![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/83/Luxembourg_-_Grand_rue_Groussgaass_-_nom_de_rue.jpg/640px-Luxembourg_-_Grand_rue_Groussgaass_-_nom_de_rue.jpg&w=640&q=50)
Groussgaass (Stad Lëtzebuerg)
Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Groussgaass (offiziell: Grand-Rue) an der Stad Lëtzebuerg ass en Deelstéck vun der aler Réimerstrooss Kiem, déi vun Arel op Tréier gefouert huet.
![]() | |
![]() D'Groussgaass mat Fändele fir den Nationalfeierdag | |
Lëtzeb. Numm |
Groussgaass, Juddegaass |
---|---|
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Deel vun | Kiem |
Postcode | L-1661 |
Koordinaten | 49°36'43"N, 6°7'46"O, 49°36'43,45"N, 6°7'43,68"O |
Morphologie | |
Längt | 420 m |
Héicht i. M. | 306 m |
Geschicht | |
Genannt | 1648, 16. Mee 1925 |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/49/Luxemburg_-_In_der_Stadtmitte_f%C3%BCr_die_Umfrage_%28Otzenhausen%29.jpg/640px-Luxemburg_-_In_der_Stadtmitte_f%C3%BCr_die_Umfrage_%28Otzenhausen%29.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/01/L%C3%ABtzebuerg%2C_Grand%27_Rue_-_Juddegaass.png/640px-L%C3%ABtzebuerg%2C_Grand%27_Rue_-_Juddegaass.png)
Bannent der zweeter Rankmauer huet een Deelstéck beim Roude Pëtz Aacht, Aachtgaass, Op der Uecht oder Aicht geheescht. Dat huet herrschaftleche Grondbesëtz bedeit. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Großgasse“ geheescht[1].
Den Deel tëscht der Neipuertsgaass an dem Boulevard Royal huet fréier(bis wéini?) zur Arsenalstrooss gehéiert[2][3] a gouf och eng Zäit laang Juddegaass genannt[3], als Erënnerung un de Juddekierfecht, deen an där Géigend existéiert sollt hunn oder well do ronderëm d'Juddepaart vill Judde gewunnt hunn.
Zanter dem 4. August 1979 ass d'Groussgaass fir den Trafic gespaart a se gouf mat e puer Stroossen an der Noperschaft (Lantergässel an Deeler vun der Poststrooss, an der Montereysavenue) Stéck fir Stéck an eng Foussgängerzon verwandelt[4].