From Wikipedia, the free encyclopedia
La(e)ken ass e Quartier vun der Stad Bréissel, dee virun der Fusioun mat Bréissel bis 1921 eng eegestänneg Gemeng war.
Laeken / Laken | |
---|---|
D'Schlass vu Laeken | |
Land | Belsch |
Regioun | Haaptstadregioun Bréissel |
Communautéit |
Franséisch Communautéit Flämesch Communautéit |
Provënz | |
Arrondissement | Bruxelles-Capitale |
Gemeng | Bréissel |
Fläch | 925 |
Koordinaten |
50° 52’ 40’’ N 04° 21’ 21’’ O |
Telefonszon | 02 |
Postcode | 1020 |
Zu Laeken sinn ë. a. d'Schlass Laeken, de Wunnsëtz vum Kinnek (och Schlass Schoonenberg genannt; 1784 als Residenz vun de Genralgouverneure vun den Nidderlande gebaut), d'Kinneklech Zären (gebaut 1873) an d'Kierch Notre-Dame vu Laeken (an där hirer Krypta déi belsch Kinneke begruewe ginn). Och d'Musées d'Extrême-Orient sinn do.
Um Territoire vu Laeke läit den Heysel-Plateau, wou 1935 an 1958 d'Weltausstellung war, a wou haut nieft enger grousser Foires-Hal ë. a. de Stade Roi-Baudouin (fréier: Heysel-Stadion), den Atomium an e Fräizäitpark mat notamment dem Multiplex-Kino Kinepolis a Mini-Europe (a reduzéiertem Moossstaf nogebaut Gebaier aus Europa), sinn.
De 14.-15. Dezember 2001 gouf do en europäesche Sommet ofgehalen, op deem ë. a. d'Deklaratioun vu Laeken decidéiert gouf.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.