D'Fly-over-Bréck zu Bartreng ass eng Schréiseelbréck zu Bartreng op der Grenz mat Mamer, déi d'N6 (Areler Strooss) boufërmeg mat dem Rond-point bei der Europaschoul II zu Mamer verbënnt. D'Bréck ass den 2. September 2013 fir de Verkéier opgaangen[1].
Koordinaten | 49°37'18,08"N, 6°2'19,64"O |
---|---|
Duerch dës Bréck soll de Rond-point Tossebierg am Agank vu Mamer entlaascht an den Zougang fir bei d'Schoul verbessert ginn. D'Bréck ka vun Autoen nëmme vu Bartreng a Richtung Schoul befuer ginn, huet awer och eng Vëlosspuer.
Déi boufërmeg Konstruktioun huet e Radius vun 102,25 Meter. D'Bréck huet eng total Längt vun 132 Meter.
Tëscht 2009 an 2011 goufe bei archeologesche Fuerschungen um Schantje vun der Bréck an engem Pëtz honnerte vu Schanken aus där Zäit fonnt, vu Schluechtoffäll an Déierekadaveren (an och Mënschen) déi do dragehäit goufen, dorënner och, wat éischter ongewéinlech fir d'Géigend ass, 173 Skelettdeeler vun engem Dromedar.[2]
- Fly-over-Bréck vun der N6 aus gekuckt a Richtung Bartreng
- Fly-over-Bréck vun der N6 aus gekuckt a Richtung Mamer
Commons: Fly-over-Bréck zu Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Franziska Dövener, Carola Oelschlägel, Hervé Bocherens: "Kamele im westlichen Treverergebiet – ein nahezu vollständig erhaltenes Dromedar aus dem vicus Mamer-Bartringen (Luxemburg)." In: Archäologentage Otzenhausen 4, Archäologie in der Großregion – Beiträge des internationalen Symposiums zur Archäologie in der Großregion in der Europäischen Akademie Otzenhausen vom 23.-26.03.2017. Nonnenweiler, 2019, S.187-204.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.