Den Escher Conservatoire, offiziell: Conservatoire de musique de la Ville d'Esch, ass e Museksconservatoire zu Esch-Uelzecht. En ass an der Other Strooss, am fréieren Arbeds-Casino ënnerbruecht. Direkter ass vun 2011 un de Marc Treinen[1], vun 1978 bis dohi war et de Fred Harles.

Séier Fakten Land, Plaz ...
Escher Conservatoire
Thumb
Südfassad.
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht, Other Strooss
Koordinaten 05° 58’ ’’ E 49° 29’ ’’ N
Architekt(en) Paul Tafel
Statut Nationaalt Monument (INPA)
Datum vum Bau 1910/12
Proprietär Gemeng Esch-Uelzecht
Zoumaachen
Thumb
Säit laanscht d'Avenue des Terres-rouges.

Geschicht

1926 gouf zu Esch eng éischt Musekschoul ageweit. 1969 gouf se offiziell an e “Conservatoire de Musique” ëmbenannt. 1992 huet d'Escher Gemeng de fréieren Arbedscasino opkaaft, wuer, no Ëmbauaarbechten, de Conservatoire aus sengem ale Gebai an der Kierchestrooss, geplënnert ass.

D'Gebai

D'Gebai, an deem de Conservatoire haut dran ass, war 1910-1912 vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG als Casino gebaut ginn (Architekt: Paul Tafel), wou Receptiounen ofgehale goufen, deen awer och als Restaurant, Keelebunn a Festsall benotzt gouf. Am selwechte Baustil goufen och Wunnenge fir Beamten an administrativ Gebaier niewendru gebaut.

1985 huet d'Arbed, an där hire Besëtz en 1919 iwwergaange war, de Casino zougemaach a verkaaft. Deen neie Proprietär wollt en ofrappen an eng Bensinnsstatioun dohi bauen, huet dat awer op Protester vun Denkmalschützer hi si gelooss. De Lëtzebuerger Staat huet d'Gebai opkaaft an ënner Denkmalschutz gestallt; et gouf den 28. November 1986 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[2]

1992 huet d'Escher Gemeng et ofkaaft fir do de Conservatoire dran z'installéieren.

Coursen, déi den Escher Conservatoire ubitt

  • Solfège
  • Akustik
  • Geschicht vun der Musek
  • Museksanalys a Museksesthetik
  • Harmonie
  • Kontrapunkt
  • Fug
  • Kompositioun
  • Musekspedagogie
  • Chouerdirektioun
  • Orchesterdirektioun
  • Eveil vocal
  • Sologesank
  • Art lyrique
  • Gregorianesche Gesank
  • Jazz
  • Danz
  • Diktioun
  • Kummermusek
  • Orchestermusek
  • Chouermusek

An der Musekschoul gëtt et verschidden Ensembelen, wéi d'Brass Band, den Harmoneschen Orchester, de Synphoneschen Orchester, en Orchestre de Chambre, en Ensemble vocal an d'Chorale des jeunes.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Conservatoire de musique Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Marc Treinen is neuer Direktor." tageblatt.lu, 08. Juli 2011 09:43; Akt: 08.07.2011 17:24

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.