From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Davis Cup ass dee wichtegsten Tournoi fir Nationalekippen am Hären-Tennis. Den Tournoi ass 1899 an der Harvard Universitéit an Amerika entstanenen. D'Coupe gouf deemools vum Dwight Filley Davis gestallt. Den Davis Cup gëtt all Joer tëscht méi wéi honnert Natiounen, a verschiddene Gruppen a Ronnen, ausgedroen. D'International Tennis Federatioun (I.T.F.) ass fir den Davis Cup zoustänneg. All Ronn tëscht zwou Ekippe gëtt a véier Eenzelen an an engem Dubbel an dräi Deeg gespillt. Een änlechen Tournoi gëtt et och bei de Fraen, ënner dem Numm Fed Cup souwéi am Mixed (Dubbel mat enger Spillerin an engem Spiller pro Ekipp) ënner dem Numm Hopman Cup
Am Davis Cup gëtt et am Ganze 5 Spillklassen; déi héchst Klass ass d'Weltgrupp, an deem déi 16 bescht Natioune vun der Welt spillen. Duerno kommen d'Europa/Afrika-Zon 1, d'Amerika-Zon 1 an d'Asien/Ozeanien-Zon 1. Nom selwechte Prinzip geet dat weider bis an déi 4. Divisioun vum jeeweilege Kontinent/vun der jeeweileger Regioun. Lëtzebuerg spillt zanter 2004 an der Europa/Afrika-Zon 1, also an der zweethéchster Klass, a konnt an deene leschten 2 Joer mat deelweis beandrockende Leeschtungen den Ofstieg verhënneren.
Commons: Davis Cup – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.