lëtzebuergesch Filial vun der Goodyear Tire & Rubber Company From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Goodyear Operations SA ass eng Filial vun der Goodyear Tire & Rubber Company, déi zu Colmar-Bierg, Biissen an Diddeleng e Pneue-Komplex bedreift. Zum Komplex gehéieren Tire Plant, Luxembourg Mounting Center (LMC), Mold Plant, Tire Test Center, Regional Calendaring Center Europe (RCC*E), Goodyear Innovation Center Luxembourg (GIC*L), Luxembourg Automotive Campus an eng Testpist[1].
Goodyear Operations | |
---|---|
Typ | Société anonyme |
Grënnungsdatum | 20. August 1999 |
Sëtz | Colmer-Bierg |
Mataarbechter | 3.440 |
(1. Januar 2024) | |
Branche | Pneuefabrikatioun |
RCS | B71219 |
Déi haiteg Gesellschaft ass de 20. August 1999 als „Goodyear Luxembourg Tires SA“ gegrënnt ginn. Den 8. Abrëll 2009 gouf den Numm op „Goodyear-Dunlop Tires Operations SA“ g'ännert an den aktuellen Numm krut se dunn den 11. Oktober 2021.[2]
2016 huet Goodyear 1,6 Millioune Pneuen zu Lëtzebuerg produzéiert[3].
Bei Goodyear schaffe weltwäit ronn 72.000 Leit(Stand: 2024)[4], dovun der 3.440 zu Lëtzebuerg(1. Januar 2024)[5].
Goodyear-Dunlop Tires Operations SA
Den éischte Pneu gouf 1951 an der Tire Plant produzéiert.
De 27. Juli 1949 gouf d'Goodyear S.A. gegrënnt, déi dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa an dat 35. weltwäit bedriwwen huet.
D'Pneueproduktioun huet 1951 an der Tire Plant mat ongeféier 300 Mataarbechter ugefaangen, déi ronn 500 Pneuen pro Dag produzéiert hunn[6].
Se gouf op der Plaz vun enger aler Kalleks- an Zementsfabréck, der Chauxdolux, déi et vun ongeféier 1920 bis 1936 gouf, opgeriicht[7]. D'Kalleksfabréck koum no der Colmer Schmelz déi 1919 zou gemaach huet[8][9][10].
D'Fabréck grad sou wéi den ugrenzende Parking goufe bis an d'2010er Joren ëmmer rëm vergréissert. Mat de Joren ass sou de Schmëtteknapp vun der Kaart verschwonnen.
Wou fréier Fliger- an Autospneue gebaut goufen, sinn et haut Camions- a sougenannt Earthmover oder Off-The-Road (OTR) Pneuen[11][12].
De Komplex zu Lëtzebuerg gouf 1957 mam Pneuefuerschungszentrum Technical Center erweidert.1969 gouf deen als GITC (Goodyear International Corporation Tire Technical Center), iwwert d'Joren an GTC*L (Goodyear Technical Center Luxembourg), an GIC*L ëmgebaut oder ëmgenannt. 2018 hätt de ganze GIC*L, mat iwwer 1000 Mataarbechter, zesumme mat engem Fuerschungsdepartement vun IEE an den Luxembourg Automotive Campus plënnere sollen[13][14]. Aus dem GIC*L komme reegelméisseg Konzeptpneuen[15].
No der Ukënnegung 1969, ass 1970 déi deemoleg Luxmold opgaangen, an där nach haut Formen aus Aluminium a Stol fir d'Hierstellung vu Pneuen produzéiert ginn.
1997 ass de Regional Calendaring Center Europe opgaangen. Am RCC*E gëtt de Stoff mat Gummi verstäerkt[16].
Am Joer 2000 gouf d'Firma Luxembourg Mounting Center S.A. gegrënnt déi zanter 2001 eng ronn 8000 Camionspneuen pro Dag op Felgen opzitt[10][16].
1969 huet d'Produktioun an der Luxyold, méi spéit Fabric Plant, ugefaangen, an där d'Textileinlage fir d'Pneuen hiergestallt gëtt[3]. 2006 ass d'Gebai un déi südkoreanesch Hyosung verkaaft ginn.
D'Wire Plant, déi Drot fir Pneue produzéiert huet, ass 1971 opgaangen. Nom Verkaf un Hyosung 2011, ass d'Fabréck 2012 zougemaach ginn. Haut steet do de Luxembourg Automotive Campus.
Uganks Mee 2022 ass d'Mercury Plant, déi zanter 2018 zu Diddeleng am Bau war, offiziell ageweit ginn. An der automatiséierter Fabrick gi mat engem digitaliséierte Procedé Pneuen a klenger Stéckzuel an Ersatzpneuen op Commande produzéiert.
D'Goodyear Tire & Rubber Company huet 73 Milliounen Euro investéiert fir d'Wierk zu Diddeleng opzeriichten[17].
Den Testcircuit goung 1970 op[18]. Déi längst Variant huet 3.260 Meter an 12 Kéieren[19]. De Circuit gëtt quasi exklusiv vu Goodyear benotzt fir Pneuen ze testen. Zanter 2013 organiséiert den HSRCL e puer Courssen, Trackdays an Testdays pro Joer um Circuit[20][21]. Sporadesch ginn och Motoscourssen organiséiert[22]. Bis 2011 huet d'Écurie Motoclub Goodyear heiansdo Evenementer organiséiert[23].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.