Stad an Haaptuert vun der Gemeng Ettelbréck From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Stad Ettelbréck ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat deem selwechten Numm. Et ass eng vun den 12 Stied aus dem Land.
Ettelbréck | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Ettelbruck de: Ettelbrück |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Ettelbréck |
Buergermeeschter | Bob Steichen (LSAP) |
Awunner | 8.174 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 792,2215 ha[1] |
Koordinaten |
49° 50’ 47’’ N 06° 05’ 57’’ O |
Websäit | http://www.ettelbruck.lu/ |
Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter (NG-L). Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass tëscht Déifert an Al op 191.5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.
Déi héchst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.
Zu den Originne vum Numm "Ettelbréck" gëtt et verschidden Theorien: Enger vun hinnen no wier den Numm op "Atilbriga", zeréckzeféieren, dat op indogermanesch "fruchtbare Buedem" bedeite géif. Eng aner seet, e géif op den Hunnekinnek Attila (och als "Etzel" bekannt) zeréck. D'Hunne solle bei der haiteger Gemeng Schieren eng Bréck iwwer d'Uelzecht gebaut hunn an der spéiderer Stad sou den Numm ginn hunn. (Etzelbréck -> Ettelbréck).
Duerch eng Poopstbull vun 1148 an 1161 ass Ettelbréck ënner d'Herrschaft vun der Abtei Iechternach komm.
Ettelbréck huet a senger Geschicht schwéier Zäite matgemaach. Et ass puermol verbrannt, well d'Stréidiech hunn deemools d'Feierkatastrophe begënschtegt. Déi schroost Feierkatastroph war 1778, wéi gläich 480 Haiser ganz verbrannt sinn. Eng Strooss vun Ettelbréck, den Aeschenhiwwel, erënnert haut nach un dës Katastroph. Well d'Bierger schlecht dru waren, hu si der deemoleger Landesfürstin Maria-Theresia geschriwwen a si ëm Hëllef gebieden. Si huet hinnen dunn d'Erlabnes ginn, fir all Mount e grousse Maart ofzehalen.
Ettelbréck als Portal vum Norden huet vill vum Bauerewiesen am Éislek profitéiert. D'Véi- an d'Bottermäert, d'Akerbauschoul, de Landwirtschaftleche Verband, d'Ettelbrécker Molkerei an d'Ettelbrécker Gare, wou d'Baueren hir geschlasse Lou verfracht hunn, ware lauter positiv Elementer an dëser Entwécklung.
Ettelbréck hat eng gréisser jiddesch Gemeinschaft. Déi éischt jiddesch Famillen hu sech Ufanks vum 19. Joerhonnert hei niddergelooss.[2]
Am Laf vun der Zäit ass Ettelbréck eng Industriestad ginn, wéi géint Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Bridder Godchaux zu Ettelbréck eng Wollwäscherei an eng Spannfabréck opgemaach hunn. Och d'Miwwel- an d'Tubaksbranche hu sech zu Ettelbréck niddergelooss.
Z'ernimmen ass och nach een historescht Ereegnes: Um Kiosk op der Schoulplaz gouf de 5. Juni 1864 déi Lëtzebuerger Nationalhymn, Ons Heemecht, fir d'éischt ëffentlech opgefouert.
Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 huet Ettelbréck den Titel "Stad" kritt (zesumme mat Diddeleng a Rëmeleng).
Hir schwéierst Zäit hat d'Stad wéi all aner Gemenge vum Éislek am Zweete Weltkrich wéi de Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv gebilt huet.
Nom Zweete Weltkrich ass zu Ettelbréck de Brauch ageféiert ginn, den alliéierte Befreier ze gedenken. Ettelbréck gouf zur "Patton"-Stad an huet dem Generol George S. Patton e Square Patton ageriicht.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Zu Ettelbréck si ronn 285 Geschäfter an 88 Branchen, souwéi 10.000 Quadratmeter Foussgängerzon.
Ettelbréck huet ëm déi 1500 ëffentlech Parkplazen, déi quasi all eppes kaschten.[6] 2021 ass d'Parkhaus am Däich mat ronn 450 Parkplazen opgaangen.[7]
Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.