From Wikipedia, the free encyclopedia
À la Bourse war e bekannt Kleedergeschäft an der Stad Lëtzebuerg; et louch um Roude Pëtz, um Eck vun der Groussgaass an dem Gruef.
2019 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Adress | Eck Groussgaass/Um Gruef |
Koordinaten | 49° 36’ 42.5’’ N 06° 07’ 53.4’’ O |
Baustil | Modernismus |
Architekt(en) | Léon Leclerc |
Statut | Klasséiert Monument (SSMN) |
Datum vum Bau | 1934 |
Dat Gebai, dat haut nach besteet, gouf 1934 no de Pläng vum Architekt Léon Leclerc gebaut. Zur selwechter Zäit goufen am Gruef och nach aner modernistesch Geschäftshaiser (Jenny Grünstein, 1932 a Sternberg, 1935) opgeriicht; dëst huet et erlaabt d'Rue du Fossé méi breet ze maachen a sou der Regierung hir Iddi ze verwierkleche fir eng Verbindung tëscht dem Garer Quartier an dem Eecher Bierg unzeleeën.
Wärend dem 2. Weltkrich gouf d'Geschäft vum däitsche Besatzer confisquéiert an "Zur Börse" ëmgenannt[1].
De Buttek huet Enn 2012 seng Dieren definitiv zou gemaach; deemools hu 16 Employéen hir Aarbecht verluer[2]. D'Gebai ass duerno komplett renovéiert ginn an en neit Geschäft, eng Filial vun enger internationaler Kleeder-Chaîne, huet am Summer 2014 Ouverture gefeiert. D'Nimm vun den Enseignen hunn duerno nach e puermol, gewiesselt.
Den 29. November 2012 gouf et op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[3]
Commons: À la Bourse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.