From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hôpitaux Robert-Schuman (kuerz HRS) sinn eng Grupp vu véier Spideeler zu Lëtzebuerg, dovun dräi an der Stad Lëtzebuerg an eent zu Esch.
Hôpitaux Robert Schuman S.A. | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungsdatum | 27. Mäerz 2014[1] |
Sëtz |
9, rue Edward Steichen L-2540 Stad Lëtzebuerg-Kierchbierg Lëtzebuerg |
Generaldirekter |
Georges Heirendt[2] President vum Verwaltungsrot Marc Berna[3] Generaldirekter |
Mataarbechter |
2.200 Salariéen + 250 fräiberufflech Dokteren[4] |
() | |
() | |
Branche | Gesondheetswiesen |
Produit | Spidol |
Homepage | www.hopitauxschuman.lu |
D'Grupp besteet aus follgenden Spideeler:
De 6. Mee 1992 hunn Kongregatioun vun de Schwëstere vun der helleger Elisabeth an d'Kongregatioun vun de Franziskanerinne gemeinsam d'Fondation François-Elisabeth (FFE) gegrënnt, fir hir Klinicken (Clinique Sacré-Cœur, Clinique Sainte-Elisabeth a Clinique Saint-François) ënner dem Daach vun enger neier Organisatioun zesummenzefaassen. De 4. Juli 2003 huet d'Spidol um Kierchbierg seng Dieren opgemaach[1].
Am Abrëll 2002 huet d'FFE e Partnerschaftsofkommes mat der Privatklinik Dr E. Bohler ënnerschriwwen, déi de 6. Januar 2006 dunn och op de Kierchbierg verluecht gouf[1]. Den 1. Abrëll 2004 huet d'FFE och d'Aktivitéite vun der Escher Clinique Sainte-Marie iwwerholl[1]. Donieft huet FFE nach eng eegen Déngschtleeschtungsfirma fir all hir Spideeler gegrënnt, déi ufanks Les Saveurs de la Santé geheescht huet a spéider a Santé Services ëmbenannt gouf. Dee Prestataire deckt all d'Beräicher vun der Gesondheetsversuergung vun der Gebuert bis zum Doud of[1].
Am Dezember 2012 hunn d'FFE an d'Zithaklinik e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, fir méi enk mateneen zesummenzeschaffen an en neie Spidolsverband ze bilden[5]. De 27. Mäerz 2014 hu sech déi zwou Institutiounen dunn zesummegeschloss fir d'Hôpitaux Robert Schuman ze bilden[1]. Eng Stëftung mam Numm Fondation Hôpitaux Robert-Schuman (FHRS) ass geschaaft ginn, fir déi véier Spideeler ze verwalten[6]. De President vum Verwaltungsrot vun der FHRS war de Frank Wagener an de Generaldirekter war den Dr Paul Wirtgen[6].
2018 haten déi véier Spideeler eng Capacitéit vu 750 Better[7]. Bis spéitstens 2023 soll d'Spidol um Kierchbierg ëm een Tuerm mat 15 Stäck erweidert ginn, an deem ënner anerem d'Escher Clinique Sainte-Marie soll integréiert ginn. Där hir Infrastruktur entsprécht net méi dem aktuelle Standard a soll duerno zougemaach ginn[7].
D'Grupp ass nom Staatsmann Robert Schuman benannt, well hien d'Wäerter vum der Grupp géif representéieren: d'Ëffnung zu Europa an déi geschichtlech Proximitéit zur Groussregioun. De Robert Schuman wier e Mann gewiescht, dee Schwieregkeete mat Erfolleg gemeeschtert hätt, dee seng Verantwortung geholl hätt an dee staark chrëschtlech Wäerter vertrueden hätt[4].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.