Holland
europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Niederlanden / From Wikipedia, the free encyclopedia
Holland ass den europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi Iwwerséigebidder Curaçao, Sint Maarten an Aruba besteet. D'Iwwerséigebidder Bonaire, Saba a Sint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass mat Holland dacks - och hei - dat ganzt Kinnekräich gemengt.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Holland (dt.: Niederlande). Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Holland (Homonymie) |
Nederland (Koninkrijk der Nederlanden) | |||||
| |||||
National Devise: Je Maintiendrai | |||||
Offiziell Sprooch: | Hollännesch, Westfrisesch an der Provënz Friesland, Englesch op Saba a Sint Eustatius, Papiamento op Bonaire. | ||||
Haaptstad: | Amsterdam (Regierungssëtz: Den Haag) | ||||
Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
• Kinnek: | Willem-Alexander | ||||
• Premierminister: | Dick Schoof | ||||
Fläch: | 41.543 km² | ||||
• Dovu Waasser: | 18,41 % | ||||
Bevëlkerung: | 17.811.291 (1-1-2023)[1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 429/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vu Spuenien 23. Mee 1568 (ausgeruff) 30. Januar 1648 (unerkannt) | ||||
Nationalfeierdag: | 27. Abrëll | ||||
Nationalhymn: | Het Wilhelmus (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .nl | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+31 |
Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vun Europa. Et ass am Norden a Weste vum Nordmier begrenzt, am Süde vun der Belsch an am Oste vun Däitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.