Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Begrëff Neimound (lat. Interlunium) bezeechent d'Moundphase, an där sech den Äerdmound a sengem Phasenzyklus (Lunatioun) visuell „erneiert“. Hien ass fir ongeféier 35 Stonne vun der Äerd aus mat bloussem A net ze gesinn.
Bei Neimound steet de Äerdmoun tëscht der Äerd an der Sonn (Konjunktioun). Um Nuetshimmel kann een prinzipiell vun der Äerd aus keen Neimound gesinn, well hie sech do ëmmer ënner dem Horizont ass. Och op der Dagessäit ass hie fir dat blousst A net ze gesinn, well déi gro Schietsäit am Dag vum Streeliicht vun der Sonn an der Äerdatmosphär iwwerstraalt gëtt.
D'Moundséchel selwer ass an de Stonnen ëm Neimound extreem schmuel a liichtschwaach an dofir nëmme mat groussem Opwand ze fotograféieren oder mat Teleskopen z'observéieren. D'Pbservatioun vun der dënner Moundséchel ass averschidden islamesche Länner wéi z. B. dem Iran eng Aart Vollekssport.
Zesummenhank mat Sonnendäischtert: A seelene Fäll, an deenen de Mound zu der Konjunktioun genee de Verbindungskorridor tëscht Sonn an Äerd passéiert, kënnt et zu engem klenege Korridor op der Äerduewerfläch zu enger Sonnendäischtert. D'Sonnendäischtert ass also e Spezialfall vun Neimound am Dag.
Déi wëssenschaftlech Definitioun vun Neimound ass: Neimound ass den Zäitpunkt, zu deem déi visuell ekliptikal geozentresch Längt vum Mound an déi visuell geozentresch ekliptikal Längt vun der Sonn gläich sinn.
Ofgrenzung vu Vollmound a Mounddäischtert: Beim Géigendeel vun Neimound - Vollmound - steet de Mound vun der Äerd aus gesinn an Oppositioun zur der Sonn, hien ass dann nëmme vun owes bis moies ze gesinn. Sträift de Mound dobäi am exakte Fall den Äerdschiet, kënnt et zu enger Mounddäischtert. Eng Mounddäischtert ass also nëmme beim Géigendeel vun Neimound - bei Vollmound - méiglech. Domat ass d'Mounddäischtert e Spezialfall vum Vollmound.
Well bei Neimound an och bei Vollmound Sonn a Mound mat der Äerd op enger Achs leien, féieren d'Kräfte vun hire vereente Gezäiten zu Sprangfluten op eiser Äerd.
D'Zäit an Deeg, déi zanter dem leschten Neimound vergaangen ass, gëtt als Moundalter bezeechent.
Vum Neimound z'ënnerscheeden ass den Ufank vun der neier Moundséchel, d'Neiliicht (Jiddesche Kalenner, Islamesche Kalenner).
Commons: Lunar phases – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.