From Wikipedia, the free encyclopedia
science.lu ass eng Lëtzebuergesch online Wëssenschaftssäit, déi sech un déi breet Ëffentlechkeet riicht. Si gëtt vum Fonds national de la recherche bedriwwen, an Zesummenaarbecht mat Acteuren aus der Wëssenschaft an der Fuerschung zu Lëtzebuerg. science.lu ass um Internet present duerch hir Websäit an och an de soziale Medien, ewéi Facebook, Instagram, YouTube an TikTok. Doriwwer riicht science.lu sech och iwwer Radio an Televisioun vun RTL Lëtzebuerg un d'Ëffentlechkeet.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mister Science mat sengem Moto "Kuck hannendrun!" ass exklusiv op Lëtzebuergesch. Duerch d'Videoen, Experimenter a wëssenschaftlech Erklärunge vum Mr. Science gëtt versicht op Alldagsfroen eng allgemeng verständlech wëssenschaftlech Äntwert ze ginn.
Hanner science.lu stinn de Chefredakter an Initiator Jean-Paul Bertemes, d'Michèle Weber, stellvertriedend Chefredaktesch, de Joseph Rodesch, alias Mr. Science an d'Melanie Reuter, Redaktesch. Niewent dëse 4 Leit gehéieren nach 8 fräi Mataarbechter zum science.lu-Team: den Uwe Hentschel, de Sven Hauser, den André Mousset, den Andy Genen, den Ingo Knopf, den Hannes Schlender, den Dirk Hans an d'Julia Thurau (Stand: Jan. 2021).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.