From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fréijoersufank, also den Ufank vun der Joreszäit Fréijoer, kann entweeder astronomesch, meteorologesch oder phenologesch bestëmmt ginn.
Astronomesch gëtt op der Nordhallefkugel duerch d'Primar-Equinoxe festgeluecht. Den Zäitpunkt um Kalennner variéiert a fält, ofhängeg ënner anerem vun der Distanz zum leschte Schaltjoer, op den 19., 20. oder 21. Mäerz.
Meteorologesch läit de Fréijoersufank op der Nordhallefkugel vun der Äerd um Ufank vum Mount, den 1. Mäerz. De meteorologesche Fréijoersufank gouf vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (World Meteorological Organisatioun, WMO), enger Ënnerorganisatioun vun der UN, festgeluecht. Sou gi jeeweils dräi Méint de Joreszäiten zougerechent. Dezember, Januar a Februar sinn d'Wanterméint, d'Fréijoer ëmfaasst d'Méint Mäerz, Abrëll a Mee. Op déi Aart a Weis kënnen d'Statistiken (wéi z. B. d'Mëttelwäerter vun de Méint) an d'Klima méi liicht matenee verglach ginn.
Phenologesch deelt sech d'Fréijoer a Mëtteleuropa an dräi Phasen:
De phenologesche Fréijoerufank wiesselt net nëmme mat der geographescher Längt a Breet, mä och mat der Héicht, mat de grousse Klimagebidder an och mat de klengraimege Klimaverhältnesser. Sou fänken déi eenzel Fréijoersphasen a geschützte Lage vun de Stied dacks éischter u wéi um fräie Feld.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.