Den Aloyse Schiltz, gebuer den 21. Januar 1919 zu Ettelbréck, a gestuerwen den 8. Abrëll 2017, war e lëtzebuergesche Resistenzler an Offizéier (Lieutenant-Colonel).[1],[2]
Aloyse Schiltz | |
---|---|
Den Aloyse Schiltz (an englescher Offizéieschuniform) a säi Brudder René (verstoppt am Pafendaller Kierchtuerm) waren den 11/09/1944 bei der Liberatioun vun Ettelbréck derbäi | |
Gebuer | 1918 |
Gestuerwen | 8. Abrëll 2017 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Hien ass de Brudder vum René Schiltz, deen och Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi war.
Als fréiere Member vun de Lëtzebuerger Scouten, déi vun den Nazie verbuede waren, huet hie sech a seng ganz Famill an der Resistenz engagéiert.
Wéi d'Gestapo him op der Spuer war, huet hie mat der Hëllef vum Albert Ungeheuer d'Land verlooss an iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal, London erreecht.
Mat der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Exilregierung gouf hien déi franséisch Offizéieschschoul Cadets de la France Libre (St. Cyr en exil) opgeholl. Am Mee 1944 krut e säin Offizéieschbrevet an huet dunn nach Spezialcourse bei de Parascommandoe vum BCRA kritt.
Uganks August gouf hien an de franséischen Ardennen an der Géigend vu Charleville-Mézières hanner den däitsche Linne parachutéiert an huet mat de Maquisarde géint déi däitsch Ënnerdrécker gekämpft.
Den 10. an 11. September 1944 war hie bei der Liberatioun vu Lëtzebuerg derbäi. Nom Krich war hie Kommandant vun der Groussherzoglecher Garde an huet an där Eegenschaft den Exekutiounsplotto kommandéiert, deen déi zum Doud verurteelt Kollaborateuren higeriicht huet.
- Serge Hoffmann (Historiker): Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997
Den Aloyse Schiltz als Zäitzeien am Film Heim ins Reich(fr)
- Noruff fir de Lieutenant-Colonel Aloyse Schiltz am Luxemburger Wort vum 21. Juni 2017 op der Säit 61
- Den Aloyse Schiltz op der Websäit onsjongenameedercher.lu
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.