![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8b/Bernhoeft_Panorama_1899.jpg/640px-Bernhoeft_Panorama_1899.jpg&w=640&q=50)
Haaptstad
Haaptstad vun engem Land / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Haaptstad ass de Sëtz vun der Vertriedung vun der Souveränitéit vun engem Staat (Demokratie: Parlament, Monarchie: Residenz).
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8b/Bernhoeft_Panorama_1899.jpg/640px-Bernhoeft_Panorama_1899.jpg)
Normalerweis sinn Haaptstad a Regierungssëtz identesch, mä et gëtt awer och Ausnamen, wéi z. B.: Holland, wou d'Haaptstad Amsterdam, de Regierungssëtz awer Den Haag ass.
Ganz dacks ass d'Haaptstad och déi gréisst Stad an dee wichtegsten Ekonomies-, Verkéiers-, Industrie-, a Kulturzentrum vun engem Staat.
Natierlech gëtt et och hei Ausnamen, wéi z. B. an der Tierkei: Haaptstad ass Ankara, gréisst Stad ass awer Istanbul; a Marokko: Haaptstad Rabat, gréisst Stad ass awer Casablanca, asw....
Südafrika huet ze soen dräi "Haaptstied", woubäi keng déi gréisst Stad ass: D'Parlament ass zu Kapstad, de Verwaltungs- a Regierungszentrum ass zu Pretoria (Tshwane), Gerichtshäff sinn zu Bloemfontein a gréisst Stad ass Johannesburg.
Verschidde Länner hunn eng Planghaaptstad, wéi z. B. Brasilien: Brasília, Australien: Canberra, Nigeria: Abuja an neierdéngs och Myanmar mat Pyinmana.
Follgend Staaten hu keng Haaptstad: Monaco, Nauru an de Vatikanstad.