De Lëtzebuerger vum Joer ass eng Wiel, déi zanter 2008 vun RTL Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Zanter dem Joer 2012 gëtt parallel eng Fra zur Lëtzebuergerin an e Mann zum Lëtzebuerger vum Joer gewielt. Dës Wiel soll Persounen auszeechnen, déi de Public duerch besonnesch Leeschtunge markéiert hunn. Jidderee ka Virschléi vu Persounen, déi dësen Éierentitel verdénge kéinten, un RTL schécken. E Jury wielt dann 10 Fraen an 10 Männer aus a stellt se da vir, ier zur Ofstëmmung opgeruff gëtt. Den 31. Dezember ginn dann d'Nimm vun de Gewënner verëffentlecht.
Bis elo hunn dës Persounen den Titel Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer gewonnen:
- 2023: Den un ALS erkrankte Georges Klepper fir säi Buch 140 Jahre Luxemburger Sportgeschichte(n)[1] an d'Jakkie Paulus, déi beim CGDIS als benevole Mataarbechterin an éischt weiblech Chef vum Groupe de Support Psychologique engagéiert ass[2].
- 2022: Dr Bernard Thill, Benevole bei Médecins du Monde[3] a Karen Van Hout mat hirer ASBL Ambulanz Wonsch[4].
- 2021: D'Personal vum Gesondheet- a vum Fleegesecteur. Fir d'Fraen huet d'Presidentin vun der Beruffsassociatioun Anil vun den Infirmièren an Infirmieren, d'Anne-Marie Hanff de Präis entgéint geholl. Fir d'Männer den Anästhesist Dr. Marco Klop fir seng Initiativ #Yeswecare[5]
- 2020: D'Fraen an d'Männer aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur[6]
- 2019: Jenny Warling (Karateka) a Remy Eiffes (Zaldot)[7]
- 2018: Gwen Daufeld (Aarbecht mat Demenzkranken) a Jeff Herr (Wonschkutsch)[8]
- 2017: Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)[9]
- 2016: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)[10]
- 2015: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)[11]
- 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main" ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d'Liewe komm)[12]
- 2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)[13]
- 2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)[14]
- 2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)[15]
- 2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)[16]
- 2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)[17]
- 2008: Jean-Claude Juncker (Premier)[18]