![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/11/Luxembourg-Steinfort-town_sign-03ASD.jpg/640px-Luxembourg-Steinfort-town_sign-03ASD.jpg&w=640&q=50)
Nationalstrooss 6
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nationalstrooss 6 oder N6, och nach Areler Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Si féiert vun der Stad Lëtzebuerg op déi belsch Grenz, wou se tëscht Stengefort a Rosenberg Uschloss un déi belsch Nationale 4 huet.
![]() | |
![]() | |
![]() | |
Areler Strooss | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°36'44,21"N, 6°7'33,06"O |
Enn | Stengefort |
Koordinaten | 49°39'31,64"N, 5°54'13,90"O |
duerch | Lëtzebuerg, Stroossen, Bartreng, Mamer, Käerch, Stengefort |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 6 |
Laf an Uschlëss | |
Lëtzebuerg | ![]() |
![]() | |
![]() | |
Stäreplaz | ![]() Bd G-D Charlotte (l) |
![]() Rue de Rollingergrund (r) | |
Stroossen | ![]() |
![]() Rue des Carrefours (l) | |
![]() Rue de la Chapelle (l) | |
![]() | |
Tossebierg | ![]() |
![]() N 6A Rue Gaston Thorn (l) | |
Mamer | ![]() |
![]() | |
![]() | |
![]() | |
![]() | |
Capellen | ![]() |
![]() Rue de la Gare (l) | |
![]() | |
Wandhaff | ![]() N 13 Rue des Trois Cantons (l) |
Schock | ![]() |
Stengefort | ![]() |
![]() | |
![]() | |
![]() | |
![]() | |
![]() |
![]() |
An der Stad huet se hiren Ufank op der Kräizung vun der N7, déi do Boulevard Royal heescht, an der Groussgaass.
Op den éischte 450 Meter bis op d'Stäreplaz heescht se Avenue Émile-Reuter, déi fréier Arsenalstrooss. Duerno heescht se bis op d'belsch Grenz déi ganzen Zäit Route d'Arlon, mat Ausnam vun engem Stéck vu ronn engem Kilometer zu Stengefort, vun der Kräizung mat der Rue Randlingen bis op Kräizung mat der Rue de Hobscheid wou se Rue de Luxembourg heescht.
Si ass am Ganze 17,7 Kilometer laang a gehéiert op der ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.