Remove ads
ëffentleche Repertoire From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Handelsregëster zu Lëtzebuerg, offiziell Registre de commerce et des sociétés, gekierzt RCS oder RCSL[1], ass den ëffentleche Repertoire an deem d'Handelsgesellschaften, d'Associatiounen, d'Stëftungen an d'ASBLen asw. hir Detailer op Basis vum Gesetz vun 2002 publizéiere mussen[2].
Follgend Entitéite musse sech am Handelsregëster aschreiwe loossen:
Am Gesetz ass genee festgeluecht wat fir eng Donnéeën ageschriwwe musse ginn. Et handelt sech haaptsächlech (bei juristesche Persounen) ëm den Numm, de Gesellschaftszweck, d'Rechtsform, d'Adresse vum Gesellschaftssëtz, de Montant vum Gesellschaftskapital, d'Detailer iwwer d'Geranten oder d'Administrateuren, de Grënnungsdatum, d'Informatiounen iwwer eng eventuell Fusioun mat anere Gesellschaften, asw.
Fir d'Geschäftsleit muss och alles wat mam Contrat de mariage, mat engem geriichtleche Verbuet fir Handel ze bedreiwen, enger Tutelle oder Curatelle ze dinn huet op d'mannst an Auszich publizéiert ginn. Am Handelsregëster muss och alles wat mat enger Faillite, enger Gestion contrôlée, enger Liquidatioun asw. ze dinn huet ageschriwwe ginn.
Jiddwer Persoun déi am Handelsregëster ageschriwwe gëtt, kritt eng eendeiteg alphanumeresch Identifikatiounsnummer déi aus engem eenzele Buschtaf an enger Zuel besteet. De Buschtaf seet aus, zu wat fir enger Kategorie d'Persoun gehéiert:
Sektioun | Kategorie | Beispill | |
---|---|---|---|
A | Geschäftsleit | A22345 | Ketty Maus |
B | Handelsgesellschaften an Assurance-Mutuellen | B4466 | Société Anonyme Paul Wurth |
C | Wirtschaftlech Interessevereenegungen | C24 | Luxembourg Business Registers |
D | Europäesch wirtschaftlech Interessevereenegungen | D91 | People Primetime Groupe |
E | Zivilgesellschaften | E1234 | City 1356 |
F | ASBLen | F11166 | Wikimedia Lëtzebuerg |
G | Stëftungen | G38 | Caritas Lëtzebuerg |
H | Landwirtschaftlech Associatiounen | H4 | Luxlait |
I | Associatioune fir Zousazpensiounen | I3 | Luxembourg Pension Fund |
J | Ëffentlech Etablissementer | J41 | Chambre de Commerce |
Den éischten Handelsregëster zu Lëtzebuerg gouf mam Gesetz vum 23. Dezember 1909 gegrënnt a bestoung vum 1. Januar 1910 un ënnert dem Numm Registre de commerce[3] oder Registre aux firmes[4]. Et gouf en eegene Regëster pro Bezierksgeriicht (Lëtzebuerg an Dikrech). Jiddwer Eenzelen a jiddwer moralesch Persoun déi Handel bedriwwen huet an all Handelsgesellschaft huet sech misse mam Numm, Virnumm, Uertschaft, Objet, asw. androe loossen.
De Regëster stoung ënnert der Autoritéit an der Opsiicht vum President vun Handelsgeriicht an de Preposé vum Regëster war de Greffier vum jeeweilege Bezierksgeriicht[4].
Den Handelsregëster bestoung am Fong aus dräi Deeler, an zwar aus:
1987 ass d'Bezeechnung « Registre aux firmes » duerch « Registre de commerce et des sociétés » ersat ginn[5].
D'Inscriptiounen aus dem analytesche Buch goufen tëscht 1996 an 2016 als Extrait am Mémorial C (Recueil des sociétés et associations) publizéiert.
Enn 2002 gouf d'Gesetz vun 1909 ofgeschaaft an duerch en neit ersat[2]. De Regëster steet vun elo un ënnert der Opsiicht vum Justizminister an d'Gestioun gëtt vun enger wirtschaftlecher Interessevereenegung ((fr)Groupement d'intérêt économique) iwwerholl, déi speziell fir dësen Zweck vum Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Handels- an Handwierkskummer gegrënnt gouf[6].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxembourg Business Registers.
Den 1. Juni 2016 gouf de Mémorial C (Recueil des sociétés et associations) ofgeschaaft an e gouf duerch de « Recueil électronique des sociétés et associations » (RESA) ersat[7].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.