De 17. Juli ass den 198. Dag vum Joer (199. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Evenementer
- 1453: Mat enger Victoire vum franséische Kinnek Charles VII. senger Arméi an der Schluecht vu Castillon geet den Honnertjärege Krich op en Enn; England verléiert bis op Calais all säi Besëtz um Kontinent.
- 1789: Frankräich: De Louis XVI. gëtt zu Paräis empfaangen, an akzeptéiert d'"Cocarde tricolore" (Symbol vun der Revolutioun).
- 1791: Frankräich: Schéisserei um Champs-de-Mars.
- 1927: De Nicolas Frantz gewënnt als zweete Lëtzebuerger den Tour de France.
- 1936: Mat engem Militärputsch duerch de General Franco fänkt de Spuenesche Biergerkrich un.
- 1942: Ufank vun der Schluecht vu Stalingrad.
- 1945: Ufank vun der Potsdamer Konferenz.
- 1951: De Baudouin gëtt Kinnek vun de Belsch, nodeems säi Papp Leopold III. deen Dag virdrun ofgedankt huet.
- 2000: De Baschar al-Assad gëtt Staatspresident a Syrien.
- 2014: De Fluch 17 Malaysia Airlines gëtt iwwert der Ukrain ofgeschoss.
Gebuer
- James Cagney
- Donald Sutherland
- Angela Merkel
- 1752: Barnaba Oriani, italieeneschen Astronom.
- 1753: Dominique Zimmer, lëtzebuergeschen Händler a Gemengepolitiker.
- 1817: Antoine Hartmann, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1837: Jean-Nicolas Klensch, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 1833: Hippolyte Maringer, franséische Politiker.
- 1840: Édouard André, franséische Landschaftsarchitekt.
- 1860: Charles Eydt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1860: Clara Viebig, däitsch Schrëftstellerin.
- 1872: Ernest Dominique Laeis, lëtzebuergesch-däitsche Jurist, Auteur a Lokalpolitiker.
- 1888: Samuel Joseph Agnon, hebräeschen Epiker.
- 1894: Georges Lemaître, belschen Theolog an Astrophysiker.
- 1898: Konrad Gorges, däitsche Jurist an NSDAP-Politiker an 'Oberbürgermeister der Stadt Luxemburg'.
- 1899: James Cagney, amerikanesche Schauspiller.
- 1901: Herbert Grabert, Grënner vum Grabert-Verlag.
- 1910: Jean Krombach, lëtzebuergesche Leefer.
- 1916: François Michels, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1920: René Marchetti, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1920: Paul Pavel, franséische Schauspiller.
- 1923: Willy Falkero, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1927: Egon Jux, däitschen Architekt.
- 1932: Wojciech Kilar, polnesche Komponist.
- 1932: Quino, argentinesche Cartoon-Zeechner.
- 1935: Donald Sutherland, kanadesche Schauspiller.
- 1939: Spencer Davis, brittesche Museker.
- 1939: Milva, italieenesch Sängerin.
- 1944: Jean-Claude Brisseau, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent.
- 1954: Philippe Gourier, franséische Sculpteur.
- 1954: Angela Merkel, däitsch Politikerin.
- 1961: António Costa, portugisesche Politiker.
- 1965: Roy Reding, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1978: Anna Zatonskih, ukrainesch-US-amerikanesch Schachspillerin.
- 1982: René Herms, däitschen 800-Meter Leefer.
- 1982: Jonathan Proietti, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1985: Martin Kohler, Schwäizer Vëlossportler.
- 1985: Jairo Delgado Ferreira, lëtzebuergesche Basketballspiller.
Gestuerwen
- 1588: Mimar Sinan, osmaneschen Architekt.
- 1790: Adam Smith, brittesche Philosoph an Ekonomist.
- 1825: Charles Cochon de Lapparent, franséische Politiker.
- 1881: Pierre Burggraff, lëtzebuergesche Philolog.
- 1885: Hubert Brialmont, belschen Ingenieur.
- 1904: Isaac Roberts, waliseschen Astronom.
- 1907: Hubert Hilger, lëtzebuergesche Politiker a Bauer.
- 1910: Jean Soupert, lëtzebuergesche Rousenziichter.
- 1918: Nikolai II. vu Russland, Zar.
- 1959: Billie Holiday, US-amerikanesch Jazzsängerin.
- 1980: Jos Schummer, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 1983: Jérôme Anders, lëtzebuergeschen Economist, Regierungsconseiller an Auteur.
- 1987: Janine Ronceray, franséisch Schauspillerin.
- 2000: Pascale Audret, franséisch Schauspillerin.
- 2008: Johny Fonck, lëtzebuergesche Foussballspiller, Liichtathleet an Olympionik.
- 2010: Bernard Giraudeau, franséische Schauspiller an Auteur.
- 2017: Pierre Kraus, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 2019: Andrea Camilleri, italieenesche Schrëftsteller.
- 2020: Zizi Jeanmaire, franséisch Ballettdänzerin, Schauspillerin a Chansonsängerin.
- 2021: Jacqueline Sassard, franséisch Schauspillerin.
- 2023: Nico Pleimling, lëtzebuergesche Vëlossportler.
Feierdeeg
Um Spaweck
Commons: 17. Juli – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.