From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paranal-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire an der Atacamawüst am Norde vum Chile, um Bierg Cerro Paranal, ongeféier 120 km südlech vun der Stad Antofagasta an 12 km vun der Pazifikküst ewech. Den Observatoire gëtt vum Europäesche Südobservatoire (ESO) bedriwwen an ass d'Standplaz vum Very Large Telescope (VLT) a vum Very Large Telescope Interferometer (VLTI). Zousätzlech ginn d'Surveyteleskope VISTA a VST gebaut. D'Atmosphär iwwer der Spëtzt vum Bierg zeechent sech duerch eng dréchen an aussergewéinlech roueg Loftstréimung aus, wat de Bierg zu enger attraktiver Plaz fir den Observatoire mécht. D'Spëtzt gouf an de fréien 1990er Jore vu senger ursprénglecher Héicht vun 2.660 op 2.635 Meter erofgesprengt, fir e Plateau fir de VLT ze schafen.
De Paranal läit wäit vun den Haaptverkéiersstroossen ewech. Den Observatoire ass vun Antofagasta aus nëmmen mat enger Faart vun e puer Stonnen z'erreechen. Et gëtt keng Versuergungsleitungen op Paranal, all Verbrauchsgidder musse lokal gemaach oder stockéiert ginn. Nieft Betrib an Ënnerhalt vun den Teleskope bedeit dat de Ravitaillement vu ronn 130 Leit, déi stänneg um Bierg sinn.
Am Ëmfeld vun Antofagasta sinn en ettlech Kofferminnen, déi ënner änleche Bedingunge schaffen. Dofir huet d'Infrastruktur net misse komplett nei opgebaut ginn, mä et konnte spezialiséiert Versuergungsentreprisen domat beschäftegt ginn. Waasser gëtt zwee- bis dräimol am Dag, sou wéi et gebraucht gëtt, mat Tankcamione geliwwert. Och de Brennes fir d'Tankstatioun vun den eegenen Autoen a fir d'Gasturbinn fir de Stroum ze maache gëtt op d'Plaz bruecht. Ausserdeem gëtt et nach dräi Dieselgeneratoren, déi allerdéngs nëmme bei Stroumausfäll gebraucht ginn. D'Gefierer gi lokal an der Rei gehalen. D'wëssenschaftlech Instrumenter mussen extra gekillt ginn, woufir flëssege Stéckstoff gebraucht gëtt. Eng ESO-eege Verflëssegungsanlag gouf 2006 dofir vum La Silla op Paranal transportéiert, nodeem de flëssege Stéckstoff déi Jore virdru vun Antofagasta aus geliwwert gouf. Telekommunikatioun, d. h. Telefonie, Videoverbindungen an Dateverkéier ginn iwwer eng Mikrowellen-Richtfunkstreck op Santiago ofgewéckelt.
D'Ingenieuren an d'Wëssenschaftler ginn national am Chile wéi och international rekrutéiert, meeschtens aus de Memberlänner vum ESO. Déi offiziell Sprooch ass Englesch, donieft gëtt och Spuenesch an aner europäesch Sprooche geschwat. D'Personal vum Paranal lieft entweeder zu Antofagasta oder zu Santiago de Chile a kënnt fir Schichte vun enger bis zwou Wochen op Paranal. D'Transportkäschten iwwerhëlt d'ESO, déi de Fluch vu knapps 2 Stonnen tëscht Santiago an Antofagasta duerch en externe Reesbüro bucht, deen och eng Succursale am ESO-Büro zu Santiago bedreift. Et gëtt och all Dag en Transport vun Antofagasta op Paranal an zeréck mat engem gecharterte Bus.
Ausser den Teleskopen an de VLTI-Laboratoiren um Plateau vum Bierg gëtt et nach e Kontrollgebai. All d'Teleskopen an de VLTI gi vun do aus engem eenzege Kontrollraum gesteiert, soudatt nuets kee sech am Teleskopberäich ophält.
D'Wunn- a Schlofplaze sinn an engem Basislager, 200 m méi déif an ongeféier fënnef Kilometer vun den Teleskopen ewech. Do sinn och d'Verwaltung, eng Kantin, Relaxéierraim, e klenge Schwammbaséng an zwéi Gäert installéiert.
Dräi weider fest Gebaier am Basislager sinn e Lager, eng Sporthal, an en Atelier fir d'Teleskopen an d'Instrumenter souwéi fir d'reegelméisseg Beschichtung vun den Teleskop-Haaptspigele mat Aluminium (Mirror Maintenance Building, MMB), a fir zousätzlech Ingenieur- an Technikerbüroen. Fir Noutfäll gëtt et eng stänneg besat Unfallstatioun, e Rettungswon, eng Helikopterlandeplaz direkt beim Basislager an eng kleng Start- a Landebunn um Fouss vum Bierg. Ausserdeem huet den Observatoire och e klenge Pompjeescorps. D'Konstruktioun vum Gebai an den Teleskopen ass sou ausgefouert, datt och no engem schwéieren Äerdbiewen de Betrib weidergefouert ka ginn.
Fir kee Stëbs ze maachen, sinn d'Stroosse fir bei den Observatoire asphaltéiert.
Well et ronderëm den Observatoire nuets däischter muss sinn, huet d'Residenzen en extra Verdonkelungssystem, d'iewescht Liichte vun de Gäert a vun der Kantin kënne mat spezielle Ridoen zougemaach ginn. All aner Fënsteren an Dieren hu Jalousien aus schwéiere Ridoen oder sinn nuets mat Holzblende verdeckt.
Wéi am Ëmfeld vun allen opteschen Observatoiren däerf nuets nëmme mat Standliicht gefuer ginn. Dofir sinn déi meescht Autoen, déi do zirkuléieren, wäiss an hunn phosphoreszéierend Begrenzungspechbiller. D'Strooss gëtt duerch Begrenzungsluuchte markéiert, déi sech am Dag duerch Solarzellen oplueden. Foussweeër am Teleskopberäich sinn och mat wäisser Faarf ugestrach a mat phosphoreszéierende Maarken ekipéiert. Täscheluuchte si besonnesch bei Neimound ze gebrauchen, däerfen awer net a Richtung vun den Teleskope gehale ginn.
D'Investitioune vum ganzen VLT-Projet belafe sech iwwer en Zäitraum vu 15 Joer op ronn 500 Milliounen Euro. An dëser zomm sinn d'Personal- a Saachkäschte fir den Design a de Bau vum VLT abegraff, grad wéi déi éischt Instrumentegeneratioun, de VLTI an och déi éischt dräi Joer vum wëssenschaftleche Betrib. Vun den eenzelen Instrumenter huet beispillsweis d'ISAAC ongeféier 2,5 Milliounen Euro kascht, UVES 3,5 Milliounen Euro. Déi wäitaus komplex VLTI-Instrumenter AMBER a MIDI kaschte jee ronn 6 Milliounen Euro. D'Instrumenter ginn deelweis komplett vun der ESO entwéckelt a gebaut, méi heefeg awer an Zesummenaarbecht mat auswäertegen Instituten. An dësem Fall ginn d'Saachkäschte vun der ESO gedroen, d'Personalkäschte vun de jeeweilegen Instituter, déi am Géigenzuch Observatiounszäit zegutt kréien. Bei de Käschten ass ze beuechten, datt d'ESO als supranational Organisatioun, wéi aner international Fuerschungszentren och, vun de Steiere vun de Memberlänner fräi ass. Saachkäschte falen dofir ouni TVA un, an d'Personalkäschte sinn deelweis, ausser déi vun de lokalen Employéen, ouni Lounsteier.
De lafende Betrib vun allen Ariichtungen am Chile, also La Silla, Paranal, d'Administratioun zu Santiago an dem ALMA-Projet hat sech 2004 op 30 Milliounen Euro belaf, déi zur Hallschent op Personal- a Betribskäschte gefall sinn. Dës Zomm ass een Drëttel vum ganzen ESO-Joresbudjet fir 2004 vu ronn 100 Milliounen Euro, dat nieft deenen am Chile nach de Betrib vum Haaptinstitut an Europa an Investitiounen, haaptsächlech fir den ALMA, matgerechent.
D'Käschte vum VLT-Projet sinn domat vergläichbar mat enger mëttlerer bis grousser Weltraummissioun, zum Beispill dem Gaia-Satellit. Bau a Start vum Hubble-Weltraumteleskop (HST) hunnn dogéint 2 Milliarden US-Dollar kascht, knapps dat Véierfacht vum VLT. De järleche Betrib vum HST ass ongeféier aachtmol sou deier wéi dee vum VLT, haaptsächlech wéinst den deiere Servicemissiounen. Déi béid Teleskope vum Keck-Observatoire goufe mat Hëllef vun enger privater Stëftung vu ronn 140 Milliounen Dollar finanzéiert. D'Käschte belafe sech am Joer op ronn 11 Milliounen Dollar. Well d'Keck-Teleskopen um schonn fäerdege Mauna-Kea-Observatoire gebaut goufen, ware manner Infrastrukturkäschte fälleg.
De Very Large Telescope (VLT) ass en astronomesche Groussteleskop, deen aus véier Eenzelteleskope besteet, deenen hir Spigelen zesummegeschalt kënne ginn. De VLT ass fir Observatiounen am visuelle Liicht bis hin zum mëttleren Infrarout ausgeriicht. D'Teleskope kënne mat Hëllef vum VLT Interferometer (VLTI) fir Interferometrie zesummegeschalt ginn.
Mat Hëllef vun der adaptiver Optik ass et mat den Teleskope vum Very Large Telescope méiglech, d'Opléisung vum Hubble-Weltraumteleskop (HST) z'iwwertreffen. De Virdeel vum Hubble-Teleskop louch zanter Ufank vun den 1990er Joren doran, datt seng Fotoen am Géigesaz zu äerdgebonnenen Teleskopen duerch keng stéirend Atmosphär zousätzlech verschlechtert goufen. Mat Hëllef vun adaptiver Optik konnten déi Nodeeler awer an der Tëschenzäit am Wellelängteberäich vum No-Infraroutliicht bal ganz kompenséiert ginn, soudatt haiteg VLT-Fotoen am No-Infrarouden (zirka 1–5 Mikrometer Wellelängt) Hubble-Biller mat Opléisungsverméigen vun ënner enger zéngtel Bousekonn zum Deel an näischt nostinn. Am optesche Spektralberäich ass dat nach net méiglech, well d'Korrektur vun den atmosphäresche Stéirunge mëttels adaptiver Optik méi séier geschéie misst, wéi et elo technesch méiglech ass. Mat dem VLTI ginn däitlech méi héich Opléisunge am Millibousekonne Beräich erreecht.
Déi véier grouss Teleskope ginn als Unit Telescopes (UT) bezeechent. Een Unit-Teleskop a senger Montéierung huet eng Grondfläch vun 22 m × 10 m an eng Héicht vun 20 m, bei engem beweegleche Gewiicht vu 430 Tonnen. Si sinn azimutal montéiert, am Weesentleche baugläich, Ritchey-Chrétien-Teleskopen déi ofwiesselnd als Cassegrain-, Nasmyth- oder Coudé-Teleskop bedriwwe kënne ginn. Si hunn en Haaptspigelduerchmiesser vu jee 8,2 Meter an e Sekundärspigel vun 1,12 Meter. Domat waren et déi gréisst aus engem Stéck fabrizéiert astronomisch Spigele vun der Welt, bis dat Large Binocular Telescope mat 8,4 Meter-Spigele a Betrib geholl gouf. Nach méi grouss Teleskope, wéi zum Beispill de Keck-Teleskope, hu segmentéiert Spigelen. D'Haaptspigele sinn ze dënn, fir hir Form ze behale wann d'Teleskop sech beweegt a ginn dofir duerch eng aktiv Optik mat Hëllef vun 150 hydraulesche Stéisselen ongeféier eemol pro Minutt an hir Form korrigéiert.
Déi véier Haaptspigele vum VLT goufen tëscht 1991 an 1993 bei der Mainzer Spezialglasfirma Schott AG an engem extra fir dëse Projet entwéckelte Schleidergossverfahre produzéiert. Nodeem d'Glasmass gegoss gouf an ofgekillt war, goufen d'Spigelrohlingen nach eemol thermesch nobehandelt, wouduerch sech d'Glas an d'Glaskeramik Zerodur ëmgewandelt huet. Bei dësem Fabrikatiounsschrëtt kritt d'Material och seng aussergewéinlech Eegenschaft vun der thermescher Null-Ausdeenung. No enger éischter Beaarbechtung goufen d'Spigeldréier mam Schëff bei d'franséisch Firma R.E.O.S.C. transportéiert, wou dann déi héichprezis Uewerflächebeaarbechtung wärend zwee Joer gemaach gouf. Déi definitiv Spigeluewerfläch huet eng Genauegkeet vun engem 50.000stel Millimeter (20 nm, < wéi 1/30 vun der Wellelängt bezunn op 600 nm). Jiddwer UT huet véier Fokalpunkten, un deenen Instrumenter montéiert kënne ginn, e Cassegrainfokus an zwéi Nasmythfoki. Zousätzlech hunn d'Teleskopen en Coudéfokus, iwwer dee Liicht an d'VLTI agespeist ka ginn.
Astronomesch Spigele kënnen nëmmen ageschränkt gebotzt ginn, well bal all Botztechnike mikroskopesch Schréipsen op der Spigelfläch maachen, déi d'Fotosqualitéit verschlechteren. Nieft enger Inspektioun eemol am Mount, bei där liichte Stëbs virsechteg ofgetupt gëtt, ginn d'Spigel vum VLT dofir all ee bis zwee Joer komplett nei verspigelt. Dozou gëtt déi al Spigelschicht mat Léisungsmëttelen ewech gemaach an dann eng nei Spigelschicht, normalerweis Aluminium, opgedampt.
Déi eenzel UTs goufen a Mapudungun, der Sprooch vun de Mapuche, Antu (Sonn), Kueyen (Äerdmound), Melipal (Kräiz vum Süden) an Yepun (Venus) gedeeft. Dat éischt montéiert UT, Antu, huet de 25. Mee 1998 déi éischt Biller mat enger Testkamera geliwwert, de wëssenschaftlechen Observatiounsbetrib hat den 1. Abrëll 1999 ugefaangen.
Spigel vun engem Unit-Teleskop[1] | |||
---|---|---|---|
Spigel | Haaptspigel M1 | Sekundärspigel M2 | Nasmyth-Spigel M3 |
Material | Zerodur | Beryllium | Zerodur |
Duerchmiesser | 8,20 m | 1,116 m | 1,242 m × 0,866 m elliptesch |
Déckt | 178 mm | 130 mm | 140 mm |
Gewiicht | 23 000 kg | 44 kg | 105 kg |
Form | konkav | konvex | plan |
Krëmmungsradius | 28,975 m | –4,55 m |
Optesch Date vun engem Unit-Teleskop[2]] | |||
---|---|---|---|
Fokus | Cassegrain-Fokus | Nasmyth-Fokus | Coudé-Fokus |
Brennwäit | 108,827 m | 120,000 m | 378,400 m |
Ëffnungsstand | 13,41 | 15 | 47,3 |
Gesiichtsfeld | 15 Bouminutten | 30 Bouminutten | 1 Bouminutt |
Ofbildungsmoossstaf | 0,53 mm/Bousekonn | 0,58 mm/ Bousekonn | 1,84 mm/ Bousekonn |
Déi éischt Instrumentegeneratioun besteet aus zéng wëssenschaftlechen Instrumenter. Dobäi handelt et sech ëm Kameraen a Spektrographe fir verschidde Spektralberäicher. HAWK-I war net Deel vum Plang fir déi éischt Generatioun, mä ersetzt een anert Instrument, NIRMOS, wat net gebaut gouf. Den Design vun den Instrumenter gouf sou gewielt, datt si engem breede Krees vu Wëssenschaftler d'Méiglechkeet géife bidden, Donnéeë fir ënnerschiddlechst Zilsetzungen opzehuelen. Et ass viraus ze gesinn, datt sech Deeler vun der zweeter Instrumentegeneratioun dogéint op speziell a vun den Astronomen als besonnesch wichteg Problemer konzentréieren, zum Beispill Gammablëtzer oder Exoplanéite.
Tëscht Mee 2003 a Mäerz 2005 goung, ugefaange mat Kueyen, zousätzlech déi vun ESO selwer entwéckelt adaptiv Optik MACAO (Multi Application Curvature Adaptive Optics) an alle véier Teleskopen a Betrib geholl. Domat sinn nach méi schaarf Biller méiglech, leider ass d'Gesiichtsfeld vun der MACAO-Optik op 10 Bousekonne reduzéiert. Déi adaptiv Optik muss d'Seeing mat héijer Frequenz vun e puer honnert Hertz korrigéieren, wat fir de schwéieren Haaptspigel vill ze séier wier. Dofir schafft MACAO hanner dem Fokus am kolliméierten Deel vum Stralegank mat engem flaachen 10-cm-Spigel, deen op 60 Piezo-Elementer montéiert ass. Prinzipiell kann d'adaptiv Optik bei all Fokus gebraucht ginn, an der Praxis notzt vun den VLT-Instrumenter nëmme SINFONI d'MACAO-Technik aus, niewebäi déngt MACAO haaptsächlech den Observatioune mam VLT Interferometer.
Well d'Yepun-Teleskop Instrumenter mat adaptiver Optik huet, ass d'Teleskop mat engem kënschtleche Leetstär, engem Laser Guide Star (LGS) ausgerëscht. E staarke Laser reegt dobäi Natrium-Atomer an enger Héicht vu ronn 95 km zum Liichten un, soudatt d'Liicht vum kënschtleche Stär um Wee zeréck op den Teleskop op déi selwecht Aart a Weis vun der Atmosphär beaflosst gëtt, wéi d'Liicht vun den Objeten, déi observéiert solle ginn. Amplaz mat engem ënner Ëmstänn ganz liichtschwaachen Objet kann déi adaptiv Optik da mat Hëllef vum kënschtlechen LGS schaffen.
Instrumenter am VLT | |||
---|---|---|---|
Teleskop | Cassegrain-Fokus | Nasmyth-Fokus A | Nasmyth-Fokus B |
Antu (UT1) | FORS 2 | CRIRES | Gaaschtfokus |
De Focal Reducer and low dispersion Spectrograph 2 ass d'Schwësterinstrument vum baugläiche FORS1. Allebéid gehéierten, mat ISAAC an UVES, zu de véier éischten Instrumenter a Betrib. Des Weideren ass FORS2 eng Kamera am visuelle Spektralberäich mat groussem Gesiichtsfeld vu bis zu 6,8 × 6,8 Bouminutten. An dësem Feld kënnen, statt ee Bild opzehuelen, e puer Objete gläichzäiteg mat niddreger Opléisung spektroskopéiert ginn (MOS: Multi Object Spectroscopy). D'MOS-Fäegkeet kënnt och duerch bei VIMOS agesate Masken zoustan, an déi d'Spektroskopie-Spléck mat Lasertechnik gefräst ginn.
Zanter Abrëll 2009 kann och mat FORS2 Polariséierung gemooss ginn, well déi polarimetresch Modi vu FORS1 iwwerdroe gouf. FORS 1 ass zanterhier mat FORS 2 an engem Instrument zesummegefouert.[3] |
Den Cryogenic High-Resolution IR Echelle Spectrograph hëlt héichopléisend Spektren am Wellelängteberäich vun 1 bis 5 Mikrometer op. D'Instrument gouf 2006 installéiert a getest an ass zanter dem 1. Abrëll 2007 am Reegelbetrib.[3] | De Gaaschtfokus bitt Wëssenschaftler d'Méiglechkeet, eegen a besonnesch spezialiséiert Instrumenter un engem Teleskop vun der 8-m-Klass ze gebrauchen, ouni all Spezifikatioune erfëllen ze mussen, deenen een allgemengt ESO-Instrument ënnerläit. Bis elo war do mat ULTRACAM en Instrument montéiert, dat banne Millisekonne Biller vun engem klenge Gesiichtsfeld vu wéinege Bousekonne maache kann. Wëssenschaftlecht Zil vum ULTRACAMs, dat schonn un anere Teleskope montéiert war, ass et, Verännerunge vu kierzten Zäitskalen, wéi se zum Beispill bei Pulsare an Schwaarz Lächer virkommen, opzehulen. | |
Kueyen (UT2) | XSHOOTER | FLAMES | UVES |
D'Instrument XSHOOTER ass dat éischt Instrument vun der zweeter Intrumentegeneratioun. XSHOOTER ass e Spektrograph mëttlerer Opléisung iwwer engem wäite Wellelängteberäich vun noem Ultraviolett bis an dat not Infrarout, vun 300 bis 2500 Nanometer, an enger eenzeger Foto. Dat éischt montéiert Instrument un dësem Fokus, FORS2, gouf mat FORS1 zesummegefouert an un d'UT1 montéiert. | De Fibre Large Area Multi-Element Spectrograph ass e Spektrograph, dee mat Hëllef vu Glasfaser bis zu 130 Objeten am Gesiichtsfeld gläichzäiteg mat mëttlerer Opléisung spektroskopéiere kann (MEDUSA-Modus). An zwee weidere Modi, IFU an ARGUS, sinn d'Fasere sou no beienee gepaakt, datt raimlech opgeléist Spektre vun Objete mat enger visueller Gréisst vun nëmme wéinege Bousekonne méiglech sinn. Alternativ kënnen aacht Faseren d'Liicht zu UVES fir héichopléisend Spektroskopie leeden. | Den Ultraviolett and Visual Echelle Spectrograph ass en héichopléisende Spektrograph mat engem blo- an engem routoptiméierten opteschen Aarm, déi simultan bedriwwe kënne ginn. Den zougängleche Wellelängteberäich geet vun 300 bis 1100 Nanometer. | |
Melipal (UT3) | VISIR | ISAAC | VIMOS |
De VLT Imager and Spectrometer in the Infra Red, fir Biller a Spektre vu schwaachen Objeten am mëttleren Infraroutberäich, vun 8 bis 13 an 16,5 bis 24,5 Mikrometer. VISIR ass domat dat Instrument um VLT, dat am wäitsten an den Infraroutberäich goe kann. | D'Infrared Spectrometer And Array Camera kann am Noen Infraroutberäich Biller a Spaltspektren an niddreger bis mëttlerer Opléisung ophuelen. Dozou huet d'Instrument zwéi vuneneen onofhängeg optesch Weeër („Äerm“), déi jee op d'Wellelängteberäicher vun 1 bis 2,5 a vun 3 bis 5 Mikrometer optiméiert sinn. | De Visible Multi-Object Spektrograph. D'Fäegkeete fir Spektroskopie a fir d'Fotograféiere gläichen deene vum FORS 2, allerdéngs mat engem véiermol méi groussem Gesiichtsfeld vun am Ganzen 4 × 7' × 8'. MOS-Maske gi mat enger Lasermaschinn, der Mask Manufacturing Unit (MMU) gestanzt, déi och d'Maske fir FORS 2 produzéiert. Zusätzlech gëtt et nach Faserbëndel fir Integral Field Spektroskopie. Am Total kënne mat VIMOS bis zu 6400 Spektre gläichzäiteg opgeholl ginn. | |
Yepun (UT4) | SINFONI | HAWK-I | NACO |
De Spectrograph for Integral Field Observation in the Near-Infrared ass en Noinfrarout-Spektrograf bei 1,0 bis 2,5 Mikrometer. Den eigentleche Spektrograph SPIFFI (Spectrometer for Infrared Faint Field Imaging) hëlt dobäi e Spektrum vum ganze Gesiichtsfeld op, dat 8" × 8", 3" × 3" oder 0,8" × 0,8" grouss ka sinn. Duerch déi adaptiv Optik am SINFONI-Modul kënne Spektre mat héchster raimlecher Opléisung opgeholl ginn. | Den High Acuity Widefield K-band Imager, ass en Instrument, dat de Bedarf no Biller mat groussem Gesiichtsfeld bei gläichzäiteg héijer raimlecher Opléisung am Noinfraroutberäich vun 0,85 bis 2,5 Mikrometer deckt. HAWK-I hat säi First Light den 1. August 2007, de wëssenschaftleche Betrib den 1. Abrëll 2008 gestart (offiziell 1. Oktober 2008).[3] | Eigentlech NAOS-CONICA, woubäi NAOS fir Nasmyth Adaptive Optics System a CONICA fir Coude Near Infrared Camera steet. CONICA war am Ufank fir de Coudéfokus virgesinn. NAOS ass e System fir d'Bildverbesserung mat adaptiver Optik, CONICA eng Infraroutkamera a Spektrograph am Beräich vun 1 bis 5 Mikrometer. Den Ënnerscheed zu ISAAC besteet an der wonnerbarer Bildqualitéit, allerdéngs bei engem méi klenge Gesiichtsfeld. Zousätzlech ka CONICA polarimetresch Miessungen ophuelen an hell Objeten duerch Koronographie ausblenden. Mam SDI, dem Simultaneous Differential Imager am NACO, kënne véier Biller a véier liicht ënnerschiddleche Wellelängteberäicher gläichzäiteg opgeholl ginn. Dës Biller kënne sou matenee verrechent ginn, datt d'Differenzen och den Noweis vu ganz schwaachen Objeten a Presenz vun engem hellen erméiglechen. |
Dës Instrumenter vun der zweeter Generatioun sinn an der Entwécklung oder schonn a Betrib:
D'Coudéfoki vun alle Teleskope kënnen entweeder inkoherent oder koherent kombinéiert ginn. De kollektiven inkoherente Fokus läit an engem ënnerierdesche Sammelraum. De koherente Fokus ass an engem Laboratoire, deen donieft ass, a gëtt duerch e speziellt optescht System gespeist, de VLT Interferometer (VLTI). Domat gëtt duerch Interferometrie, equivalent zu engem radioastronomeschen Interferometer, e wäit bessert Opléisungsverméigen erreecht wéi mat nëmmen engem Teleskop.
Haaptbestanddeel vum System si sechs an der Längt verännerlech delay lines. Dës gläichen éischtens déi duerch hir ënnerschiddlech Standplaze bedéngt Lafzäitdifferenze vum Liicht tëscht den eenzelen Teleskopen aus. Zweetens gläiche si d'geometresch-projezéiert Differenz vum optesche Wee aus, déi entsteet, wann en Objet net genee am Zenit steet. Well sech déi Längtendifferenz duerch déi visuell Beweegung vum Objet um Himmel ännert, mussen d'Delay-Lines iwwer eng Differenz vu bis zu 60 m variabel sinn, mat enger Prezisioun vun däitlech besser wéi e Véirel vun der Wellelängt (kuckt ënnen). D'Stabilitéit vun der Wellefront ass och vu kritescher Bedeitung, dofir stabiliséiert dat adaptiivt Optiksystem MACAO d'Stralegäng vun den UTs am Coudéfokus, ir d'Liicht zu den Delay-Lines geleet gëtt. D'Bildstabiliséierung fir d'Auxiliary-Teleskope („Hëllefsteleskope“, kuckt nächsten Ofsaz) erfollegt mat engem eppes einfacherem System, dat nëmmen Tip-Tilt-Korrektur leescht, also nëmme Verkippunge vun der Wellefront korrigéiert, net awer hir Form.
Véier kleng 1,8-m-Teleskope, d'Auxiliary-Teleskope („Hëllefsteleskope“, ATs), déi ausschliisslech fir d'Interferenzteleskopie agesat ginn a fir Interferenzmiessunge mat bis zu 200 m Ofstand gebraucht kënne ginn, sinn och installéiert. Déi markantest Eegenschaft vun den ATs ass, datt si beweegt an op am Ganzen 30 Statioune installéiert kënne ginn. Dozou sinn d'AT-Statioune mat Schinne verbonnen. D'Liicht gëtt an ënnerierdeschen Tunnele vun de Statiounen zu den Delay-Lines geleet. De Virdeel vun der Iddi, d'VLTI souwuel mat den UTs wéi mat den ATs bedreiwen ze kënnen, läit doran, datt d'Opléisungsverméige weesentlech vum Ofstand vun den Teleskope bestëmmt gëtt, d'Leeschtungsfäegkeet beim Miesse vu liichtschwaachen Objeten awer vum Teleskopduerchmiesser. Fir vill wëssenschaftlech Froestellunge sinn den Objete hell genuch, fir si mat den ATs eleng ze miessen. D'UTs kënnen da fir aner Fuerschungsprogrammer gebraucht ginn. Nëmme fir d'Interferometrie vu schwaachen Objete sinn d'UTs oder eng Mëschkonfiguratioun aus UTs an ATs noutwendeg.
D'VLTI hat säi First Light de 17. Mäerz 2001. Deemools waren zwéi 40-cm-Siderostate an een Testinstrument installéiert. Zanterhier goufen zwee wëssenschaftlech Instrumenter a verschidden Ënnerstëtzungssystemer an d'System integréiert. De wëssenschaftleche Betrib gouf am September 2003 mat dem éischten Instrument, dem MIDI, opgeholl. MIDI bedeit MID-infrared Interferometric instrument. Et schafft bei Wellenlängten ëm 10 Mikrometer a kann d'Liicht zwéier Teleskope kombinéieren. D'Zilsetzung vum MIDI ass manner d'Schafe vu komplette Biller mat héijer Opléisung, wéi villméi d'Bestëmmung vun der visueller Gréisst a vun einfache Strukture vun den observéierten Objete. D'Fotograféiere vu Biller ass prinzipiell mat dem zweeten Instrument, AMBER, méiglech. AMBER ass den Astronomical Multiple BEam Recombiner. Den AMBER vereent d'Stralegäng vun zwéi bis dräi Teleskope. D'Instrument schafft am noen Infraroutberäich bei ongeféier 1–2 Mikrometer. Allerdéngs gëtt och dëst Instrument am Ufank fir Aufgabe wéi d'raimlech héchstopgeléiste Spektroskopie gebraucht.
Déi gläichzäiteg Kombinatioun vun allen aacht Teleskopen, also vun de véier UTs an de vàier ATs, ass theoreetesch méiglech. Tatsächlech gëtt d'Zuel vun de gläichzäiteg brauchbaren Teleskopen doduerch begrenzt, datt vun den aacht geplangten Delay-Linnen der nëmme sechs realiséiert sinn a well déi aktuell Instrumenter héchstens dräi Stralegäng gläichzäiteg kombinéiere kënnen.
D'VLT Survey Telescope ass e 2,6-m-Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop mat enger Blendenzuel vu 5,5. Et ass, wéi all aner Teleskopen op Paranal, azimutal montéiert. Well d'VST fir eng bestëmmten Aufgab geduecht ass, huet et nëmmen een eenzegt Instrument, d'OmegaCam fir Biller mat groussem Gesiichtsfeld, ongeféier 1 Grad × 1 Grad, am Wellelängteberäich vun 330 bis 1000 Nanometer. Am Juni 2011 goufen éischt Biller publizéiert. De VST gëtt zu 100 % am Service-Mode gebraucht (kuckt ënner Oflaf vun den Observatiounen).
De Visible & Infrared Survey Telescope for Astronomy ass e 4-Meter-Teleskop, och fir d'Himmelsduerchmusterung, awer am infraroude Beräich. Säi Gesiichtsfeld wäert och e Quadratgrad bedroen a Biller am noen Infraroutberäich, ongeféier vun 1 bis 2,5 Mikrometer, maache kënnen. Et steet net bei Cerro Paranal, mä op engem Hiwwel op enger Distanz vun engem Kilometer. Et gëtt awer och vum VLT-Kontrollgebäi aus gesteiert. Den 21. Juni 2008 gouf déi éischt Test-Observatioun mat dem IR-Kamerasystem mat Succès duerchgefouert[8].
D'Observatiounszäit kann zweemol am Joer fir dat iwwernächst Semester ugefrot ginn. Jee no Teleskop gëtt zwee- bis fënnefmol souvill Zäit ugefrot wéi tatsächlech verginn ka ginn. D'Virschléi ginn duerch e berodend Gremium no wëssenschaftlecher Qualitéit an Drénglechkeet aktzeptéiert.
No der Autorisatioun leet den Astronom nach doheem den detailléierten Oflaf vun den Observatioune a sougenannten Observing Blocks fest. Entweeder ginn nëmmen déi OBs, zesumme mat de gewënschten Observatiounsbedéngungen, fir d'Ausféierung op Paranal geschéckt, fir eng Service-Mode-Observatioun, oder den Astronom reest selwer fir Visitor-Mode-Observatiounen an de Chile.
Um Teleskop ass ëmmer en Ingenieur, den „Telescope and Instrument Operator“ (TIO), an een Astronom, den „Nighttime Astronomer“ (NA) vun der ESO. Am Service-Mode entscheet den NA unhand vun den Observatiounsbedingungen, wéi eng OBs mat Aussiicht op Erfolleg ausgefouert kënne ginn, a féiert d'Observatioun zesumme mat dem TIO duerch, dee fir d'Teleskop an den techneschen Oflaf verantwortlech ass. Nodeem d'Date gespäichert sinn, entscheet den NA, ob si den Ufuerderunge vum Antragsteller entspriechen oder ob den OB widderholl muss ginn.
Daagsiwwer betreit en „Daytime Astronomer“ typescherweis jee zwéi Teleskope. Hie féiert Kalibréierunge fir d'Observatioune vun der leschter Nuecht duerch, këmmert sech ëm d'Léisung vun eventuell opgetruedene Problemer aus der leschter Nuecht a bereet d'Teleskop op déi nächst Nuecht vir.
De wëssenschaftleche Betrib vum VLT hat den 1. Abrëll 1999 ugefaangen. An deenen éischte 6 Joer goufen iwwer 1000 Artikelen an unerkannte Fachzäitschrëfte publizéiert, déi op Donneeë vum Paranal-Observatoire baséieren. Zu de wichtegste Resultater zielen:
Commons: Paranal-Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.