Kanton Capellen
ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kanton Capellen ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vum Land. Haaptuert vum Kanton ass d'Uertschaft Capellen, déi eenzeg Uertschaft am Land déi Kantonalhaaptuert ass, ouni de Sëtz vun enger Gemeng ze sinn.
Séier Fakten Land, Chef-lieu ...
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Chef-lieu | Capellen |
Gemengen | Dippech, Garnech, Habscht, Käerjeng, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Stengefort |
Fläch | 199,21 km² |
Awunner | 54.352 |
Zoumaachen
De Kanton grenzt am Norden un d'Kantone Réiden a Miersch, am Osten un de Kanton Lëtzebuerg, am Süden un de Kanton Esch-Uelzecht an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 9 Gemengen am Kanton sinn:
Méi Informatiounen LAU-Code, Gemeng ...
LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²)[1][2] |
---|---|---|
LU0101 | Dippech | 17,42 |
LU0102 | Garnech | 20,95 |
LU0103 | Habscht | 32,51 |
LU0104 | Käerjeng | 33,67 |
LU0105 | Kielen | 28,18 |
LU0106 | Käerch | 18,88 |
LU0107 | Koplescht | 7,90 |
LU0108 | Mamer | 27,54 |
LU0110 | Stengefort | 12,16 |
Fläch vum Kanton | 199,21 |
Zoumaachen