Remove ads
Spidol an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg:
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Centre hospitalier de Luxembourg | |
---|---|
Den Hôpital municipal (2020) | |
Basisdonnéeën | |
Address: | CHL Centre, KannerKlinik a Verwaltungssëtz: 4, rue Ernest Barblé L-1210 Lëtzebuerg |
Typ: | Ëffentlecht Etablissement[1] |
Ouverture: | 1976[2] |
Stationär Better: | 579 (2015)[3] |
Mataarbechter: | 2.348 (2019)[2] |
dovun Doktoren: | 300 (2015)[3] |
Websäit: | www.chl.lu |
Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur[2] zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun 2.348 (2019)[2] Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten[3].
2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten.
Generaldirekter vum CHL ass zanter … de Romain Nati[5]; hie gëtt am Mäerz 2024, wann hien an d'Pensioun geet, vun der Dr Martine Goergen ersat[6].
Um Site vum CHL gëtt et zwielef national medezinesch Departementer:
Am CHL stinn och eng Rei national medezinesch Ekipementer, wéi de PET-Scan, d'extrakorporal Stousswellelithotripsie an de Laboratoire fir In vitro-Befruchtung.
Den CHL assuréiert eng permanent Garde fir d'Kannerklinick grad wéi fir all national Servicer.
Den CHL gouf mam Gesetz vum 10. Dezember 1975 gegrënnt[1]. En huet 1976 seng Dieren opgemaach, no der Zesummeféierung vum neigebauten Hôpital municipal mat der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Clinique pédiatrique. 2004 ass nach d'Clinique d'Eich derbäikomm[2].
Nieft villen Zerwisser vun der Allgemengmedezin, der Chirurgie an der Psychiatrie gëtt et am Hôpital municipal och nach aner national Departementer wéi dee vun der Neurochirurgie, vun der Onkologie-Hematologie, den Infektiouns- an Tropekrankheeten an der Immuno-Allergologie[2].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Maternité Grande-Duchesse Charlotte.
D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gëtt et zënter 1936[2].
D'Clinique pédiatrique oder Kannerklinick funktionéiert zënter 1966[2].
D'Eecher Klinick ass den 1. Januar 2004 mam CHL fusionéiert[7].
Am November 2021 hunn Ofrappaarbechte vum fréiere Gebai vun der Maternité op der Areler Strooss, dat zanter 2015 eidel stoung, ugefaangen. Op déi Plaz kënnt en neit Gebai vum Centre hospitalier; de Grondsteen dofir ass den 22. Februar 2024 geluecht ginn[8]. Dat neit Gebai, dat Enn 2028 operationell soll sinn(Stand: Februar 2024) kritt 476 Better an 18 Operatiounsbléck. De Käschtepunkt gëtt op 821 Milliounen Euro geschat[8][9]. Och d'Aktivitéite vun der Eecher Klinick ginn am neien CHL zentraliséiert.[10]
Et ass och en neit Gebai fir d'Kannerklinick geplangt, wou awer nach net genee gewosst ass, wou et hikomme soll (Stand: Oktober 2023)[9].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.