Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Schoulen (Schola Europaea) sinn international Privatschoulen, déi zesumme mat de Regierunge vun de Memberstaate vun der EU gegrënnt goufen, an déi fir Kanner vun Elteren, déi an europäeschen Institutioune schaffen, geduecht sinn. Si vermëttelen en Unterrecht an der eegener Sprooch (Mammesprooch) a bestinn do, wou grouss europäesch Institutiounen hire Sëtz hunn. All voll beschäftegt Léierkräfte gi vun den nationale Parlamenter recommandéiert.
Si ënnerleien de gesetzleche Bestëmmunge vun den ëffentlech-rechtlechen Ariichtungen an de jeeweilege Länner, wou se hire Sëtz hunn.
D'Europäesch Schoule sollen net mat den Europaschoule verwiesselt ginn, sou wéi se haaptsächlech an Däitschland bestinn.
Déi éischt Europäesch Schoul gouf op d'Initiative vun enger Grupp vu Beamte vun der CECA a mat der Ënnerstëtzung vun hiren Institutiounen, an der lëtzebuergescher Regierung den 12. Oktober 1953 zu Lëtzebuerg gegrënnt. Un der Grënnung hat den deemolege Greffier vum Geriichtshaff vun der CECA, den Albert van Houtte, e groussen Undeel. Hiren éischten Direkter war de Marcel Decombis.
D'Erzéiungserfahrungen déi opgrond vun der Abezéiung vu Kanner vu verschiddenen Nationalitéiten a Mammesprooche gemaach goufen, hate grousse Succès an hunn zu enger enker Zesummenaarbecht vun den Erzéiungsadministratiounen an de Memberlänner gefouert, besonnesch am Beräich vun de Schoulprogrammer, der Auswiel vun de Léierkräften, an der Unerkennung vun den ausgestallten Diplomer.
D'Ënnerzeechnung vum Protokoll iwwer d'Europaschoul zu Lëtzebuerg huet aus hir eng éischt offiziell Europäesch Schoul gemaach. Den éischten europäeschen Abitur-Examen, deen am Juli 1959 ofgehale gouf, huet domat hiren Abiturienten de Wee zu allen Universitéite vun de Memberlänner opgemaach.
Den Erfolleg vun der éischter Europäescher Schoul huet dozou gefouert, dat op anere Plazen, wou Europäesch Institutiounen hire Sëtz hunn, aner Europäesch Schoule gegrënnt goufen.
Haut (Stand: November 2017) gëtt et dräizéng Europäesch Schoulen a sechs verschiddene Länner; d'Schoul vu Culham a Groussbritannien, déi 1978 gegrënnt gouf, huet den 31. August 2017 hir Dieren definitiv zougemaach[1].
Land | Stad | Numm | gegrënnt |
---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Kierchbierg (fréier um Glacis) | Lëtzebuerg I | 1953 |
Belsch | Uccle | Bréissel I | 1958 |
Belsch | Mol | European School Mol | 1960 |
Italien | Varese | Scuola Europea di Varese | 1960 |
Däitschland | Karlsruhe | Europäische Schule Karlsruhe | 1962 |
Holland | Bergen | European school Bergen | 1963 |
Belsch | Woluwe-Saint-Lambert | Bréissel II | 1974 |
Däitschland | München | Europäische Schule München | 1977 |
Belsch | Ixelles | Bréissel III | 2000 |
Däitschland | Frankfurt | Europäische Schule Frankfurt | 2002 |
Spuenien | Alicante | Escuela Europea de Alicante | 2002 |
Lëtzebuerg | Bartreng / Mamer | Lëtzebuerg II | 2004 |
Belsch | Laeken | Bréissel IV | 2007 |
Enn 2015 ware ronn 25.000 Schüler an Europäesche Schoulen ageschriwwen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.