Remove ads
franséische Gaardenarchitekt a Botaniker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Édouard François André, gebuer de 17. Juli 1840 zu Bourges, a gestuerwen de 25. Oktober 1911 zu La Croix-en-Touraine am franséischen Departement Indre-et-Loire, war e franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker. Hien huet an Europa an a Südamerika eng sëllege Parke geplangt an ugeluecht, dorënner déi vu Monte-Carlo, Liverpool a Montevideo. Och de Park vun der Stad Lëtzebuerg, deen tëscht 1871 a 1878 vun der Stad Lëtzebuerg ugeluecht gouf, nodeem d'Festungsanlagen ofgerappt gi waren, an d'Promenaden am Péitrussdall an op den Dräi Eechelen ginn op hien zeréck. No 1886 huet hien zu Lëtzebuerg och de Park vum Thermalbad vu Munneref an de Park vum Hotel Grand-Chef zu Munneref ugeluecht, sou wéi d'Parke vum Mäerterter "Schlass" (Famill Pescatore), vum Schlass Kockelscheier (Famill Dutreux-Pescatore), dee vum Bouferdenger "Schlässchen" (och Famill Dutreux-Pescatore) an dee vum Walfer Schlass (am 20. Jh. zerstéiert).[1]
Édouard André | |
---|---|
Gebuer |
17. Juli 1840 Bourges |
Gestuerwen |
25. Oktober 1911 La Croix-en-Touraine |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Botaniker, Landschaftsarchitekt, Universitéitsprofesser, Saachbuchauteur, Architekt |
Ausserdeem war e Chefredakter vun der Illustration horticole, déi dem Belsch-Lëtzebuerger Botaniker Jean Linden gehéiert huet. 1875-1876 huet en eng botanesch Exploratioun an d'Anden geleet a vun do eng sëllege Planze mat an Europa bruecht, dorënner d'Anthurium andreanum, haut d'Embleem vun der Martinique. Hie gouf Professer fir Gaardebau op der École nationale d'horticulture zu Versailles. Zwanzeg Joer laang huet hien och d'Revue horticole erausginn.
Fir un den André z'erënneren ass um Lampertsbierg an der Stad eng Plaz no him benannt: de Square Édouard André.
Commons: Édouard André – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.