Lëtzebuerg (Stad)
Haaptstad vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a mat 134.714 Awunner (1. Januar 2023) déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad[1].
Lëtzebuerg | |
---|---|
d'Stadhaus um Knuedler | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Luxembourg de: Luxemburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 134.714 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 5 173 ha |
Héicht | 304 m |
Koordinaten |
49° 36’ 39’’ N 06° 07’ 51’’ O |
LAU-Code | LU0304 |
Websäit | https://www.vdl.lu/en |
D'Gemeng Lëtzebuerg (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) | |
D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zeréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, "Gibraltar vum Norden" genannt.
Lëtzebuerg ass nieft Bréissel a Stroossbuerg Verwaltungssëtz vun der Europäescher Unioun. Donieft ass d'Stad eng vun de gréisste Finanzplazen an Europa[2].