Staat a Westeuropa From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Belsch, offiziell Belscht Kinnekräich, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordmier a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich. D'Land erstreckt sech op enger Fläch vun 30.689 km² an huet eng Bevëlkerung vu ronn 11,5 Milliounen, wouduerch et dat 22. dichtst bewunnt Land op der Welt ass, an dat 6. an Europa, mat enger Bevëlkerungsdicht vun 376 pro Quadratkilometer.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem aktuelle belsche Kinnekräich. Fir aner a fréier Bedeitungen, kuckt wgl. Belsch (Semantik). |
Royaume de Belgique Koninkrijk België Königreich Belgien | |||||
| |||||
National Devise: L'union fait la force Eendracht maakt macht Einigkeit macht stark | |||||
Offiziell Sprooch: | Franséisch, Hollännesch, Däitsch | ||||
Haaptstad: | Bréissel | ||||
• Awunner: | 178.552 (2016) / Haaptstadregioun Bréissel: 1.187.890 (2016) | ||||
Staatsform: | Parlamentaresch Monarchie | ||||
• Kinnek: | Philippe | ||||
• Premierminister: | Alexander De Croo | ||||
Fläch: | 30.528 km² (140.) | ||||
• Dovu Waasser: | 6,4 % | ||||
Bevëlkerung: | 11.250.585 (2016) (75.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 363,6/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vun Holland 1830 (ausgeruff) 1839 (unerkannt) | ||||
Nationalfeierdag: | 21. Juli | ||||
Nationalhymn: | La Brabançonne (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .be | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+32 |
Rechtlech ass d'Belsch e souveräne Staat an eng federal konstitutionell Monarchie mat engem parlamentaresche System. Hir institutionell Organisatioun ass komplex a souwuel op regionale wéi op sproochleche Grënn strukturéiert. D'Belsch ass an dräi Communautéiten, déi Flämesch Communautéit, déi Franséisch Communautéit, déi Däitschsproocheg Communautéit, an an dräi Regiounen opgedeelt: déi Flämesch Regioun am Norden, déi Wallounesch Regioun am Süden an d'Haaptstadregioun Bréissel am Zentrum. Bréissel ass déi klengst an am dichtst bewunnt Regioun, souwéi déi räichst Regioun wat de BIP pro Kapp ugeet.
Den Numm "Belsch" (Belgique, België) ass vum laténgesche Wuert Belgium ofgeleet, dat de Julius Cäsar a sengem Buch De Bello Gallico ëm d'Joer 55 v. Chr. ernimmt huet, fir d'Regioun ze beschreiwen.[1]
Zanterhier gouf de De Begrëff Belsch (resp. Belgica, Belgae, Belgique, asw.) am Laf vun der Zäit fir eng méi oder wéineger grouss Géigend, respektiv fir verschidde Géigende gläichzäiteg, a fir ënnerschiddlech Mënschegruppe benotzt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belsch (Semantik).
D'Belsch ass, mat Lëtzebuerg an Holland, en Deel vun den historeschen Nidderlanden. Vum Enn vum Mëttelalter bis an de 17. Joerhonnert war d'Gebitt vun der Belsch e gutt gestallten a kosmopoliteschen Zentrum vun Handel a Kultur. Tëschent dem 16. a fréie 19. Joerhonnert huet d'Belsch d'Schluechtfeld tëschent villen europäesche Muechte gedéngt, dowéinst huet d'Land de Spëtznumm d'"Schluechtfeld vun Europa" verdéngt; e Ruff duerch béid Weltkricher verstäerkt. D'Land ass am Joer 1830 no der Belscher Revolutioun als moderne Staat entstanen, wéi et sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlande getrennt huet. De 4. Oktober 1830 huet d'Belsch seng Onofhängegkeet vun Holland erkläert.
D'Belsch war eent vun den éischte Länner, an deem d'Industriell Revolutioun zum Droe koum, wat sech besonnesch beim Verschaffe vu Kuel an Eisenäerz, laanscht d'Sambre an d'Meuse manifestéiert huet. Bis 1960 hat d'Belsch eng Rei vu Kolonien an Afrika, déi gréisst dovu war de Kongo. Déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert war gepräägt vu klammende Spannungen tëschent den hollänneschsproochegen an de franséischsproochege Bierger, déi duerch sproochlech a kulturell Differenzen an ongerecht wirtschaftlech Entwécklung vu Flandern a Wallounien ugedriwwe goufen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Belsch.
D'Belsch deelt sech Grenze mat Frankräich (620 km), Holland (450 km), Däitschland (167 km) a Lëtzebuerg (148 km). Seng Gesamtfläch - inklusiv Waasserfläch - sinn 30.528 km2; d'Landfläch eleng huet 30.278 km2. Et läit tëscht de Breedegraden 49°30 an 51°30 N an de Längegraden 2°33 a 6°24 E.
Zu de grousse geographesche Regioune vun der Belsch zielen d'Küsteplaine an den zentrale Plateau, déi am Nordwesten dominéieren, an d'Ardennen am Süden. Déi südlechst Spëtzt vum Land gehéiert nach zum Paräisser Baseng.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vun der Belsch.
D'Klima ass temperéiert a maritim, mat bedeitendem Nidderschlag an alle Joreszäiten, wéi déi meescht Länner an Nordwesteuropa. D'Duerchschnëttstemperatur ass am niddregsten am Januar bei 3 °C an am héchsten am Juli bei 18 °C.
D'Belsch ass zanter 1992 e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten an dräi Regiounen zesummesetzt.
Déi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun. Déi zwou lescht si jiddereng a jee fënnef Provënzen ënnerdeelt.
D'Communautéite baséieren op der Sprooch. Heibäi handelt sech ëm d'hollänneschsproocheg Flämesch Communautéit, d'Franséischsproocheg Communautéit déi ongeféier 40 Prozent vun alle Belsch ausmécht an déi kleng Däitschsproocheg Communautéit an den Ostkantonen, déi ongeféier ee Prozent ausmécht. D'Haaptstadregioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg (Franséisch an Hollännesch), och wa Franséisch déi dominant Sprooch ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch.
D'Belsch ass eng konstitutionell Monarchie an eng federal parlamentaresch Demokratie. D'federaalt Parlament setzt sech aus dem Senat an der Representantechamber zesummen. An der Belsch gëllt d'Walflicht, dowéinst gëtt et eng vun den héchste Walbedeelegungen op der Welt.
Staatschef ass de Kinnek, zanter 2013 de Kinnek Philippe, mä mat limitéierte Prerogativen. Hien designéiert d'Ministeren, dorënner de Premierminister, déi d'Vertraue vun der Representantechamber hunn, fir d'federal Regierung ze forméieren. De Regierungsrot besteet aus net méi wéi 15 Memberen. Mat der Ausnam vum Premierminister muss de Regierungsrot aus grad souvill franséischsproochege wéi hollänneschsproochege Ministere bestoen.
Zu de frankophone Parteien zielen d'Sozialistesch Partei, de Mouvement réformateur, d'Chrëschtdemokraten, déi Gréng an DéFI. Bei de Flame gëtt et d'Nei-Flämesch Allianz (N-VA), d'Chrëschtdemokraten, d'Liberal Partei, d'Sozialdemokraten, déi Gréng an de Vlaams Belang.
D'Ekonomie vun der Belsch ass staark globaliséiert an d'Transportinfrastruktur ass gutt an de Rescht vun Europa integréiert. Dem Land säi strategesche Standuert am Häerz vun enger héich-industrialiséierter Regioun mécht et zu engem vun de Haapt-Handelslänner an zu engem vun de räichste Länner op der Welt. D'Wirtschaft charakteriséiert sech duerch eng produktiv Aarbechtskraaft, en héije PNB an héich Exporttauxe per capita. Der Belsch hir Haaptimporter si Réimaterialien, Maschinnen an Ekipementer, Chemikalien, Réidiamanten, Medikamenter, Liewensmëttel, Transportekipementer a Pëtrolsprodukter. D'Haaptexportgidder si Maschinnen an Ekipementer, Chemikalien, fäerdeg Diamanten, Metaller a Metallprodukter a Liewensmëttel.
Am Allgemengen ass d'belsch Wirtschaft extreem op Zerwisser orientéiert, mat enger dynamescher flamännescher Ekonomie an der Wirtschaft vu Wallounien, déi zanter der Strukturkris an der Schwéierindustrie nach ëmmer Krämpes huet, sech dovun z'erhuelen. Als ee vun de Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt d'Belsch d'Iddi vun enger oppener Vollekswirtschaft an d'Erweidere vun de Kompetenze vun den EU-Institutioune fir nei Memberen an den europäesche Bannemaart ze integréieren. Zënter 1922, via d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, hunn d'Belsch a Lëtzebuerg e gemeinsame Bannemaart mat Zoll- a Wärungsunioun.
Ufank 2015 hat d'Belsch eng Bevëlkerung vun iwwer 11.190.000 Awunner. Dovun hu schonn 2004 97 % als urban gegollt. D'Bevëlkerungsdicht ass 363,6 Awunner op de Quadratkilometer, woubäi deen Taux a Flandern méi héich an an den Ardennen am niddregsten ass. A Flandern hunn 2015 iwwer 6.437.000 Leit gelieft an d'Stied mat de meeschten Awunner waren Antwerpen (511.000), Gent (252.274) a Bruges (117.787). A Wallounien hunn 3.585.000 Leit gelieft a Charleroi (202.021), Léck (194.000) an Namouer (110.000) haten déi meeschten Awunner. D'Haaptstadregioun Bréissel hat 1.167.000 Awunner. Dräi aner Gemengen, nieft Bréissel selwer, an där Regioun haten iwwer 100.000 Awunner.
2012 haten 90 % vun der Bevëlkerung d'belsch Nationalitéit, aner 6 % waren aner EU-Bierger. Heefegst Auslänner waren d'Italiener (452.000), d'Marokkaner (412.000), d'Fransousen (268.000) an d'Hollänner (216.000). Aner gréisser Communautéite sinn d'Spuenier (82.000), d'Polen (73.000) an d'Kongoleesen an déi Däitsch (mat respektive 70.000).[2] Zënter der Ännerung vum belschen Nationalitéitegesetz am Joer 1984 hu méi wéi 1,3 Millioune Migranten d'belsch Staatsbiergerschaft ugeholl. 2012 gouf geschat, datt 25 % vun der Gesamtbevëlkerung auslännesch Wuerzelen hunn.
Besonnesch d'Kontributiounen an der Molerei an an der Architektur vu belsche Perséinlechkeete sinn ervirzehiewen, zum Beispill d'Molerei wärend der flamännescher Renaissance. Zu de bekannte flamännesche Moler zielen de Peter Paul Rubens, den Antoon van Dyck, de Pieter Bruegel den Eeleren an de Jan van Eyck. Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert sinn de Wim Delvoye, de Constant Permeke, de René Magritte an de Paul Delvaux.
De Victor Horta war ee vun de bekanntste Jugendstil-Architekten.
De Belsch Adolphe Sax huet de Saxophon erfonnt. De Jacques Brel gëllt als ee vun de beschte Chansonnieren. Europawäite Succès am 21. Joerhonnert huet de Stromae.
Belsch Auteure sinn ënner anerem de Georges Simenon, d'Amélie Nothomb, den Hugo Claus, d'Suzanne Lilar an den Hendrik Conscience.
Och d'Bande-dessinéeën hunn an der Belsch e besonnesche Stellewäert, mam Hergé (Tintin), dem Peyo (Schlumpfen), dem André Franquin (Gaston Lagaffe, Marsupilami), dem Dupa oder dem Morris (Lucky Luke).
Vill belsch Restaurante si renomméiert an et fënnt ee s'an de grousse Restaurantsguide wéi dem Guide Michelin.
D'Belsch ass bekannt fir hire Béier, Eisekuchen, Schockela a Fritten.
Commons: Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.