fräistaat Sachsen
Fändel Wopen
Thumb Thumb
Basisdaten
Sproochen:Däitsch, Obersorbesch
Haaptstad:Dresden
Fläch:18.420,15 km²
Awunner:4,055 Mio (30. November 2014)[1]
Bevëlkerungsdicht:220 Awunner/km²
Politik
Stëmmen am Bundesrat:4
Ministerpresident:Michael Kretschmer (CDU)
Parteien an der Regierung:CDU-SPD-Koalitioun
Lokalisatioun
Thumb
Zoumaachen

Et gëtt Universitéiten zu Dresden, Leipzig, Chemnitz a Freiberg.

D'Gebitt, dat haut Sachsen ass, huet vun 1949 bis 1990 zu der Däitscher Demokratescher Republik gehéiert.

Geographie

Sachsen grenzt u Brandenburg (Norden), Sachsen-Anhalt (Nordwesten), Thüringen (Westen), Bayern (Südwesten), d'Tschechesch Republik (Süden) a Polen (Osten). Mat ronn véier Milliounen Awunner (6. Plaz) an enger Fläch vun ëm déi 18.400 Quadratkilometern (Plaz 10) läit Sachsen am Mëttelfeld vun de 16 däitsche Bundeslänner.

Gréisst Stied

Déi gréisste Stied (den Awunnerzuelen no) a Sachsen sinn:[2]

  1. Leipzig (Awunner: +531.000)
  2. Dresden (Awunner: +530.754)
  3. Chemnitz (Awunner: +242.022)
  4. Zwickau (Awunner: +91.564)
  5. Plauen (Awunner: +63.967)
  6. Görlitz (Awunner: +54.042)
  7. Freiberg (Awunner: +40.268)
  8. Bautzen (Awunner: +39.607)
  9. Freital (Awunner: +39.276)
  10. Pirna (Awunner: +37.645)

Um Spaweck

Commons: Sachsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Statistische Ämter des Bundes und der Länder: Bevölkerung - Sachsen (gekuckt den 9. Juni 2015)

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.