From Wikipedia, the free encyclopedia
Facebook ass e soziaalt Netzwierk um Internet. Et gehéiert der US-amerikanescher Entreprise Meta Platforms, zu där ënner anerem och Instagram a WhatsApp gehéieren.
Facebook gouf de 4. Februar 2004 vum Mark Zuckerberg a senge Matbewunner Eduardo Saverin, Andrew McCollum, Dustin Moskovitz a Chris Hughes gegrënnt, déi zesummen op der Harvard Universitéit studéiert hunn.[1] Si haten ufanks den Zougank op d'Websäit fir Harvard-Studenten an duerno fir Studente vun aneren elitären Universitéite limitéiert. Wéinst senger grousser Beléiftheet konnte sech méi spéit och all aner Universitéits- a Lycéesstudente registréieren. Haut ass d'Netzwierk op fir all Mënsch, dee behaapt méi wéi 13 Joer al ze sinn.
D'Benotzer musse sech registréieren, éier si d'Säit kënne benotzen. Dat erlaabt et hinnen, e perséinlecht Profil opzestellen, Messagen ze schreiwen, sech mat anere Benotzer als Frënn ze vernetzen an automatesch matgedeelt ze kréien, wann d'Frënn hire Profil aktualiséieren. Zousätzlech kënnen d'Benotzer Interessegruppe bäitrieden, déi zum Beispill der Aarbechtsplaz, der Schoul, der Universitéit oder anere Charakteristiken no klasséiert sinn. Facebook erlaabt et och, seng Frënn ze kategoriséieren ("Aarbechtskolleegen", "Famill", etc). Zanter September 2012 huet Facebook iwwer eng Milliard aktiv Benotzerkonten.[2] Ongeféier 9% vun de Benotzerkonte si gefälscht Profiller, dat heescht, si representéiere keng reell Persoun.[3]
Den 18. Mee 2012 ass Facebook Inc. un d'Bourse gaangen.[4] Wéinst sengem Revenu vu 5 Milliarden US-Dollar steet Facebook zanter Mee 2013 op der Fortune 500-Lëscht vun de 500 gréisste privaten amerikaneschen Entreprisen.[5]
2012 gouf Facebook op 104 Milliarden US-Dollar geschat, an am Januar 2014 war de Maartwäert schonn op 134 Milliarde geklommen.[6] Enn Januar 2014 waren 1,23 Milliarde Benotzer um Site aktiv. Am Dezember 2013 goufen 945 Millioune Benotzer identifizéiert, déi Facebook op d'mannst eemol am Mount iwwer den Handy benotzen.[7]
Haaptsächlech an Europa steet de Site wéinst Verstéiss géint den Dateschutz an der Kritik.[8]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.